De 16. Dezember 2024 huet de Minister fir Bildung, Kanner a Jugend, Claude Meisch, d’Prioritéite fir d’Jugendpolitik virgestallt.
„Jonker stinn haut viru perséinlechen Erausfuerderungen a verschiddenen Etappe vun hirem Liewen, wéi d’Auswiel vun enger Ausbildung, den Iwwergang an d’Beruffsliewen oder d’Sich no enger Wunneng“, huet de Minister Claude Meisch betount. „Dës Erausfuerderunge ginn duerch global a gesellschaftlech Verännerungen nach verstäerkt a beaflossen hir perséinlech Entwécklung, mee och hir Zukunft. Dofir ass et eng essentiel Missioun vun der Jugendpolitik, d’Jonker méi staark a resilient géigeniwwer den Erausfuerderunge vun der moderner Welt ze maachen.“
Geleet vum Motto Jonker staark maachen wäert de Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend zesumme mam Jugendsecteur d’Plazen, d’Offeren an d’Aktivitéite fir Jonker ausbauen.
Virun den Erausfuerderunge vun enger ëmmer méi digitaler Welt – besonnesch duerch déi vill Zäit, déi Jonker op hirem Smartphone an an de soziale Medie verbréngen – ass et wichteg, hinne Méiglechkeeten a Plazen ze bidden, déi d’Zesummeliewen an der realer Welt fërderen.
D’Jugendhaiser an d’Jugendorganisatioune bidden eng wichteg analog Alternativ zu der digitaler Welt vun deene Jonken. Si spillen eng zentral Roll an der Jugendaarbecht a schafen eng Plattform, wou déi Jonk sech entwéckele kënnen. Si bidden de Jonken eng Plaz, wou se sech kënne treffen, kreativ u Projete schaffen oder iwwer hir Suergen a Problemer schwätzen a Berodung ausserhalb vun der Schoul an der Famill kënne fannen. An dësem non-formelle Kader kënne Jonker praktesch, sozial a biergerschaftlech Kompetenzen entwéckelen – an engem Ëmfeld, dat un hir Besoinen ugepasst ass.
De Ministère wäert d’Jugendhaiser, ma och d’Jugendorganisatiounen am ganze Land weider stäerken, fir datt si hir Missioun vun der Offer vu kulturellen, sozialen a sportlechen Animatioune fir Jonker nach besser erfëlle kënnen. Dës Missioun entsprécht de Prinzippien aus dem Regierungsprogramm an der Initiativ Screen-Life-Balance.
D’Jonker an hir Besoine verstoen
Fir eng ugepassten a qualitativ héichwäerteg Jugendaarbecht, genee wéi eng ugepassten Offer, ass et wichteg, ze wëssen, wien déi Jonk vun haut sinn. Dofir publizéiert de Service national de la jeunesse (SNJ) all Joer de Jugendbarometer mam Titel Jonker zu Lëtzebuerg. Dëse bitt eng Iwwersiicht iwwer d’Situatioun vun de Jonken am Land a baséiert op Date vun Institutioune wéi der Uni Lëtzebuerg, dem Statec, dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend an der ADEM.
D’wëssenschaftlech Fuerschung iwwer d’Liewenssituatioun vun de Jonke bleift eng Prioritéit an der Jugendpolitik. Am Joer 2025 wäert den nächste Jugendbericht a Kollaboratioun mat der Uni Lëtzebuerg erauskommen an de Fokus op d’Digitalitéit leeën.
Eng nei Dynamik fir de Jugendsecteur
D’Jugendaarbecht huet als Zil, Jonker staark ze maachen. Staark Jonker si Jonker, déi sech wuel an hirer Haut spieren, selbststänneg sinn, verantwortungsbewosst handelen, kritesch denken, solidaresch sinn, hir Stäerkte kennen a kreativ sinn.
Fir d’Offere vun der Jugendaarbecht ze koordinéieren an Initiativen ze fërderen, sinn d’Zoustännegkeeten innerhalb vum Ministère fir de Jugendberäich ënnert dem SNJ regroupéiert ginn.
Déi lescht Méint huet de SNJ eng Rei Reuniounen an Entrevuë mat Acteuren aus dem Jugendsecteur organiséiert. D’Assises du secteur de la jeunesse waren eng Geleeënheet, fir en éischte Bilan ze zéien an déi nei Identitéit fir de Jugendsecteur virzestellen. Dës dréckt sech an aacht Aktiounsfelder aus:
- Plaz fir Jonker
- Eng Stëmm fir Jonker
- Brécke baue fir Jonker
- Jonker zesummebréngen
- Erfarunge fir Jonker
- Jonker encouragéieren
- Verantwortung fir Jonker
- Do si fir Jonker
Dës Axe bilde souwuel déi prioritär Handlungsfelder vun der Jugendpolitik ewéi och wat de Secteur de Jonke bidde kann.
E verstäerkten Dialog mam Jugendsecteur a mat deene Jonken
De Ministère wäert esou den Dialog mam Jugendsecteur weider ausbauen. Fir den Dialog méi dynamesch ze maachen, gëtt de Conseil supérieur de la jeunesse an de Comité de pilotage de la jeunesse nei strukturéiert. D’Assises du secteur de la jeunesse ginn ab elo all Joer zu engem feste Rendez-vous organiséiert.
Am Fréijoer 2025 wäerte bei véier regionalen Echangen och déi Jonk selwer d’Geleeënheet kréien, hir Meenung an Uspréch un d’Jugendpolitik ze riichten, dëst a Presenz vum Minister Claude Meisch.
Appel à projets Jugendwunnen, fir d’Wunnengsproblematik unzegoen
Déi schwiereg Situatioun um Wunnengsmaart ass besonnesch och fir Jonker eng grouss Erausfuerderung. De Moment ginn am Land circa 300 spezifesch Jugendwunnengen am Land ugebueden. Fir dem wuessende Besoin nozekommen, wäert de Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend zesumme mam Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung am Februar 2025 en neien Appel à projets starten. Dës Wunnengen, ënnert dem Label Jugendwunnen, riichte sech u Jonker tëscht 18 a 32 Joer, fir si an der Iwwergangsphas tëscht Ausbildung, Studium a Beruff besser ze ënnerstëtzen.