Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien : Investissementer an d’Qualifikatioune vu mar

Den 8. Mäerz 2022 gouf op enger Pressekonferenz vun der FEDIL, a Präsenz vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, a vum Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft, Georges Engel, d’Editioun 2022 vun der Etude  Les qualifications de demain dans le domaine des technologies de l'information et de la communication (TIC) virgestallt.

D’Vermëttele vun de Kompetenze vum 21. Joerhonnert vun der Grondschoul bis an d’berufflech Weiderbildung

De Minister Claude Meisch ass a senger Interventioun op déi aktuell Offer am Beräich vun den TIC op allen Niveaue vun der Éducation nationale agaangen, fir d’Kanner, déi Jonk an awer och déi Erwuessen op d’Kompetenze vum 21. Joerhonnert virzebereeden.

“Fir dem Defi vun der digitaler Transitioun gerecht ze ginn, setze mir d’Digitaliséierung an de Fokus vun der Initialausbildung an der Grondschoul,  am Lycée, an der Beruffsausbildung an an der berufflecher Weiderbildung.”, huet de Claude Meisch op der Pressekonferenz ënnerstrach.  

D’Initiativ ”einfach digital – Zukunftskompetenze fir staark Kanner gouf 2020 vum Educatiounsministere lancéiert fir de Kanner a Jonken e bessert Verständnes vun den digitale Medien ze vermëttelen an se fir an eng Gesellschaft an Aarbechtswelt fit ze maachen, déi vun der Vernetzung an Digitaliséierung gepräägt sinn. An deem Sënn gëtt zënter 2020-2021 am Fondamental schrëttweis d’Fach Coding an zënter der leschter Rentrée am Secondaire dat neit Fach Digital sciences als Pilotprojet an 18 Lycéeën agefouert.

Ënnerriichte vum Computational Thinking an der Grondschoul

An der Grondschoul gëtt Coding duerch spilleresch Aktivitéite vermëttelt, déi un de jeeweilege Cycle adaptéiert sinn. Mat der Rentrée 2020-2021 gouf Coding am Cycle 4.1 fir d’éischt am Mathematikunterrecht integréiert, zënter dësem Schouljoer gëtt en an de Cyclen 1-3 fächeriwwergräifend geléiert.

Duerch Coding léieren d’Kanner wéi ee komplex Problemer analyséiert a se schrëttweis léist, andeems een se an eng Serie méi einfach Problemer gliddert. Iwwer dee Wee léieren d’Kanner och Maschinnen ze verstoen a se spilleresch ze programméieren.

Donieft gëtt et de Medienkompass, e prakteschen Tool, deen d’Enseignanten dobäi ënnerstëtzt, d’Kanner an déi Jonk fir d’Notze vun den digitale Medie fächeriwwergräifend an alle Schoulfächer ze sensibiliséieren.   

Am Secondaire: Entwécklung vu Kompetenzen, déi an der digitaler Welt indispensabel sinn

Dat neit Fach Digital sciences knäppt un de Coding-Unterrecht am Fondamental un a bitt eng ëmfaassend digital Educatioun, déi Léier- an Innovatiounskompetenzen (kritescht Denken, Resolutioun vu komplexe Problemer, Kommunikatioun an Zesummenaarbecht, Kreativitéit an Innovatioun) a Kompetenzen am Beräich vun der Digital Literacy anenee vereent. All Joer gi vu 7e bis 5e sechs Themeschwéierpunkten am Fach Digital sciences behandelt a verdéift:

  1. Kommunikatioun mat Maschinnen a vu Maschinnen ënnereneen (Algorithmen)
  2. Risiken a kritesch Notzung vum Word Wide Web – Cybersécherheet
  3. Big Data – Computerdaten – Datebanken
  4. Programméieren – Computational Thinking – Gaming
  5. Robotik an hir Programméierung
  6. Kënschtlech Intelligenz

D’Sektioun I - Informatik a Kommunikatioun

2017 gouf d’Sektioun I - Informatik a Kommunikatioun a véier Lycéeën agefouert.

