D’Li Meyers ass d’Gewënnerin vun der 19. Editioun vum Virliesconcours

Am Ariston, dem ale Kino zu Esch-Uelzecht, deen elo en Deel vum Escher Theater ass, koumen den 11. Juni 2024 am Nomëtteg déi 8 Finalistinne fir d’Finall vum Virliesconcours 2024 zesummen. Et waren effektiv just Meedercher, déi sech ënnert méi wéi 3 200 Participanteën a Participanten aus dem Cycle 4 am ganze Land qualifizéiert haten.

Eng Rei Neierungen

Dëst Joer hat de Virliesconcours eng ganz nei Nues: all Kand huet bei der Umeldung zwou Liessproochen uginn, eng éischt Sprooch, déi d’Kand als seng stäerkste Virliessprooch ugesäit, an eng zweet Sprooch, an där et och gär virliest. Déi huet awer eréischt vun der Véierelsfinall un eng Roll gespillt. Als éischt Sprooch haten d’Kanner d’Wiel tëscht Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch. Als zweet Sprooch konnten se och Englesch uginn. Englesch war awer dëst Joer net an der Finall vertrueden, well keng Finalistin déi Sprooch gewielt hat.

Weider Neierunge waren eng Halleffinall als zousätzlech Etapp an neierdéngs dräi Epreuven an der Finall selwer: e „bekannten” Text, deen d’Kanner iwwert de Weekend konnte virbereeden; wéi gewinnt e ganz onbekannten Text aus engem Buch als „lecture à vue” a schliisslech, ganz nei an als Gruppenaufgab, e Liestheater, an deem jee 2 Kanner matenee gelies hunn.

Eng weider Erausfuerderung an der Finall war, datt all Kand esouwuel a senger éischter, wéi och a senger zweeter Sprooch huet misse virliesen.

Fir de Kanner méi Fräiheet ze loosse bei der Auswiel vun hirem Extrait um Schoulniveau, gouf vun dësem Joer u keen Theema beim Virliesconcours méi virginn.

D’lokal Selektiounen, vun den Enseignanten an de Schoulbibliothecairen organiséiert, hu fir d'éischt op Klassenniveau stattfonnt, duerno op Schoulniveau. Doropshi goufen et 15 regional Véierelsfinallen an duerno eng Halleffinall, bei där 8 Finalistinnen ermëttelt goufen.

D’Gewënnerin an hir Epreuven

D’Li Meyers aus der Grondschoul vu Kielen huet de Concours gewonnen. Hatt wosst de Jury esouwuel beim bekannten imposéierten Text ze iwwerzeegen, grad wéi beim ganz onbekannten Text an och bei enger ganz neier Epreuve – dem Liestheater.

Als imposéierten Text a senger zweeter Sprooch hat et en Extrait aus dem Buch „En Däiwelsgesiicht“ vum Henri Losch an als onbekannten Text a senger éischter Sprooch huet et aus dem Buch „Pepe und der Oktopus auf der Flucht vor der Müllmafia” vum Stepha Quitterer virgelies. De Liestheater op Däitsch, senger éischter Sprooch, war extra fir d’Finall geschriwwe ginn.

Op vimeo.com fannt Dir en Interview mam Li Meyers.

D’Finalistinnen an hir Präisser

Déi jonk Finalistinne waren: d’Joyce Frères Teixeira, d’Lili Karacs, d’Lenie Keilen, d’Li Meyers, d’Zoé Mohnen, d’Sonia Sterczewska, d’Emmy Turmes an d’Sarah Weber.

All Finalistin krut e Buch an e Bicherbong als Präis. D’Gewënnerin krut e Bong vun enger Librairie fir e méi héije Betrag.

De Jury an d’Moderatioun

An der Jury waren: de Luc Belling (Responsabel vun der Division Initiatives et programmes pédagogiques beim SCRIPT), den Yves Ciaffone (Regionaldirekter am Fondamental), d’Anne Diderich (Libraire), d’Carole Lorang (Direktesch vum Escher Theater) an d’Nora Wagener (Schrëftstellerin).

D’Nathalie Bender, Mataarbechterin vum SCRIPT a laangjäreg Radiomoderatrice, huet de Public – Klassekomerodinnen, Klassekomeroden a Famill vun de Finalistinnen – duerch dëse liewegen Nomëtteg gefouert, bei deem d’Genéisse vum Liesen an Nolauschteren um Rendez-vous waren.

Den Escher Theater an de SCRIPT hunn duerno e Patt an e klenge Maufel zum Beschte ginn.

De Virliesconcours gëtt all Joer am Kader vun der Liesfërderung vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend organiséiert. E riicht sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 vun der Grondschoul.

De Kanner- a Jugendliteraturpräis fir d’Anja Di Bartolomeo

Virun der Präisiwwerreechung vum Virliesconcours gouf et nach en anere flotte Moment: d’Präisiwwerreechung vum Kanner- a Jugendliteraturpräis un d’Anja Di Bartolomeo. De Luc Weis, President vum Jury, huet eng Laudatio fir d’Auteurin gehal a si huet en Extrait vun hirem präisgekréinten Text virgelies.

 

  1. Déi aacht Finalistinne vum Virliesconcours 2024 hate sech ënnert méi wéi 3 200 Participanteën a Participanten aus dem Cycle 4 am ganze Land qualifizéiert
  2. D’Li Meyers aus der Grondschoul vu Kielen huet de Virliesconcours 2024 gewonnen – hatt wosst de Jury esouwuel beim bekannten imposéierten Text ze iwwerzeegen, grad wéi beim ganz onbekannten Text an och bei enger ganz neier Epreuve, dem Liestheater
  3. Am Kader vun der Finale vum Virliesconcours 2024 gouf och de Kanner- a Jugendliteraturpräis un d’Anja Di Bartolomeo (2. vu riets) iwwerreecht

Dernière mise à jour