Demokratie an der Schoul liewen heescht alle Bildungspartner eng Stëmm ginn

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet den 18. Oktober 2022 op enger Pressekonferenz a Clausen eng ganz Rei u Mesurë virgestallt, duerch déi d’Participatioun vun den Elteren an de Schüler als gläichwäerteg Bildungspartner promouvéiert gëtt:

“Participatioun huet an der Bildung zu Lëtzebuerg hir Plaz fonnt a soll och weiderhin aktiv promovéiert ginn: sief et bei Projeten um Niveau vun de Klassen, vun de Schoulen, an der non‑formaler Bildung, awer och um nationale Plang. Gutt Bildung fir jidderee kann ee just erreechen, wann ee staark Bildungspartner huet a wann all Partner eng Stëmm huet”, huet de Claude Meisch op der Pressekonferenz ënnerstrach.

D’Participatioun vun de Schüler: fir datt aus staarke Jonke staark Erwuessener ginn

Wa mer d’Kanner an déi Jonk zu responsabelen an demokratesche Bierger wëllen erzéien, muss  d’Participatioun an der Schoul och aktiv gefërdert ginn.

An deem Sënn fënnt vum 24. bis den 28. Oktober 2022 an de Lycéeën, an Zesummenaarbecht mam Zentrum fir politesch Bildung (ZpB), dem CePAS an der CNEL, déi éischt Woch vun der Demokratie a Citoyennetéit statt. Am Kader vun dëser Woch ginn och all zwee Joer d’Wale vun de Schülercomitéen an alle Lycéeë landeswäit ofgehalen, wou ronn 40.000 Schüler hir Stëmm kënnen ofginn.

En neit Reglement, dat um Instanzewee ass, schaaft fir d’Schülercomitéë méi favorabel Konditioune fir d’Ausübung vun hirer Funktioun a stäerkt hir Autonomie: D’Membere kréien eng spezifesch Formatioun, eng Begleedung, déi un hir Besoinen ugepasst ass, an en eegene Budget.  

Donieft gëtt et d’Intentioun, datt all Lycée sech soll eng Démarche participation ginn an d’Schüler als kompetent Acteuren an der Schoul ugesi ginn.

D’Elteren, e staarke Partner vun der Schoul

Duerch hire perséinlechen Engagement droen d’Eltere mat hiren Iddien, hirer Experienz an hire Kompetenzen zum gudde Fonctionnement vun de Schoule bäi a reegen d’Reflexioune ronderëm de Schoulsystem un.

D’Eltere kënnen sech op verschiddenen Niveauen engagéieren, sief et lokal, sektoriell oder national. An deem Sënn sinn an den nächste Méint eng ganz Partie Wale vun Elterevertrieder. Den Ufank maachen am Hierscht d’Wale vun de lokalen Elterevertrieder, wou Elteren, déi e Kand an der Grondschoul, am Lycée oder an engem Centre de compétences hunn, kënne kandidéieren.

D’gewielte Vertrieder op lokalem Niveau hunn Ufank 2023 d’Méiglechkeet, als sektorielle Vertrieder ze kandidéieren. De Schluss maachen am Februar 2023 d’Wale vun der nationaler Elterevertriedung. Déi national Representante sinn e wichtegen Interlocuteur vum Ministère, vun der Regierung an den Experten aus dem Bildungssystem a ginn hiren Avis zu Froen, Gesetzesprojeten a pedagogesche Projeten, déi den Uleies vun den Elteren an de Schüler betreffen.          

D’Zesummenaarbecht vun alle Schoulpartner ass eng Kultur, déi an eise Schoulen amgaangen ass ze entstoen. Mee déi een och aktiv muss fërderen an zouloossen, da féiert se net nëmmen zu engem gudde Schoulklima, mee dréit och zum Wuelbefannen an zur schoulescher Reussite vun de Kanner an de Jonke bäi.

 

(de g. à dr.)Alain Massen, président sortant de la représentation nationale des parents d’élèves ; Dany Semedo, vice-président de la Conférence nationale des élèves (CNEL) ; Claude Meisch, ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

Dernière mise à jour