Konferenz EduTrends: Skills 2030 – d’Beruffsausbildung vu muer

Technologesch Entwécklungen, een dynamesche Wirtschaftsmodell an nei Aarbechtsforme stellen eis viru vill Erausfuerderungen, bidden awer och vill Chancen. Elo gëllt et, déi néideg Kompetenzen (Skills) ze entwéckelen an ze stäerken.

De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend invitéiert op déi drëtt Editioun vun der Konferenz EduTrends ënnert dem Motto Skills 2030 – d’Beruffsausbildung vu muer, den 18. a 19. Juni 2025.

Wärend deenen zwee Deeg hutt Dir d’Méiglechkeet, duerch Keynote-Speeches a Workshoppen méi iwwer déi nächst Trends an der Beruffsausbildung an an der Weiderbildung gewuer ze ginn.

E Mëttwoch, den 18. Juni, kënnt Dir un der Keynote Speech „Tradition trifft Transformation” vum Moritz Ettl, Grënner a Managing Director vu Forever Day One, an un Impulsreferater deelhuelen.

En Donneschdeg, den 19. Juni, kënnt Dir Iech moies an Atelieren aschreiwen.

Wéini a wou?

Den 1. Dag vun der Konferenz ass e Mëttwoch, den 18. Juni (17:30-19:30 Auer) am Kinepolis um Kierchbierg, (45, av. John F. Kennedy; L-1855 Luxembourg-Kirchberg).

Den 2. Dag ass en Donneschdeg, de 19. Juni 2025 (9:00-12:15 Auer) am Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN) am Gebäi 6 zu Wallëfer (Site edupôle ; route de Diekirch ; L-7220 Walferdange).

Sproochen

D'Konferenz ass op Lëtzebuergesch an Däitsch. Den 1. Dag gëtt et eng Simultaniwwersetzung op Franséisch.

Umeldungen

Dëst Evenement kann iwwert den Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN) als Formation continue certifiéiert ginn.

Weider Informatiounen an d’Méiglechkeet sech anzeschreiwen fannt Dir op:

www.edutrends.lu

 

Dernière mise à jour