Dräi Organisatiounsmodeller fir deeglech Sport- a Beweegungsaktivitéiten an de Maisons Relais

Am Kader vun der Campagne Screen-Life-Balance fërdert de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend e gesonden Ausgläich tëscht der Notzung vun Ecranen an der reeller Welt fir Kanner a Jugendlecher a setzt op d’Promotioun vu kierperlechen a sportlechen Aktivitéiten.

Am Kontext vun der Omnipresenz vun Ecranen ass Beweegung essenziell a suergt fir e wichtegen Ausgläich am Alldag vun de Kanner. Sie  stäerkt och déi sozial Interaktioun an d’ Entwécklung vu wichtege Kompetenzen.

Dofir huet de Ministère all Bildungs- a Betreiungsstrukturen opgefuerdert, ab der Rentrée 2025/2026 fir d’Kanner aus der Grondschoul zwou Aktivitéite pro Dag am Beräich Sport, Motorik a Beweegung unzebidden. D’Aktivitéite kënnen a Partnerschaft mat lokale Sportsveräiner oder der Ligue des associations sportives de l’enseignement primaire (LASEP) organiséiert ginn, och wärend de Schoulvakanzen.

Zesumme fir méi Beweegung

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, ënnersträicht d’Virdeeler vu kierperlechen Aktivitéiten an de Maisons Relais: „Sport a Beweegung deet eise Kanner gutt a kann op verschidde Manéiere gefërdert ginn. Zesumme mat de Gemengen, der LASEP an de lokale Veräiner, kënnen och d’Schoul an d’Maison relais zu engem gesonde mentalen a kierperlechen Gläichgewiicht bäidroen an déi dacks passiv Zäit vun eise Kanner virum Ecran kompenséieren.“

Den 28. Mee, den 2. an den 3. Juni 2025 huet de Minister dräi Strukture besicht, déi ee vun deenen dräi Modeller vun Organisatioun och elo schonn erfollegräich ëmsetzen.

Aktiv Wooltz, eng Initiativ vun der Gemeng Wolz a Kannerhaus Wooltz a.s.b.l., gëtt vun de der Maison Relais ëmgesat. D’Aktivitéiten si net kompetitiv a solle Freed u Beweegung erwächen an d’Motorik stäerken.

Multisport Mondercange gëtt zesumme mat ville lokale Veräiner organiséiert a bitt eng breet Pallette u net-kompetitive sportlechen Aktivitéiten. Dëst verbënnt psychomotoresch Entwécklung, d’Entdecke vu verschiddene Sportaarten a stäerkt zugläich dat lokaalt Sportsliewen.

Zu Bissen schafft d’Maison Relais „Un der Atert” mat der LASEP zesummen, fir sportlech Aktivitéiten an den Alldag vun de Kanner z’integréieren. Dës Approche erlaabt villfälteg motoresch a kierperlech Erfarungen a bréngt de Kanner op spilleresch Aart de Sport méi no.

Dës dräi Beispiller illustréieren de gemeinsamen Engagement vum Ministère an den Educatiouns- a Betreiungsstrukturen, fir Beweegung als Pilier vum Wuelbefannen ze verankeren an d’Entwécklung vum Kand – kognitiv, emotional a sozial – an enger ëmmer méi digitaliséierter Welt ze fërderen.

 

  1. Zesumme fir méi Bewegung: D'Campagne „Screen-Life-Balance” setzt op d’Promotioun vu kierperlechen a sportlechen Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher
  2. Lokal Initiativen an de Bildungs- a Betreiungsstrukture sollen d’Bewegung als Pilier vum Wuelbefanne vun de Kanner verankeren
  3. De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch (3.v.l.) bei senger Visite vun der Initiative "Aktiv Wooltz" zu Wolz
  4. Lokal Initiativen an de Bildungs- a Betreiungsstrukture sollen d’Bewegung als Pilier vum Wuelbefanne vun de Kanner verankeren
  5. Zesumme fir méi Bewegung: D'Campagne „Screen-Life-Balance” setzt op d’Promotioun vu kierperlechen a sportlechen Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher

 

 

Aktualiséiert