D’Manon Guinaudeau ass d’Gewënnerin vun der 18. Editioun vum Virliesconcours

Am Ariston, dem ale Kino zu Esch-Uelzecht, deen elo en Deel vum Escher Theater ass, hu sech de 27. Juni 2023 am Nomëtteg déi 15 Finalistinnen a Finalisten vum Virliesconcours 2023 getraff. Dës Schüler aus dem Cycle 4, véier Jongen an 11 Meedercher, hate sech ënnert méi wéi 4 600 Participanteën a Participanten am ganze Land qualifizéiert, fir an d’Finall ze kommen an en Text iwwer „Gléck“, d’Theema fir dës 18. Editioun vum Virliesconcours, ze presentéieren.

D’lokal Selektiounen, vun den Enseignanten an de Schoulbibliothecairen organiséiert, hu fir d'éischt op Klassenniveau stattfonnt, duerno op Schoulniveau. Doropshi gouf eng Audiodatei vun all eenzel vun den 95 Schoulgewënnerinnen a Schoulgewënner an de SCRIPT (Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques) geschéckt. Eng intern Jury huet dunn déi 15 Finalistinnen a Finaliste ausgewielt.

Ënnert de Finalistinnen a Finalisten hate sech néng fir Däitsch a sechs fir Franséisch entscheet. Si hunn en Extrait vun hirem Choix an duerno en onbekannten Text an där Sprooch virgelies. Déi onbekannt Texter koumen aus dem Buch „Elefantensommer: ein 2 ½ Tonnen schwerer Grund, morgens aufzustehen“ vum Holly Goldberg Sloan an aus „Dix petites chances” vum Janice Erlbaum.

De Concours gouf gewonne vum Manon Guinaudeau aus der Grondschoul vu Biissen, mat engem Extrait aus dem Buch „Calpurnia” vum Jacqueline Kelly. D’Gewënnerin huet de Jury och iwwerzeegt, wéi hatt den imposéierten Text aus „Dix petites chances“ gelies huet.

Kulturell Ënnerhalung tëscht de Liesunge gouf vun der Projetsekipp mimamu.lu gebueden. Si hunn e Choraoke proposéiert: et ass dëst eng Aart Karaoke, bäi där de Public mat de Museker op der Bün Lidder séngt, wärend den Text a rhythmesch Symboler op engem groussen Ecran presentéiert ginn. D’Leit am Sall hu mat grousser Begeeschterung matgemaach.

D’Nathalie Bender, Mataarbechterin vum SCRIPT a laangjäreg Radiomoderatrice, huet de Public – Klassekomerodinnen, Klassekomeroden a Famill vun de Finalistinnen a Finalisten – duerch dëse liewegen Nomëtteg gefouert, bäi deem d’Genéisse vum Liesen an Nolauschteren um Rendezvous waren.

Déi jonk Finalistinnen a Finaliste waren: Zoé Assel, Leo Bangnowski, Esther Dayan, Viola De Meester, Agathe Grosjean, Finn Guden, Manon Guinaudeau, Eugénie Jacque, Lenie Keilen, Naida Kocan, Issey Leroux, Li Meyers, Mathilde Morin, Philip Ronkar a Michelle Serres.

All Finalistin a Finalist krut e Buch an e Bicherbong als Präis. D’Gewënnerin krut e Bong vun enger Librairie fir e méi héije Betrag.

Den Escher Theater an de SCRIPT hunn duerno e Patt an e klenge Maufel zum Beschte ginn.

An der Jury waren: den Yves Ciaffone (Regionaldirekter am Fondamental), d’Anne Diderich (Libraire), de Claude Karger (Coordinateur fir Medieprojete beim SCRIPT), d’Carole Lorang (Direktesch vum Escher Theater) an d’Irène Petesch (Enseignante a Schoulbibliothecaire).

De Virliesconcours gëtt all Joer am Kader vun der Liesfërderung vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend organiséiert. E riicht sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 vun der Grondschoul.

Geschwë fannt Dir den Interview mam Manon Guinaudeau op www.piwitsch.lu.

 

  1. D'Manon Guinaudeau ass Gewënnerin vum Virliesconcours 2023
  2. Virliesconcours 2023 – bei der Ukënnegung vun der Gewënnerin
  3. 15 Finalistinnen a Finalisten hate sech ënnert méi wéi 4 600 Participanteën a Participanten aus dem Cycle 4 am ganze Land qualifizéiert
  4. Virliesconcours 2023 – de Jury bei der Aarbecht
  5. Virliesconcours 2023 – d'Finalistinnen a Finaliste gi virgestallt

Dernière mise à jour