Zanter e puer Joer engagéiert de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend sech fir d’Entwécklung vun den digitale Kompetenzen an der Schoul, ë. a. mat der Aféierung vum Coding-Cours an der Grondschoul an dem Cours Digital sciences am Enseignement secondaire. Parallel dozou féiert de Ministère Sensibiliséierungsaktiounen iwwer d’Risiken am Zesummenhang mat engem exzessive Gebrauch vun Ecranen duerch, am Kader vun der Campagne Screen-Life-Balance.
D’Kënschtlech Intelligenz (KI) ass mëttlerweil en onverzichtbare Bestanddeel vun eiser Gesellschaft, an domat och vum Educatiounssystem. Hir schnell Entwécklung bréngt Chancen, mee och grouss Erausfuerderunge mat sech. D’KI – besonnesch déi generativ KI – verlaangt, datt kloer tëschent mënschlechen a maschinelle Fäegkeete muss ënnerscheet ginn an erfuerdert eng kloer a strukturéiert Äntwert vum Educatiounssystem.
Fir dëser Erausfuerderung gerecht ze ginn, huet de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend eng Propos fir e strategesche Kader fir e verantwortungsbewossten Asaz vun der KI an der Schoul ausgeschafft: de KI Kompass. Dëse Kader gëtt ergänzt duerch eng Plattform fir d’Léierpersonal, d’Schouldirektiounen an d’Schüler. Dës Plattform bitt ënner anerem e sécheren a gratis Zougang zu KI-Instrumenter, déi vum Ministère validéiert an zur Verfügung gestallt ginn.
Bei der Presentatioun vum KI Kompass de 6. Oktober 2025 huet de Minister Claude Meisch ënnerstrach: „D’KI ass eng Realitéit an eise Schoulen, mee si bréngt Erausfuerderungen op verschiddenen Niveaue mat sech. De KI Kompass wäert eng wäertvoll Orientatioun bidden, fir ze weisen, wéi d’KI d’Schoul verbessere kann. Mee fir déi Jonk op d’Erausfuerderunge vun der Welt vun haut virzebereeden, musse mir als éischt d’mënschlech Kompetenze vun de Schüler entwéckelen, éier si léieren, d’KI ze verstoen an, spéider, se richteg anzesetzen.“
Hin zu engem gemeinsame Verständnes vu Chancen a Risiken
D’KI bitt reell Chancë fir d’Schoul. Si hëlleft den Enseignanten, d’Schüler besser an hirem Léierprozess ze begleeden. Andeems d’KI d’Enseignantë bei der Virbereedung vun de Coursen ënnerstëtzt, gëtt si hinne méi Zäit, fir sech direkt hire Schüler kënne ze widmen. Zousätzlech bitt d’KI den Enseignanten zousätzlech Ressourcen, déi si kënne fir e méi differenzéierten Unterrecht asetzen, fir esou besser op déi individuell Besoine vun de Schüler anzegoen.
Mee d’KI bréngt och Risike mat sech. Déi gréisste Gefor ass d’kognitiv Externaliséierung: Wann d’Schüler sech dru winnen, d’Recherche, d’Schreiwen oder d’Léise vu Problemer ze séier un d’Maschinnen auszelageren, riskéieren hir eege Fäegkeeten ze verkëmmeren. Zousätzlech besteet d’Gefor, datt d’kritescht Denke vun de Schüler ofhëlt a si Feeler oder Desinformatioun ausgesat sinn. E weideren Defi ass den Dateschutz.
„De Mënsch virun der KI“
Géintiwwer deene groussen Erausfuerderunge muss d’Schoul anengems déi grondleeënd mënschlech Kompetenzen (Liesen, kritescht Denken, Zesummenaarbecht, sozial an emotional Intelligenz) erhalen a Schüler forméieren, d’KI intelligent, mat kriteschem Geescht a kontrolléiert asetzen.
Fir datt d’Schoul dës Missioun kann erfëllen, berout de strategesche Kader um Prinzip „De Mënsch virun der KI“. De Kader gesäit eng progressiv Integratioun vun der KI an den Enseignement vir, a Funktioun vum Alter an der digitaler Maturitéit vun de Schüler.
Eng Approche op dräi Niveauen
D’Schüler musse fir d‘éischt léieren, selwer ze denken, duerno d’KI ze verstoen an zum Schluss d’KI op eng responsabel, kritesch a kreativ Manéier unzewenden. De strategesche Kader gesäit deemno eng progressiv Integratioun vun der KI an den Enseignement vir, a Funktioun vum Alter an der digitaler Maturitéit vun de Schüler:
Léieren ouni KI: An der Grondschoul bleift d’Entwécklung vun de grondleeënde mënschleche Kompetenzen (Liesen, Schreiwen, Rechnen, sech mëndlech ausdrécke kënnen, sozial Zesummenaarbecht, Virwëtz an Autonomie am Léieren) d’Prioritéit. KI gräift net direkt an d’Léierprozesser an.
