#EDN21: Nei Mesuren am Beräich vun der Educatioun

Auschnëtter aus der Ried zur Lag vun der Natioun vum 12. Oktober 2021, déi d'Educatioun, d'Kanner a d'Jugend betreffen.

Investissementer an eng staark öffentlech Bildung fir d’Zukunftschance vun de Kanner an de Jonken, an Entlaaschtung vun de Famillen

“Mir hunn an onser Sozialpolitik schonn ëmmer e besonnesche Fokus op d’Wuel vun de Kanner geluecht. Mir striewen eng Chancëgerechtegkeet fir all Kand un. Et däerf keng Fro vu Sue sinn, wéi gutt e Kand opwiisst. Dofir hu mir an der viregter Legislaturperiod schonn d’gratis Kannerbetreiung a gratis Schoulbicher agefouert.

Gratis Mëttesiessen an der Kantin fir Kanner aus Famillien  mat klengem a mëttlerem Akommes

Elo wäerte mir zousätzlech dofir suergen, datt all Kand mëttes e waarmt Iessen um Teller huet. An Zukunft solle Kanner vu Famillje mat klengem a mëttlerem Akommes gratis an der Grondschoul an am Lycée iessen. Fir Schülerinnen a Schüler, déi all Dag am Lycée iessen, mécht dës Mesure en Erspuernes vun 846 Euro am Joer aus.

(...) Och eis Kanner sinn net vum Coronavirus verschount bliwwen. Glécklecherweis iwwerstinn déi allermeeschte Jonker eng Infektioun ouni gréisser Symptomer. Mee och d‘Kanner goufen aus hirem gewinnten Alldag erausgerappt. (...) et war fir eis eng absolut Prioritéit, datt d’Schoulen, d’Crèchen an d’Maison-relaisen esou normal fonctionéiere kënnen, wéi nëmme méiglech. (...)

De Virus huet eis déi grouss Defien nach emol ganz kloer opgewisen, virun deenen den Educatiounssystem steet. D’Bildungspolitik huet als Aufgab, all Kand a Jonken et ze erméiglechen, dat Bescht aus sech erauszehuelen.

Jidderee muss d’Méiglechkeet hunn, den héchstméigleche Bildungsniveau ze erreechen, dee sengen Talenter a Wënsch entsprécht. Well dovun hänkt net nëmmen d‘Zukunft vun de Kanner a Jonken of, mee d’Zukunft vun eiser Gesellschaft, vun eisem Land. Mir hu staark Kanner. Et ass eis Aufgab, si an hir spezifesch Stäerkten ze fërderen.

Diversifizéierung vun der Schouloffer

Wann d'Gesellschaft sech ännert, kann d'Schoul net stoe bleiwen. De Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend suivéiert zënter Joren eng aktiv Politik vun der Diversifizéierung vun der Schouloffer ënner dem Motto "Ënnerschiddlech Schoule fir ënnerschiddlech Schüler".

Eis Bildungslandschaft gëtt weider méi villfälteg, well mir esou de Besoin vu ville Schüler besser entsprieche kënnen an domat fair Bildungschancë fir all Kand kënne schafen. Esou si bis elo scho 7 nei Sektiounen entstanen. An noer Zukunft wäerten 2 weider Sektiounen an de Lycéeën an ee weideren DAP an der Beruffsausbildung entstoen.

D'Schoul vum 21. Joerhonnert muss d‘Kanner dorop virbereeden, sech erfollegräich a sécher an engem digitalen Ëmfeld erëmzefannen, a gläichzäiteg géint déi digital Ongläichheet kämpfen.

Digital Kompetenze sinn och eng Fro vun der Chancëgläichheet am Bildungssystem a Bezuch op de Bildungserfolleg.

De sozioekonomesche Kontext, d’Mammesprooch an e Migratiounshannergrond hunn nach ëmmer e vill ze groussen Afloss op de schoulesche Parcours an op d’Reussite vun de Schüler. Mir hu scho vill Mesuren ergraff fir d’Chancëgläichheet ze erhéijen: en ëmfaassenden Inklusiounsprogramm fir Schüler mat spezifesche Besoinen, e modernen an differenzéierte Sproochenunterrecht, eng grouss Offer un Nohëllef an d’Diversifizéierung vun der Schouloffer duerch nei Schoule mat innovative pedagogesche Konzepter.

An d’Efforte fir d’Schüler beschtméiglech z‘ënnerstëtze ginn intensiv weider.

Flächendeckend gratis Hausaufgabenhëllef am Fondamental

Mir wäerte flächendeckend gratis Hausaufgabenhëllef am Fondamental aféieren. An den nächste Méint ginn Diskussioune mat de betraffene Partner gefouert fir d'Konzept vun enger qualitativer Offer vun Hausaufgabenhëllef op nationalem Niveau fir d’Schüler aus dem Fondamental z‘entwéckelen.

Zu der Ënnerstëtzung vun de Kanner gehéiert och hir Kreativitéit ze fërderen. Kreativitéit ass e wichtege Facteur an der emotionaler a kognitiver Entwécklung. Si dréit och zur Entwécklung vun engem positive Selbstbild bäi.

Gratis Museksunterrecht wärend den éischte Joren

Fir d’ Kreativitéit an de Virwëtz vun de Kanner a Jonken ze stimuléiere wäerte mir e groussen Deel vun de Musekscoursë vum nächste Schouljoer u gratis maachen. D’Schüler mussen fir de ganze Cycle inférieur, also op d‘mannst déi éischt 4 Joer Museksunterrecht näischt méi bezuelen.

Mat dëser Mesure maache mir de Museksunterrecht fir all Kand zougänglech. Och dat wäert an Zukunft zur Chancëgläichheet an zur Bildungsgerechtegkeet bäidroen a fir vill Schüler en éischte Kontakt mat der Kultur erméiglechen.

D’Pandemie huet eis nach emol däitlech virun Ae gefouert, wéi wichteg d’Kannerbetreiungsstrukture fir d’Famillje sinn. Si bidden deene Klengen e gewinntent a séchert Ëmfeld, wou si sech zesummen mat hire Frëndinnen a Frënn fräi entfale kënnen.

An de leschte Joren hu mir grouss Efforte gemaach fir eng héich Qualitéit an der Kannerbetreiung opzebauen.

Gratis Maison relais an de Schoulwochen

Nodeems mir schonn 20 Stonne gratis Kannerbetreiung an de Crèchen agefouert hunn, fir all Kand fréi eng héichwäerteg Sproochefërderung ubidden ze kënnen, wäerte mir vun der nächster Rentrée un och d’Maison relais gratis maachen. Dëst wärend de Schoulwoche vu moies 7 bis Owes 7.

D’Kannerbetreiung ass an eiser Zäit net méi ewechzedenken. D’Kannerbetreiung wäert awer och an Zukunft just eng Offer sinn, déi de Staat an d’Gemengen den Elteren ubidden. Et bleift den Elteren hire fräie Choix ob a wéi vill si heivu Gebrauch maache wëllen.

Eltereforen an de 15 Schoulregiounen

Mir wëllen d’Elteren onofhängeg vun hirer Entscheedung ënnerstëtzen. Dofir wäerte mir an all de 15 Schoulregioune Elterefore schafen. Hei kréien d’Elteren Informatiounen a Rotschléi iwwert d’Entwécklung an d‘Ënnerstëtzung vun hirem Kand.”

Dernière mise à jour