Shape Your Future: eng gemeinsam Campagne fir d’Beruffsausbildung ze promouvéieren

Den 22. Abrëll 2025 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, zesumme mat der Chambre des Salariés, der Chambre de Commerce, der Handwierkerkummer an der Landwirtschaftskummer d'Campagne Shape Your Future lancéiert. D’Zil vun der gemeinsamer Campagne, déi am Koalitiounsprogramm 2023-2028 ugekënnegt gi war, ass et fir d'Beruffsausbildung ze promouvéieren. D’Beruffsausbildungspartner wëlle mat dëser Kooperatioun méi Jonker encouragéieren hir Leidenschaften an Talenter ze verfollegen, andeems se eng Beruffsausbildung auswielen.

„Eent vun den Haaptziler vun eiser gemeinsamer Campagne ass et, d'Beruffsausbildung als villverspriechende Wee fir eis Jonker duerzestellen: Kompetenze gi valoriséiert, si mécht konkret Perspektive fir d'berufflech Zukunft op an entsprécht de reelle Besoine vum Aarbechtsmaart“, sot de Minister Claude Meisch.

Eng Campagne vu jonke Leit, fir jonk Leit

D'Originalitéit vun der Campagne Shape Your Future - Däi Wee. Deng Beruffsausbildung läit am Toun an de Kommunikatiounskanäl, déi gewielt ginn fir déi Jonk vun der Generatioun Z direkt ze erreechen.

Dat zentraalt Element vun der Campagne ass e Videoclip mat véier jonke Leit an der Ausbildung, déi hire Wee op Basis vun hire Passiounen an Hobbye gewielt hunn. Dës Protagoniste sinn d’Gesiichter vun der Campagne a wäerten op Plakater an ëffentleche Plazen ze gesi sinn. Donieft wäerten si och d'Roll vun Influencer spillen fir de positive Message vun der Campagne op sozialen Netzwierker ze verbreeden.

Zwee vun hinnen, d'Siri an de Marcel, déi op der Pressekonferenz präsent waren, ware frou fir aner Jonker kënnen ze inspiréieren an d'Virdeeler vun enger Carrière an der Beruffsausbildung ze deelen.

D'Websäit www.shapeyourfuture.lu start mat engem interaktive Video-Funnel, engem flotten Orientéierungsinstrument, deen duerch successiv Froe jonk Visiteuren an eng Kategorie vu Beruffer féiert, déi hiren Interessien entsprieche kéint.

Op der Websäit gëtt et och eng FAQ-Rubrik, déi et dem Grand public erlaabt, d’Beruffsausbildung zu Lëtzebuerg besser ze verstoen. Interesséiert Visiteuren, Jonker, Elteren a Patronen, ginn och bei déi verschidde Servicer a Partner an der Beruffsausbildung geleet, zum Beispill fir eng Léierplaz ze fannen.

Den ëffentleche Start vu Shape Your Future ass op der YEP!-Schoulfoire 2025 (27.04.-30.04.2025 an der Luxexpo) mat engem grousse gemeinsame Stand (Hall 9) wou all Campagnepartner zesumme stinn. Jonk Leit kënnen do de Video-Funnel probéieren an hir Froe stellen.

An enger nächster Phase riicht sech d'Campagne un d'Patronen, fir se ze encouragéieren, och selwer Leit auszebilden.

Zesumme fir eng staark Beruffsausbildung

Am Kader vum Lancement vun der Campagne ënnersträichen all Partner d'Wichtegkeet vun der Beruffsausbildung  an de Léierplazen an den Entreprisen, déi Theorie a Praxis sou gutt wéi méiglech kombinéieren:

„D‘Beruffsausbildung ass eng exzellent Optioun fir déi, déi wëllen e Beruff léieren, wesentlech perséinlech a berufflech Kompetenze vum 21. Joerhonnert entwéckelen an en offiziellen Diplom ustriewen, deen hinne Rechter gëtt. Duerch dës Campagne beliichte mir, duerch Temoignagë vu richtegen Apprentien déi vill Formatiounsofferen déi existéieren.“

Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des Salariés

„Eng Léier ass de beschte Wee fir am Commerce, der Industrie oder dem HoReCa-Secteur Fouss ze faassen. Et erlaabt de Betriber dynamesch, kompetent a motivéiert Mataarbechter ze fannen, déi fäeg sinn de spezifesche Bedierfnesser vun enger Entreprise nozekommen fir aktuell an zukünfteg Erausfuerderungen ze meeschteren. Ausbilden ass net nëmmen een Engagement fir haut, mä een nohaltegen Investissement souwuel vum Apprenant wéi och vum Betrib, deen ausbilt.“

Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce

„Och am Handwierkssecteur maachen d'Léierplazen eng Villfalt vu beruffleche Méiglechkeeten op, wat erlaabt aktiv zu kreative Projeten an engem Team bäizedroen. Et ass eng eemoleg Geleeënheet fir seng Vocatioun ze entdecken andeems ee mat den Hänn schafft an seng Fortschrëtter Dag fir Dag kann observéieren. D’Kompetenzen, déi an der Ausbildung vermëttelt ginn, ginn ëmmer nees un déi zukünfteg Besoine vum Aarbechtsmaart ugepasst“.

Tom Wirion, Generaldirekter vun der Handwierkerkummer

„Eis Presenz an dëser Campagne gëtt Visibilitéit fir dynamesch, modern a villverspriechend Karriären am grénge Secteur. Mir gesinn dës Initiativ och als Geste vu Solidaritéit: Shape Your Future verkierpert eng gemeinsam Zukunftsvisioun, gebaut Hand an Hand mat jonke Leit a Betriber - iwwer d’Secteuren an d’Institutiounen eraus.“

Paul Marceul, Direkter vun der Landwirtschaftskummer

 

Lors de la présentation de la campagne « Shape Your Future » le mardi 22 avril 2025 au ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse (de g. à dr.) : Sylvain Hoffmann, directeur de la Chambre de salariés ; Carlo Thelen, directeur général de la Chambre de Commerce ; Claude Meisch, ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse ; Marcel Fekete, apprenti mécanicien auto ; Siri Bettendorf, apprentie cuisinière ; Tom Wirion, directeur général de la Chambre des Métiers ; Paul Marceul, directeur de la Chambre d’Agriculture

 

 

Aktualiséiert