Presentatioun vun der Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“

En Donneschdeg den Owend, den 29. Juni 2023 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, d’Wanderausstellung „DLëtzebuerger Sprooch(en)“ vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) an der Abtei Neimënster presentéiert. Hien huet drun erënnert, datt d’Lëtzebuerger Sprooch an der neier Constitutioun steet an datt et am Juli genee fënnef Joer hier sinn, datt d’Gesetz fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch gestëmmt gouf.

Ënner de méi wéi 100 Gäscht waren ënnert anerem och den aktuellen an de fréiere Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Membere vum Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch, de President vun der Actioun Lëtzebuergesch an den Dr. Albrecht Plewnia, Chef vum Programmberäich Sprache im öffentlichen Raum vum Leibniz-Institut für Deutsche Sprache.

Musikalesch gouf den Owend encadréiert vun der lëtzebuergescher Hiphop-Kënschtlerin Nicool.

Iwwer den Titel

D’Ausstellung „DLëtzebuerger Sprooch(en)“ versteet sech als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen. Den Titel vun der Ausstellung ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen.

Op där enger Säit bezitt sech den Titel natierlech op dLëtzebuergescht a seng Entwécklung. DAusstellung beschäftegt sech mat de Varietéiten, déi et am Lëtzebuergesche gëtt. DLëtzebuerger Sprooch ass kee Monolith, mee flexibel, kreativ an a konstantem Wandel.

Op där anerer Säit gëtt d’Méisproochegkeet, déi Lëtzebuerg ausmécht, thematiséiert. Och si ass en integrale Bestanddeel vum sproochlechen Ëmfeld, an deem sech d’Lëtzebuergescht beweegt an evoluéiert.

Iwwer dAusstellung

Déi nei mobil Ausstellung befaasst sech ë. a. mat den Theemen: Méisproochegkeet, sproochlech Varietéiten, Geschicht, Sproochwandel, Lëtzebuergesch an der Literatur an an de Medien. Méi konkreet ginn an dräi Statioune follgend Aspekter ënner d’Lupp geholl:

  • Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg
  • Wat ass Lëtzebuergesch a wéi funktionéiert d’Sprooch hautdesdaags?
  • Wéi gëtt eng Sprooch gemaach?

Nieft audiovisuellen Exponater bitt d’Ausstellung och partizipativ Elementer, bei deenen een zum Deel iwwer säi Smartphone ka matmaachen.

Op der Rull

D’Wanderausstellung besteet aus véier Modüllen, déi een opklappe kann, an déi eng Fläch vu ronn 120 m² an Usproch huelen. D’Texter si véiersproocheg – op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch –, esou datt Kenntnisser am Lëtzebuergesche keng Viraussetzung sinn, fir d’Ausstellung kënnen ze suivéieren.

No der Presentatioun vum 29. Juni 2023 ass déi éischt Statioun vun der Expo an der Belle Étoile: Vum 12. Juli bis den 22. Juli 2023 kann een se do an der Neier Galerie entdecken. D’Ekipp vum ZLS wäert all Dag vun 10 bis 19 Auer op der Plaz sinn, fir Visiteuren duerch d’Ausstellung ze féieren.

Déi nächst Statioune sinn:

  • Ëlwen: vum 5. bis 9. August 2023
  • Miedernach: vum 3. bis 9. September 2023
  • Forum Geesseknäppchen: vum 29. September bis 4. Oktober 2023
  • Institut national des langues Luxembourg: vum 23. Oktober bis 10. November 2023

Weider Datumer sinn an der Maach a gi geschwë matgedeelt.

D’Visitt vun der Expo ass gratis.

D’Ausstellung bleift och 2024 op der Rull. Interesséiert Gemengen, Schoulen, Veräiner … kënne sech beim ZLS mellen (expo@lod.lu).

Praktesch Informatiounen

Optrag: Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) vum Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
Konzeptioun: Historical Consulting
Inhalter: Historical Consulting an ZLS
An Zesummenaarbecht mat: Commissariat à la langue luxembourgeoise
Wëssenschaftlech Berodung: Fernand Fehlen, Peter Gilles a Mélanie Wagner (Universitéit Lëtzebuerg)
Zeenografie: Nowak-Teufel-Knyrim (Düsseldorf)
Digital Applikatiounen: Tinetronics (Surwold a Köln)
Ausstellungsbau: Designbauwerk (Köln)

 

  1. Nieft audiovisuellen Exponater bitt d’Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ och partizipativ Elementer, bei deenen een zum Deel iwwer säi Smartphone ka matmaachen

    ©Patrick Flammang

  2. Bei der Presentatioun vun der Ausstellung en Donneschdeg, 29. Juni 2023 an der Abtei Neimënster

    ©Patrick Flammang

  3. De Minister Claude Meisch bei der Presentatioun vun der Ausstellung an der Abtei Neimënster

    ©Patrick Flammang

  4. Vum 12. Juli 2023 un ass d'Ausstellung op verschiddene Plazen am Land ze gesinn – éischt Statioun ass d'Belle Étoile

    ©Patrick Flammang

Dernière mise à jour