Eltereforum: Staark Elteren – staark Kanner

Lancement vun den Eltereforen: Eng Plaz fir Informatioun, Austausch an Ënnerstëtzung

Den 8. Februar 2023 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, op enger Pressekonferenz a Clausen d’Eltereforen an d’Liewe geruff. E Service fir Elteren, deen hinne konkret Informatiounen, Rotschléi an Ënnerstëtzungen ubitt bei der Erzéiung, vun der Schwangerschaft bis zum jonken Erwuessenen. Mam Schafe vun den Elterefore komme mer enger grousser Demande no, wéi de Claude Meisch op der Pressekonferenz ënnerstrach huet:

„An enger Welt, déi ëmmer méi komplex gëtt, sinn d’Elteren oft op sech aleng gestallt, wann et ëm Erzéiungsfroe geet. D’Famill ass a bleift awer déi entscheedend Plaz, wann et ëm d’Wuelbefannen an d’Entwécklung vun de Kanner a Jonke geet. Dofir musse mir d’Elteren an d’Verantwortung huelen a si dobäi ënnerstëtzen, fir hirer Roll als Eltere kënne gerecht ze ginn.“

Eltereforen: Eng Plaz fir staark Elteren. Eng Plaz, fir sech ze begéinen.

Mat dem Service vun den Elterefore schafe mer Plazen, wou d’Eltere sech kënne begéinen, genee wéi Plattformen an Outilen, fir d’Elteren ze stäerken. An hirer Missioun, d’Elteren ze begleeden, konzentréieren sech d’Eltereforen op dräi grouss Achsen:

  • qualitativ héichwäerteg Informatiounen, déi groussflächeg verdeelt ginn an einfach accessibel si fir d’Elteren;
  • een Erfarungsaustausch tëscht den Elteren ënnert sech an een Echange tëscht den Elteren an de Professionellen iwwert déi wëssenschaftlech Erkenntnisser ronderëm d’Erzéiung;
  • eng kompetent Begleedung vun den Elteren an hirem Elteresinn, an dat adaptéiert un hir jeeweileg Liewenssituatiounen.

Uechter d’Land wäerte kontinuéierlech Strukturen an alle Regiounen opgoen.

Doniewent ginn dräi wichteg Outilen ugebueden:

  • d’Informatiounsplattform www.eltereforum.lu;
  • den Elterebréif, deen d’Elteren all zwee Méint iwwert een anert Thema informéiert, wéi zum Beispill den Ëmgang mat de Medien, dem Liese mat Kanner, Spill a Beweegung, Fräizäitgestaltung asw.;
  • den Elteremobil, souzesoen den Eltereforum op Rieder, deen den Elteren an allen Ecke vum Land zur Verfügung steet.

Eltereforen: Eng koordinéiert Offer am ganze Land

Lëtzebuerg ass dat eenzegt Land, dat eng begleedend Offer fir Elteren op nationalem Niveau ënnert der Koordinatioun vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend en place gesat huet.

Bei der Kreatioun an der Weiderentwécklung vun dëser qualitativ héichwäerteger Offer fir d’Elteren an alle Regioune schafft de Service Eltereforum enk mat den nationale Partner an Experten an dësem Domän zesummen.

Dernière mise à jour