Léieren iwwer KI: An den ënneschte Klassen am Secondaire léieren d’Schüler d’Funktiounsweis vu KI‑Systemer kennen, ginn op hir Limitten a Verzerrungen opmierksam gemaach a setzen sech mat etheschen a soziale Froen auserneen. Dat geschitt virun allem am Cours Digital sciences.
Léiere mat KI: An den ieweschte Klassen am Secondaire léieren d’Schüler d’KI ëmmer méi autonom, kritesch am transparent als richtegt Léier- a Kreatiounsinstrument ze benotzen (z. B. fir d’Recherche, d’multimedial Kreatioun, asw.).
E strategesche Kader, deen an d’Consultatioun mat de Schoulpartner geet
D’Propos vum strategesche Kader gouf vum Ministère op der Grondlag vun de Schlussfollgerunge vun enger Ëmfro bei 4 000 Schüler an 200 Enseignanten ausgeschafft. De Kader beschreift d’Chancen an d’Risike vun der KI am schoulesche Kontext a schléit konkret Moossname fir eng progressiv Integratioun vun der KI an der Schoul a kloer Reegele fir de Schoulgebrauch vir. An engems garantéiert en, datt déi pedagogesch Finalitéiten an d’mënschlech Wäerter dës Integratioun weiderhi bestëmmen.
De Kader definéiert och d’Kompetenzen, déi Schüler wärend hirer Schoulzäit sollen entwéckelen, fir kompetent KI-Benotzer ze ginn.
De strategesche Kader gëtt mat de Schoulpartner diskutéiert, fir hir Meenungen anzehuelen an en duerch d’Erfarungen an de Schoulen ze completéieren. Concertatiounsreunioune sinn ënner anerem geplangt mam Collège des directeurs de l’enseignement fondamental, mam Collège des directeurs de l’enseignement secondaire, mam Collège des directeurs des centres de compétences, mam Conseil supérieur de l’Éducation nationale, mat den Enseignantsgewerkschaften, mat der Conférence nationale des élèves du Luxembourg an der nationaler Elterevertriedung. Dës Consultatioune ginn am Dezember 2025 ofgeschloss.
Eng adaptéiert Versioun vum strategesche Kader souwéi e Katalog vu Richtlinne fir den Asaz vun der KI an der Klass ginn am Januar 2026 finaliséiert. Si ginn dem Léierpersonal bei enger Konferenz presentéiert, déi och am Januar 2026 ofgehale gëtt.
ki-kompass.lu : Eng Plattform mat KI-Tools fir e sécheren Asaz an der Schoul
D’KI ass scho Realitéit an de Schoulen, dowéinst ass et wichteg, datt d’Schouldirektiounen, d’Léierpersonal an an enger zweeter Phas och d’Schüler beim adequaten Asaz vun der KI begleet ginn. Dofir huet de Ministère d’Plattform KI Kompass entwéckelt, déi ënner anerem KI-Instrumenter fir de schoulesche Gebrauch bitt, eng breet Offer vu Formatiounen an e Service fir d’Ënnerstëtzung am KI-Beräich.
D’Plattform besteet aus véier Voleten:
Strategie: Grondprinzippie vum strategesche Kader fir d’Integratioun an den Encadrement vun der KI an der Schoul, allgemeng Reegele fir en transparente Gebrauch vun der KI am schoulesche Kontext.
Sécheren a gratis Zougang zu validéierte KI-Instrumenter: Nieft Beispiller fir de pedagogesche Gebrauch oder och weidere pedagogesche Ressourcë stellt de Ministère KI-Instrumenter fir de schoulesche Gebrauch zur Verfügung. Um Ufank bitt d’Plattform dräi Instrumenter un, dono gëtt hir Offer no an no ausgebaut.
Weiderbildung a fachlechen Austausch: D’Offere vum Institut de formation de l’Éducation nationale riichten sech un d’Schouldirektiounen an un d’Enseignanten (iwwer 80 Formatiounsmodüllen, thematesch Parcoursen, Formatiounen op Mooss fir Schoulen, asw.). E spezielle Fokus gëtt op d’Communities of practice geluecht. Dat sinn intern Netzwierker, an deenen d’Enseignantë vun enger Schoul hir Erfarungen austauschen an zesumme pedagogesch Léisungen entwéckelen.
Service fir d’Ënnerstëtzung am KI-Beräich: D’Méiglechkeet, spezifesch Froe per Telefon oder E-Mail ze stellen, Formatiounsbesoinen ze signaliséieren, e KI-Instrument virzeschloen oder Feedback zu der KI-Erfarung ze ginn.
Mat dësem strategesche Kader definéiert de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend d’Grondlage fir eng verantwortlech Integratioun vun der KI an der Schoul. D’Zil ass de Schüler d’Méiglechkeet ze ginn, d’Instrumenter vum 21. Joerhonnert ze beherrschen, a Bierger auszebilden, déi dës Instrumenter intelligent a verantwortungsbewosst kënnen asetzen.
Méi Informatioun ënner: www.ki-kompass.lu