Summerschool 2022: Schoulesch Retarden ophuelen an d’Rentrée gutt preparéieren

Mat dëser drëtter Editioun vun der Summerschool bidden déi ëffentlech Schoulen um Enn vun der Grousser Vakanz erëm fräiwëlleg a gratis Nohëllefscoursen un. D’Schülerinnen a Schüler aus der Grondschoul an aus dem Secondaire kënne vum 29. August bis den 9. September hiert Wëssen opfrëschen, de Léierstoff vum viregte Schouljoer consolidéieren oder Retarden an den Haaptfächer opschaffen.

D’Summerschool, déi 2020 an d’Liewe geruff gouf, fir d’schoulesch Lacunnen opzeschaffen, déi duerch d’COVID-19-Kris entstane sinn, ass mëttlerweil e feste Bestanddeel vum lëtzebuergesche Bildungssystem an erméiglecht et, op déi ënnerschiddlech Besoine vun de Schüler anzegoen.

„Fir déi beschten Erfollegschancen ze garantéieren, wëlle mer all Kand a Jonken d’Méiglechkeet ginn, fir d’Matière aus dem leschte Schouljoer opzeschaffen a sech esou gutt op dat neit Schouljoer virzebereeden. Mat der Summerschool, déi zënter dräi Joer am Lëtzebuerger Bildungssystem verankert ass, hu mer eng weider Initiativ geholl, fir sozial Ongläichheete bei de Lëtzebuerger Schülerinnen a Schüler ofzebauen“, huet den Educatiounsminister Claude Meisch bei der Visitt vun der Summerschool an der Schoul Um Deich zu Diddeleng, den 31. August 2022 betount.    

Thematesch Dossiere fir d’Summerschool oder fir doheem

D’Léierunitéite vun der Summerschool baséieren op de 46 themateschen Dossieren, déi vum SCRIPT fir all Fach (Däitsch, Franséisch a Mathé an der Grondschoul; Däitsch, Franséisch, Englesch a Mathé am Secondaire) an all Klass virbereet sinn.

Dës Dossiere sinn zënter dem 15. Juli 2022 iwwer den IAM vum Schüler op der Léierplattform www.schouldoheem.lu zougänglech. Si enthalen och de Corrigé a kënnen zu all Moment an der Schoulvakanz autonom oder zesumme mat den Eltere gemaach ginn.

Zënter der Fräischaltung vun den themateschen Dossieren de 15. Juli 2022 hat www.schouldoheem.lu bal 31.000 Visiteuren, méi wéi 36.200 Visitten an iwwer 37.200 Downloads vun den themateschen Dossieren (Stand: 30. August 2022). Dëst ass eng bedeitend Erhéijung am Verglach zu der Summerschool 2021, fir déi 33.850 Dossieren an där selwechter Period erofgeluede goufen.

D’Frequentatioun vun der Summerschool an Zuelen

Wann een d’Entwécklung vun den Inscriptioune kuckt, gesäit een engersäits, datt d’Summerschool e feste Bestandeel vun der Schoullandschaft ginn ass, an anerersäits, datt d’Elteren an d’Schüler dëst Joer déi thematesch Dossieren, déi se och op der Rees am Ausland an doheem benotze kënnen, par rapport zum Presenzcours virzéien. Dëst kéint un der erëmgewonnener Mobilitéit no der Pandemie, méi Vakanzen am Ausland asw. leien.

 

2020

2021

2022

Inscriptiounen am Enseignement fondamental

4.800

5.500

4.280

Inscriptiounen am Enseignement secondaire

1.100

1.770

1.370

 

5.900

7.270

5.650

(opgerënnt Zuelen)

 

Wéi och d’lescht Joer ass den Däitschcours an der Grondschoul am meeschte beluecht; am Lycée ass Mathematik de beléiftste Cours, knapp virum Franséischen.

Eng qualitativ héichwäerteg Betreiung

An der Grondschoul gëtt d’Nohëllef vun 295 Fräiwëllegen assuréiert, dorënner 49 Enseignanten, 165 Remplaçant-permanenten (mat engem Premièresofschloss, déi d’Formatioun fir temporär Remplacementer am Fondamental ofgeschloss hunn) an 81 Persounen (och mat engem Premièresofschloss), déi zum nationale Pool national « études surveillées » gehéiert hunn, deen am Kader vun der COVID-19-Kris ageriicht gouf.

Am Lycée ginn d’Schüler vun 168 Fräiwëllege betreit, dorënner 25 Enseignanten an 143 Studenten (mat op mannst engem Premièresofschloss). D’Studente musse fir d’éischt eng Online-Formatioun ofgeschloss hunn, déi vum Institut de formation de l’Éducation Nationale (IFEN) an dem Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) organiséiert gouf.

Dernière mise à jour