Am Moment si ganz vill Phishing-Messagen ënnerwee, déi iech soen, datt dir eng Voicemail kritt hutt. An deem Message ass e Link, op deen dir sollt klicken, fir de Message ze lauschteren. Hannert deem Link verstoppt sech eng fake Säit, déi änlech ausgesäit wéi déi normal Säit, fir sech anzeloggen. Op där Säit gitt dir no ärem Benotzernumm an ärem Passwuert gefrot. Dir gesitt och uewen, datt d'URL net mat „cgie.lu“ ophält.
Dir sollt w.e.g. net op dee Link klicken. Falls dir do äre Benotzernumm an äert Passwuert aginn hutt, ännert w.e.g. äert Passwuert iwwer de Site iam.cgie.lu oder kontaktéiert den Helpdesk vum CGIE iwwer helpdesk@cgie.lu oder um 247-85999 (7:30–17:30 Auer), fir datt mir äert Passwuert fir iech zerécksetze kënnen.