BNE Days 2026

D’'BNE Days' gi vum 16. bis den 20. Mäerz 2026 organiséiert.

Si gi vum SCRIPT, an Zesummenaarbecht  mam Ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité, dem Ministère des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et du Commerce extérieur (Direction de la coopération au développement et de l’action humanitaire), dem Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN) an dem Service national de la jeunesse (SNJ) op d’Bee gestallt.

D’Konzept vun de 'BNE Days' berout op dräi Pilieren:

  • Um 'BNE Networking' (fréier 'BNE Foire') kann een sech op iwwer 65 interaktive Stänn vun de pädagogeschen Offere vun ONGen, Administratiounen an aneren edukative Strukturen inspiréiere loossen a sech mat den Acteuren zu de verschiddensten BNE-Themen austauschen. De 'BNE Networking' fënnt den 19. Mäerz 2026 vun 9:00 bis 14:30 Auer am Forum Geesseknäppche statt.

  • Mam 'BNE Training' kréien Enseignanten/Enseignanteën an Educateuren/Educatricen d’Geleeënheet, sech iwwer dat ganzt Schouljoer an den ënnerschiddlechste Beräicher vun der BNE weiderzebilden. Nei Inhalter a Formater suerge fir déi néideg Attraktivitéit. Niewent Seminairen an engem Ciné-débat, kann een z.B. den 19. Mäerz 2026 tëschent 13:00 an 18:30 Auer un der éischter 'Marche pédagogique' am Beräich vun der BNE deelhuelen. Nei sinn och Hospitatiounen fir Enseignanten an Educateuren zu de verschiddensten Themen aus der BNE. All ugebuede Formater gi vum IFEN als formation continue zertifiéiert.

  • Am Kader vun der 'BNE Youth-Woch' vum 16. bis den 20. Mäerz 2026 stelle mir déi ënnerschiddlechst Projeten an Aktivitéiten aus dem formellen an non-formelle Kanner- a Jugendberäich an de Vierdergrond. Niewent Workshops, Visitten an Expoe stinn och Rallyen an Escape Games fir Kanner a Jugendlecher um Programm - an dëst am ganze Land, esou datt all Schoul, Maison Relais oder Jugendhaus interessant a motivéierend Angeboter aus den ënnerschiddlechsten Themefelder vun der BNE an direkter Ëmgéigend fanne kann.

Maacht mat bei dëser Woch voller Austauschmomenter, Inspiratiouns- a Partizipatiounsméiglechkeeten!

Den detailléierte Programm grad esou wéi déi néideg Informatiounen zu den Aschreiwunge fir d’'BNE Days' fannt Dir ënnen op der Säit am Programmheft an op www.bne.lu.

Dernière mise à jour