Offiziell Aweiung vum Guichet unique vun der Maison de l’orientation

© SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Nodeems d’Maison de l’orientation 2021 vun der Stäreplaz an d’Gebai vum Educatiounsministère an der rue Aldringen geplënnert ass, gouf de 27. September 2022 de Guichet unique vun der Maison de l’orientation vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch a vum Minister fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft, Georges Engel, offiziell ageweit. Duerch de Reamenagement sinn d’Servicer vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, vum Héichschoulministère a vum Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft,  déi sech mat der Informatioun, der Hëllef an dem Accueil vum Grand public befaassen, elo ënner optimale Konditiounen ënnert engem Daach regroupéiert.

“D’Offer vun de schouleschen a beruffleche Perspektive gëtt ëmmer méi villfälteg an et gehéiert zu eise Missiounen, déi Jonk an déi Erwuessen op hirem Wee ze begleeden. Mam neie Guichet unique vun der Maison de l’orientation, investéiere mer an eng gutt Orientéierung vun deene Jonken an Erwuessenen”,  huet de Claude Meisch ënnerstrach.

Sengersäits huet de Georges Engel betount:

„Et ass wichteg, grad déi jonk Leit geziilt ze informéieren, fir dass si esou an dee passende Beruff kënnen orientéiert ginn. D’Zuelen, déi eis virleien, weisen, dass et a ville Beruffer u qualifizéiertem Personal feelt. Et ass dofir wichteg, fir jonk a manner jonk Leit, déi op der Sich no enger Ausbildung sinn, fir genee dës handwierklech Beruffer ze begeeschteren.“

5 thematesch Guichete fir eng méi cibléiert Orientatioun

An der Maison de l’orientation ka sech all interesséiert Persoun ouni Rendez-vous an engem vun de fënnef thematesche Guicheten berode loossen:

  • Schoulesche Parcours

Verschidde Schoulofferen an de Lycéeën, Choix vun der Sektioun, Promotioun, Reintegratioun an de Lycée, Berodung zum Enseignement secondaire am Allgemengen.

  • Héichschoulstudium

Studien zu Lëtzebuerg an am Ausland, Conditions d’accès, Aschreiwungsprozeduren, Unerkennung vun Diplomer, Héichschoulbildung asw.

  • Erwuessenebildung

Formations d’intérêt général, Validatioun vun Acquisen duerch professionell Erfarung (VAE), Reprise vun de Studien, sproochlech Integratioun, zweete Bildungswee.

  • Jugendinfo

Benevolat, Au pair, Stagen, Vakanzenjob, Logement, ausserschoulesch Aktivitéiten, administrativ Demarchen, Aschreiwungen.

  • D’Welt vun de Formatiounen a Beruffer

Handwierker, Beruffer, éischt Beruffserfarungen, Léier.

 

An de fënnef Guichete fënnt een Informatiounen, Ënnerstëtzung oder spezialiséiert Berodung am Bezuch op déi schoulesch oder berufflech Orientatioun. Eng Entrevue mat engem oder méi Professionellen an dësem Espace ka genotzt ginn, fir un ee vun de spezialiséierte Servicer vun der Maison de l'orientation weidergeleet ze ginn, fir esou d’Orientatioun nach ze vervollstännegen.

Nieft dem Espace Orientatioun mat den thematesche Guicheten, kënnen déi aner Servicer vun der Maison de l’orientation op Rendez-vous an Usproch geholl ginn: Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires (CePAS); Service de la scolarisation des enfants étrangers (SECAM); l’Agence pour le développement de l’emploi (ADEM) – Région Centre; l’Antenne locale pour jeunes Luxembourg du Service national de la jeunesse (SNJ); Agence pour la transition vers une vie autonome (ATVA); Cellule d’orientation du Service de la formation des adultes (SFA); Service de la validation des acquis de l’expérience (VAE); Service de la reconnaissance des diplômes (SRD).

Donieft huet de Visiteur och Accès zum Beruffsinformatiounszentrum (BiZ), wou en d’Méiglechkeet huet, duerch Beruffsinteressenstester, bei der Sich no engem passende Beruff ënnerstëtzt ze ginn. D’Offer gëtt nach duerch e Multimediaberäich, verschidde Bibliothéiken, eng Testothéik a Formatiounssäll completéiert.

De virtuelle Guichet vun der Maison de l’orientation

Als virtuell Ulafplaz vun der Maison de l’orientation, bitt den Internetsite www.maison-orientation.public.lu en Accès op eng Abberzuel vun Informatiounen zu de Studien, der Aarbechtswelt, zu der berufflecher Reorientatioun, dem Upskilling a Reskilling. Hei fënnt een esouwuel déi ëffentlech ewéi och déi privat national Acteure mat den Orientatiounsméiglechkeeten, déi se proposéieren.

 

(de g. à dr.) Mike Engel, directeur de la Maison de l’orientation ; Claude Meisch, ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse et ministre de l’Enseignement supérieur et de la Recherche ; Pierre Reding, premier conseiller de gouvernement, chef de la Direction générale de l’Intégration, ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse ; Christiane Huberty, conseiller de gouvernement première classe, coordination de l'Enseignement supérieur, ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse ; Georges Engel, ministre du Travail, de l’Emploi et de l’Economie sociale et solidaire ; Gaby Wagner, directrice adjointe du Développement de l'Emploi et de la Formation (ADEM)
© SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Dernière mise à jour