Kanner- a Familljenhëllef : e breede Consultatiounsprozess fir en nationale Qualitéitskader

Den 10. November 2020 war de Startschoss vun engem breet ugeluechte Consultatiounsprozess fir d’Ausschaffe vun engem gemeinsame Referenzkader fir de ganze Secteur vun der Aide à l’enfance et à la famille (AEF).

An der Kanner- a Familljenhëllef kritt all Kand a Jonke bis 27 Joer déi néideg Hëllef an Ënnerstëtzung ugebueden, deen enger Menace a senger physescher, psychescher, mentaler oder sozialer Entwécklung ënnerläit, deen enger physescher oder moralescher Gefor ausgesat ass oder riskéiert, Affer vu sozialer Exklusioun ze ginn.

D’Erausfuerderung am soziale Secteur ass et, sech ëmmer erëm un déi gesellschaftlech Entwécklung an un déi domat verbonnen Defien unzepassen. Och d’Kanner- an d’Familljenhëllef ass iwwert d’Jore gewuess, doduerch datt reegelméisseg nei Projeten an Hëllefsmesuren an d’Liewe geruff ginn.

En nationale Referenzkader soll déi ganz Panoplie u Mesurë kadréieren an d’Qualitéit am Secteur sécherstellen. E kann als Analogie zum nationale Referenzkader fir déi non-formal Bildung ugesi ginn, an deem zënter 2018 déi allgemeng Zilsetzungen a pedagogesch Prinzippie beschriwwe sinn, déi d’Crèchen, d’Maison-relaisen an d’Dageselteren zu Gonschte vun de Kanner mussen ëmsetzen.

Eng participativ Approche ënnert dem Numm “Social Lab”

Déi laangjäreg ugesammelt Erfarungen a Wëssensbestänn sollen d’Source fir d’Ausschaffe vum Referenzkader fir den AEF-Secteur sinn, sou datt an den nächste Méint verschidden Aktivitéiten ënnert dem Numm “Social Lab” stattfanne wäerten, déi all Partie Prenante aus dem Secteur AEF – vum Beneficiaire iwwert d’Fleegefamilljen, de Professionellen aus dem edukative wéi och aus dem Gesondheetsberäich, den Direkteren, den administrative Servicer, de Partner aus dem Schoulwiesen, der Justiz an der Santé bis hin zu de verschiddene Ministèren – an enger participativer Approche usichen an aktiv matschaffe loossen.

“Et ass wichteg, datt mir all d’Acteure consultéieren, déi an der AEF aktiv sinn. Et ass awer och wichteg, datt mir d’Stëmm an d’Iddie vun den Beneficiairen, déi an enger Hëllefsmesure vun der AEF sinn oder waren, net vergiessen,” huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, bei der Begréissung betount.

Schonn iwwert 500 perséinlech Contributiounen

Opgrond vun der aktueller sanitärer Kris an den domat verbonnene Restriktiounen, huet de Kick-Off vum Consultatiounsprozess a Form vun engem Webinaire stattfonnt. Net manner ewéi 90 Leit aus ënnerschiddlechen Aarbechtsfelder vum AEF-Beräich hu wärend 2,5 Stonne méi wéi 500 perséinlech Contributiounen apportéiert, dorënner ganz vill Iddien, Kommentaren, Kriticken, Stäerkten, Schwächten, esou wéi konkret Verbesserungsvirschléi a Visioune fir d’Zukunft vun der Kanner- a Familljenhëllef an dem Jugendschutz.

Trotz dem Ausbleiwe vun der eigentlech geplangter Presenzveranstaltung, ass den Event e Succès gewiescht. Déi vill wäertvoll Aussoe weisen d’Bereetschaft an d’Expertis am Sozialwiese fir Verännerungen an Innovatiounen do, wou se sënnvoll an noutwendeg sinn. Si guidéieren déi véierkäppeg Equipe vum “Social Lab”, déi de gesamte Consultatiounsprozess koordinéiert, an hiren nächste Schrëtt. Et geet elo drëm, geziilt vereenzelt Theemen opzegräifen an zesumme mat de concernéierten Acteuren ze analyséieren, a wéiwäit an ënnert wéi enger Form dës an de Referenzkader afléisse mussen.

Déi genannten Theeme reechen an de grousse Linne vun der Participatioun vun de Beneficiairen, iwwert eng intensiv, systematesch a flächendeckend Preventioun an eng méi staark Visibilitéit vum Secteur AEF, den Developpement vum Transitiounsmanagement, der Promotioun vun der Transparenz am Secteur, d’Intensivéierung vun der Elterenaarbecht, d’Verbesserung vun de Qualifikatiounsweeër puncto initial Ausbildung a Weiderbildung bis hin zum Ausbau vun der Vernetzung an d’Optimiséierung vun de Schnëttstellen ewéi z. B. mam Justizapparat, dem Schoulwiesen an der Jugendpsychiatrie.

De Consultatiounsprozess “Social Lab” gëtt vum Minstère, an Zesummenaarbecht mat der ANCES (Association nationale des communautés éducatives et sociales) an der FEDAS (Fédération d’organismes du secteur social) organiséiert. E verleeft iwwert e ganzt Joer a wäert an nächster Zukunft och iwwert eng participativ Online-Plattform animéiert ginn.

 

Vidéo : Kick-off Webinaire "Social Lab" (10.11.2020)

 

Dernière mise à jour