Zesumme fir d’Lëtzebuerger Sprooch: D’Regierung huet mam neien Aktiounsplang e weidere Mesurëpak ugeholl

De 14. Dezember huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch zesumme mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch den Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch virgestallt, deen op dësem Dag vum Regierungsrot ugeholl gouf.

Den Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch besteet aus engem Pak vu 50 konkreete Mesurë fir d’Promotioun, d’Weiderentwécklung an d’Festege vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet de laangfristegen Engagement vun dësem Plang ënnerstrach: « Den Aktiounsplang festegt nach eemol d’Roll vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Gesellschaft. Mir suergen dofir, datt se verstäerkt enseignéiert, gefërdert a weiderentwéckelt gëtt. D’Regierung erneiert heimat hiren Engagement fir d’Sprooch a setzt d’Weichen, fir d’Promotioun vum Lëtzebuergeschen och an Zukunft weiderzedreiwen. »

Den Aktiounsplang baséiert op den Erfarunge mat der Ëmsetzung vun der Strategie fir d’Promotioun vum Lëtzebuergeschen, déi d’Regierung 2017 decidéiert hat, mat 40 Mesuren, déi quasi all ëmgesat goufen.

Den Aktiounsplang, deen elo lancéiert gëtt, bezitt sech op d’Propositiounen aus de Sproocheronnen mat de Bierger. Am Summer 2022 war de Minister Claude Meisch, dee fir d’Lëtzebuerger Sprooch zoustänneg ass, op fënnef Plazen am Land an huet mat de Bierger an och mat Schüler doriwwer geschwat, u wat et nach feelt, fir dem Lëtzebuergeschen déi richteg Plaz an eiser Gesellschaft ze ginn.

Donieft fléissen an den neie Mesurëpak och d’Proposen an d’Constate vu Vertrieder aus verschiddene Ministèren an Experten an.

Den Aktiounsplang gouf der Regierung vum Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch proposéiert, deen elo zoustänneg ass, fir mat de ministeriellen Departementer ze kucken, wéi a wéini déi 50 Mesuren aus deem Plang kënnen ëmgesat ginn. De Commissaire mécht no 5 Joer e Bilan vun der Realisatioun vun de Mesuren a proposéiert der Regierung déi eventuell néideg Ajustementer.

Den Aktiounsplang definéiert Mesuren an dräi weesentleche Beräicher:

Lëtzebuergesch léiere fir jiddereen

Jiddereen, dee Lëtzebuergesch léiert, ob Kanner an der Crèche, Schülerinnen a Schüler an eise Grondschoulen, Lycéeën oder ëffentlechen internationale Schoulen ass drop ugewisen, datt net nëmmen am Unterrecht, mee och dobausse Lëtzebuergesch geschwat gëtt. Dofir brauche mer didaktescht Material, Bicher an dem Alter ugepasste Lies- oder Virliestexter, mee och audiovisuell Produktiounen, déi de Gewunnechte vun der haiteger Welt ugepasst sinn.

Jugendlecher an hir Eltere brauchen Informatiounen doriwwer, datt Lëtzebuergesch net nëmme wichteg ass fir dat alldeeglecht Liewen, mee datt et gutt Perspektive ginn domadder fir e Studium a fir e Beruff.

Fir Erwuessener ass et op der neier Internetplattform www.llo.lu méiglech, selwer kënne Lëtzebuergesch ze léieren. Lëtzebuergesch als Friemsprooch soll mam sougenannte Blended learning ugebuede ginn, also Coursë plus Léieren iwwer Internet; dat mécht et méi liicht, Aarbecht a Lëtzebuergeschléieren ënnert een Hutt ze bréngen a genuch Lëtzebuergesch ze léieren, fir an der Beruffswelt ze bestoen.

Visibilitéit vum Lëtzebuergeschen

Lëtzebuergesch soll hei am Land, mee och doriwwer eraus, eng besser Visibilitéit kréien.

www.lux.lu ass eng zentral Plaz fir all Informatiounen iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch. Doriwwer eraus mécht 2023 eng mobil Ausstellung op iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch an iwwer d’Sproochen zu Lëtzebuerg, an där et drëm geet ze erklären, wéi Lëtzebuergesch sech entwéckelt huet a wéi eng Roll de Multilinguismus am Alldag zu Lëtzebuerg spillt. Mat esou enger Ausstellung sollen déi Theemen och an de Grondschoule behandelt ginn.

Lëtzebuergesch soll present sinn an de politeschen Diskussiounen hei am Land. Op Decisioun vun der Regierung gëtt den Dossier vun der Unerkennung vum Lëtzebuergeschen op europäeschem Niveau virugedriwwen, a Lëtzebuergesch soll och bei der Unesco als eegestänneg Sprooch zielen.

An den Zeitunge misste méi Artikelen op Lëtzebuergesch stoen an de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen op Radio an Tëlee verbessert ginn. An deem Kontext bitt den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch Formatiounen un.

Um lokalen Niveau soll de Kontakt tëscht Mammesproochler a Leit, déi Lëtzebuergesch léieren, gefërdert ginn. An de Beräicher vu Santé a Sécurité sociale ass e Médiateur linguistique virgesinn, fir de sproochlechen Austausch ze erliichteren.

All Bicher, déi op Lëtzebuergesch publizéiert ginn, sollen digital erhale bleiwen, wa se net méi am Verkaf sinn. Buchbespriechungen an der Press solle gesammelt an op Internet publizéiert ginn, esou datt den interesséierte Lieser en Iwwerbléck kritt.

Lëtzebuergesch virundreiwen

Lëtzebuergesch bleift net stoen, mee et entwéckelt sech virun a soll och weider vermëttelt an erfuerscht ginn.

Fir de Lëtzebuerger Online Dictionnaire LoD wäerte kloer Reegelen a Prozedure gëlle fir nei Wierder, déi do dran opgeholl ginn. Fir spezialiséiert Beruffs- an aner Beräicher gi Glossairen ausgeschafft a publizéiert, esou wéi elo schonns dee fir medezinesch Termen op med.lod.lu. Déi elektronesch Hëllefsmëttelen, Spellchecker, automatesch Iwwersetzungen a Sproocherkennung, also Speech-to-text, gi virun entwéckelt.

Et gëtt ëmmer méi iwwersat an d’Lëtzebuergescht, mee och aus dem Lëtzebuergeschen an aner Sproochen. Dofir brauch et eng Formatioun fir Iwwersetzer mat der Spezialisatioun Lëtzebuergesch.

Mat der Standardiséierung vum Lëtzebuergesche sollen déi lokal Mondaarten net verschwannen. Persounen, déi dat wënschen, kënnen déi Mondaarte mat Aktiounen op lokalem oder regionalem Niveau fleegen an dokumentéieren.

D’Recherche iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch gëtt op der Uni Lëtzebuerg weidergedriwwen, zum Beispill mat der Schnëssen-App, op där jiddweree ka matmaachen a seng Manéier dokumentéieren, fir Lëtzebuergesch ze schwätzen.

Do dernieft sinn Etüde wichteg iwwert d’Léiere vum Lëtzebuergeschen; et soll och reegelméisseg en Austausch si mat auslänneschen Universitéiten, déi sech mat der Lëtzebuerger Sprooch ofginn.

(de g. à dr.) Marc Barthelemy, Commissaire à la langue luxembourgeoise ; Claude Meisch, ministre de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

Dernière mise à jour