Spezialiséierung vun der Beruffsausbildung op Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien

Am Beräich vun der Formation professionnelle spillt dat Digitaalt eng ëmmer méi wichteg Roll. Nei Formatioune mam Fokus op dat Digitaalt gi geschafen an existent Formatioune ginn un déi digital Welt ugepasst.

e-commerce technicien : eng nei Formatioun zënter dësem Schouljoer

De Besoin u qualifizéiertem Personal am Beräich vum elektroneschen Handel ass an deene leschte Joren ëmmer méi grouss ginn. An deem Sënn gëtt zënter der leschter Rentrée d’Formatioun e-Commerce ugebueden, wou aktuell 46 Schüler ageschriwwe sinn. Uschléissend un dës Technikerformatioun hunn d’Schüler  nach d’Méiglechkeet, e BTS Commerce et Marketing maachen.

Aféiere vun digitale Contenuen an der Formation initiale an Adaptatioun vu Formatiounen

An der industrieller Formatioun a Mechatronik, Smart Technologies an an anere Beräicher gouf eng Incitatioun an d’automatesch Produktioun an an d’Energieeffizienz agefouert esou wéi och eng Incitatioun an KNX-Technologie. Weider gouf och de Carnet d’apprentissage numérique agefouert, fir d’Schüler an d’Apprentise mat den informateschen Outilen ze familiariséieren.

Donieft goufe besteeënd Formatiounen un d’Besoine vun der Digitaliséierung ugepasst, andeem d’Léierpläng ugepasst ginn: Déi fréier Elektrotechnik Formatioun gouf duerch ST Smart Technologies ofgeléist a bitt fënnef verschidde Spezialiséierungen an de Beräicher Infotronik, erneierbar Energien, Robotik an Automatiséierung, Smart Energy an E-Controls un. Ab dem September 2022 leeft déi nei Formatioun ET (electrotechnologies) um Niveau DAP un.

Moderniséierung vun der berufflecher Weiderbildung

Mam Digital Learning Hub (DLH), deen an den nächste Méint seng Dieren opmécht gëtt et  e weidert Element an der Weiderbildungsoffer vun der Formation professionnelle, fir qualifitzéiert Leit am IT-Beräich auszebilden.

Fir den Ufank gi véier Formatiounsentitéiten ugebueden: coding, design thinking, blockchain a cybersecurity. D’Formatioune si praxisorientéiert a fannen an engem modernen Ëmfeld statt, dat den Austausch tëschent den Aprenanten an den Experte favoriséiert.

Positiv Perspektiven um Aarbechtsmaart

De Minister Georges Engel huet sengersäits déi positiv Tendenzen um lëtzebuergeschen Aarbechtsmaart begréisst. De Chômagetaux ass aktuell op deem nidderegsten Niveau zanter 2009. Gläichzäiteg huet d’Zuel vun de fräie Plazen, déi bei der ADEM gemellt sinn, ee Rekordniveau erreecht.

Et ass virun allem am Beräich vun der Informatik wou d’Betriber aktuell op der Sich no qualifizéiertem Personal sinn. Dofir goufen och am Januar 186 fräi Plazen an dësem Beräich bei der ADEM gemellt. Dës Poste stelle méi wéi 10 % vun alle fräie Plazen, déi bei der ADEM gemellt sinn, duer.

D’Weiderbildung an de Mëttelpunkt stellen

De Minister huet ënnerstrach dass den Zougank zur Weiderbildung eng vun de Prioritéite wärend sengem Mandat wäert sinn. An deem Kontext huet hie präziséiert, dass de Wëlle vun de Salariéë fir nei Kompetenze wärend hirer ganzer Karriär ze léieren, immens wichteg ass fir den Erausfuerderunge vun der Digitalisatioun entgéintzewierken. Fir de Minister ass et kloer, dass duerch d’Digitalisatioun Beruffer verschwanne wäerten, mä dass nei Beruffer d’Aarbechtswelt och verännere wäerten.

D’ADEM als wichtegen Acteur am Beräich vun der Formatioun

Am Kontext vun der Formatioun vun de Leit, déi op der Sich no enger Aarbecht sinn, huet de Georges Engel d’Wichtegkeet vun der ADEM ënnerstrach. Schonn haut bitt d’ADEM vill Formatiounen am informatesche Beräich un, déi wäit iwwer Basisformatiounen erausginn a sech éischter un all Kompetenzniveaue riichten.

Talenter unzéie wann et néideg ass

De Georges Engel huet och drun erënnert, dass d’Méiglechkeeten zu Lëtzebuerg limitéiert sinn. Dofir misst et zu Lëtzebuerg ëmmer méiglech si fir héichqualifizéiert Mataarbechter a spezialiséierte Beräicher unzezéien.

Aktualiséiert