D’Hausaufgabenhëllef: D’Kanner stäerken, d’Famillen entlaaschten, d’Partner vernetzen

De 7. Juli 2022 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, op enger Pressekonferenz  a Clausen dat neit Konzept vun der Hausaufgabenhëllef virgestallt.  Vun der nächster Rentrée u wäerten d’Schoulen, d’Bildungs- a Betreiungsstrukturen[i] an d’Eltere begleet ginn, fir dësen Dispositif flächendeckend ëmzesetzen.

D’Hausaufgab ass eng Widderhuelung, déi d’Kanner autonom solle kënne maachen

D’Hausaufgabe sinn e sënnvollt Instrument fir déi Matière, déi an der Schoul agefouert gouf, nach eng Kéier geziilt ze festegen. D’Kanner sollen dës Widderhuelung eleng an autonom an engem rouegen a favorabelen Environnement, deen entweder d’Famill oder d’Bildungs- a Betreiungsstrukture stellen, kënne maachen. Den Unterrecht an d’Opschaffe vu schoulesche Retarde geschéien an der Schoul ënnert der Responsabilitéit vum Enseignant.

D’Hausaufgabenhëllef erfëllt eng wichteg gesellschaftlech Aufgab

D’Hausaufgabenhëllef ass e wichtegt Element, fir d’Kanner ze stäerken a sozial Gerechtegkeet ze fërderen. Kanner, déi doheem keng Plaz hu fir hir Hausaufgaben an aller Rou kënne ze maachen oder déi opgrond vu sproochleche Barrièren net vun hiren Eltere gehollef kréien, dierfen net benodeelegt sinn, fir hire schoulesche Wee ze maachen.

Donieft soll d’Hausaufgabenhëllef och dozou bäidroen, d’Famillen ze entlaaschten an Drock a Stress doheem ze vermeiden: D’Kanner sollen, wa se aus der Bildungs- a Betreiungsstruktur heemkommen, net och nach mussen Hausaufgaben maachen.

“Mir wëssen, dass et sënnvoll ka sinn, dee Léierstoff, deen an der Schoul agefouert gouf, och nach eng Kéier punktuell iwwer Hausaufgaben ze festegen. Dëst stellt awer vill Famille virun en groussen Defi, well si entweder net iwwer déi néideg Sproochkompetenzen oder Zäit verfügen, fir hiert Kand dobäi ze begleeden”, huet de Claude Meisch ënnerstrach.

Zousätzlech vernetzt d’Hausaufgabenhëllef Elteren, Educateuren an Enseignantë och mateneen. Hei entsteet eng reegelrecht Bildungspartnerschaft ronderëm d’Kand, wou sech ausgetosch gëtt, wéi hatt mat den Aufgaben eens ginn ass, wéi eng Schwieregkeeten et hat a wéi him ka gehollef ginn.

 “D’Hausaufgabenhëllef an der Maison relais erfëllt dofir eng wichteg gesellschaftlech Aufgab. Mat deem neie Konzept, dat mir iwwert dat kommend Schouljoer ëmsetzen, assuréiere mir e besseren Encadrement vun de Schüler, eng Entlaaschtung vun de Famillen a méi en intensiven Austausch ënnert de Partner”, huet de Minister ergänzt.   

Den Accompagnement an d’Hëllef an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen

D'Personal ënnerstëtzt d'Kand an hëlleft him bei der Organisatioun vu senger Aarbecht. Wann d’Kand Schwieregkeeten huet, d’Aufgabestellung ze begräifen, ëmschreift den Educateur d’Aufgab, fir datt d’Kand se versteet. Um Schluss kontrolléiert hien zesumme mam Kand, ob d’Hausaufgaben all gemaach sinn. Wann d’Kand Schwieregkeete mat enger Aufgab huet, dann dréit den Educateur eng Remarque an d’E-Bichelchen, dat neit digitaalt Hausaufgabenheft, an esou ginn d’Elteren an den Enseignant gewuer, dass d’Kand nach eng zousätzlech pedagogesch Hëllef brauch.

Par contre gehéiert et net zu den Aufgabe vum Personal aus de Betreiungsstrukturen, fir d’Aufgaben ze verbesseren an och net de Kanner Léierstoff ze erklären, dee se net verstanen hunn. Dat bleift d’Aufgab vum Enseignant, deen d’Retarde mat de Kanner an der Schoul opschafft.   

E Qualitéitssprong fir d’Hausaufgabenhëllef

Ënnert dem Personal aus de Bildungs- a Betreiungsstrukturen, déi d’Hausaufgabenhëllef encadréieren, ass bis spéitstens September 2024 virgesinn, datt déi néideg Kompetenze fir d’Betreiung vun de Kanner (Premièresofschloss an déi néideg däitsch, franséisch a lëtzebuergesch Sproochkompetzen) vertruede sinn.

Donieft kréien déi Leit eng Formatioun vum Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN), déi vum 1. September 2022 un online ofgehale gëtt.

D’E-Bichelchen ass en neien Outil, deen et erméiglecht, sech ronderëm d’Hausaufgaben vum Kand auszetauschen. Esouwuel d’Enseignanten, d’Educateuren, d’Elteren ewéi d’Kand selwer kënnen dorop zougräifen an esou d’Hausaufgaben zesumme geréieren.

 

[i] D’Bildungs- a Betreiungsstrukturen ëmfaassen esouwuel déi kollektiv Strukturen (Maison-relaisen, Foyer-scolairen) ewéi och d’Dageselteren.

 

Aktualiséiert