Den Zougang zu Formatiounen an der Hotellerie an am Tourismus stäerken: D’EHTL mécht en zweete Site am Süde vum Land op

De 24. Mäerz 2025 hunn de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, an den Direkter vun der École d’hôtellerie et de tourisme du Luxembourg (EHTL), Michel Lanners, de neie Site vun der EHTL virgestallt, deen am GridX-Gebai zu Wickreng etabléiert gëtt. Dëse Site kënnt vun der Schoulrentrée 2025/2026 un zum bestoende Campus vun der EHTL zu Dikrech derbäi.

Dësen zweete Standuert soll zwee Ziler erfëllen: De Schüler aus dem Süden an Zentrum vum Land den Zougang zu den EHTL-Formatioune vereinfachen an dem wuessende Besoin u qualifizéierte Fachleit am HORECA-Secteur gerecht ginn.

D’Ouverture vun dësem zweeten EHTL-Site ënnersträicht d’Bedeitung vum ganz dynameschen HORECA-Secteur an d’Bereetschaft vun der Regierung, d’Entwécklung vun dësem Beräich weider ze ënnerstëtzen. Mat hirer 75-järeger Erfarung genéisst d’EHTL eng staark national an international Renommée an der Formatioun am Beräich Hotellerie, Restauratioun an Tourismus. D’Erweiderung vun der Schouloffer erméiglecht et méi jonke Leit, sech fir dës Zukunftsberuffer auszebilden a villverspriechend Karriären anzeschloen.

Eng Offer als Äntwert op eng grouss Nofro

D’Zuele vun den Aschreiwunge bei der EHTL an deene leschte Jore weisen däitlech, dass e Site am Süde vum Land gerechtfäerdegt ass. Am Schouljoer 2024/2025 hu 17% vun den EHTL-Schüler zu Dikrech am Süden an 21% am Zentrum gewunnt. „Haut soll all Jonken zu Lëtzebuerg d'Méiglechkeet op eng gutt Formatioun an domat och eng Chance fir seng berufflech Zukunft kréien – onofhängeg dovunner wou e wunnt! Mam neie Site vun der EHTL zu Wickreng brénge mir d’Offer vun dëser spezialiséierter Schoul elo och méi no bei d' Schüler aus dem Süden an aus dem Zentrum vum Land“, huet de Minister Claude Meisch betount.

Eng Ouverture an zwou Etappen

D’EHTL zu Wickreng mécht an zwou Phasen op. Vum Schouljoer 2025/2026 u ginn do follgend Formatioune fir d’éischt Joer ugebueden:

  • den diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) Restaurateur;
  • den diplôme de technicien (DT) Hôtellerie et management;
  • den diplôme de technicien Tourisme et communication;
  • den diplôme de fin d’études secondaires générales en gestion de l’hospitalité;
  • eng spezifesch Formatioun fir Persoune mam Flüchtlingsstatut.

Vun 2026 u kommen nach weider Formatiounen derbäi:

  • den DAP Serveur;
  • den DAP Restaurateur op Englesch;
  • de Brevet de Technicien Supérieur (BTS) Hospitality Management;
  • de BTS Tourisme et communication.

Eng modern Infrastruktur

Wat d’Infrastruktur ugeet, wäert eng éischt Etage ab 2025/2026 a Betrib geholl ginn, mat Klasseraim fir Theoriescoursen, engem Dokumentatiounszenter, engem Departement fir sensoresch Analysen, engem Bistro, Büroen a Raim fir Enseignanten a Versammlungsraim a Vestiairen.

Vun 2026 u kommen nach eng professionell Kichen, Restauranten – dorënner ee Restaurant, an deem d’Schüler dat weise kënnen, wat si geléiert hunn an deen op ass fir de Public – an eng Pâtisserie derbäi.

D’Nidderloossung zu Wickreng ass eng temporär Léisung, bis d’Aarbechten um Schlass vu Suessem ofgeschloss sinn, dat opgrond vun der Decisioun vun der Regierung vun 2021 als definitive Site vun der EHTL am Süde vum Land virgesinn ass.

 

  1. Le ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, Claude Meisch, lors de la présentation du nouveau site de l’École d’hôtellerie et de tourisme du Luxembourg (EHTL) à Wickrange le lundi 24 mars 2025
  2. Le directeur de l’École d’hôtellerie et de tourisme du Luxembourg (EHTL), Michel Lanners, lors de la présentation du nouveau site de l’EHTL à Wickrange le lundi 24 mars 2025

 

 

Aktualiséiert