Fuschnei! E frësche Look an erweidert Funktionalitéite fir den Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD)

D’Lëtzebuergescht spillt an eiser villsprocheger Gesellschaft eng wichteg Roll an den Interessi un der lëtzebuerger Sprooch wiisst zënter Joren konstant. All Dag benotzen Dausende vu Leit de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch : am leschte Joer goufen iwwer 10 Milliounen Artikelen gekuckt, dat ass eng Verdräifachung par Rapport zu 2017.

An de leschte Méint gouf un enger fuschneier Versioun vum Dictionnaire geschafft an den 20. Juni 2022 gouf a Präsenz vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend den LOD am frësche Look a mat erweiderte Funktionalitéite presentéiert an fir de Public zougänglech gemaach.

“De immense Succès vum LOD ënnermauert de groussen Interessi um Lëtzebuergeschen als Schrëftsprooch. Mat der neier Versioun gëtt den LOD nach méi accessibel a festegt de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen als Kommunikatiouns-, Integratiouns- a Literaresch Sprooch.”, huet de Claude Meisch ënnerstrach.

Eng besser Accessibilitéit mat alle Geräter an nei Funktionalitéiten

Niewent dem ästheeteschen Aspekt gouf den iwwerschaffte Layout och fir mobil Geräter (Handyen an Tablets) optimiséiert.

Iwwer en Navigatiouns-Menü ass et elo zu all Ament méiglech, geziilt op déi  verschidden Informatiounen zouzegräifen, déi zu engem Wuert am LOD ze fanne sinn.

Donieft machen nei Funktionalitéiten, déi intuitiv ze benotze sinn, den Inhalt vum LOD nach méi zougänglech: eng erweidert Sich, iwwer déi mat allméigleche Krittäre kann no Wierder gesicht ginn an eng Klassifizéierung vun de Wierder a Kategorien, déi een sech all beienee kann ukucken. All d’Sich-Resultater an all d’Wierder aus enger Kategorie kënnen och kamoud als Lëscht erofgeluede ginn.

Eng verbessert Feelertoleranz an d’Sich no ganzen Ausdréck – a fënnef Sproochen

D’Feelertoleranz bei der Sich ass verbessert ginn an de User kritt elo fir all Recherche méiglechst pertinent Resultater gewisen, och wa beim gesichte Begrëff déi aktuell orthografesch Reegelen net respektéiert goufen. Déi Feelertoleranz gräift och bei de véier Iwwersetzungssproochen Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch.

Zousätzlech goufen gängeg Ausdréck, déi aus méi ewéi engem Wuert bestinn, an den Autocomplete an an d’Sich integréiert.

Mam Bäisetze vu Gebäerdevideoen (a Kollaboratioun mat der Associatioun Hörgeschädigten Beratung SmH, https://hoergeschaedigt.lu) gouf e wichtegen inklusive Schrëtt ënnerholl. Déi Videoe sinn elo regruppéiert a besser mat den entspriechende Sënner verlinkt.

Ausserdeem kann deen neien LOD ëmmer nach ganz an der OpenDyslexic-Schrëft gekuckt ginn.

Den LOD en oppene Produit

D’Date vum LOD kënne geziilt iwwer eng API am JSON-Format ofgeruff a fir all Zwecker gratis genotzt ginn: Léierplattformen, Spiller, Iwwersetzungs- a Schreifhëllefen asw. Esou kënnen och aner linguistesch Toolen stänneg mat deenen aktuellsten Donnéeë vum Dictionnaire gefiddert ginn.

Eng vun de wichtegsten Informatiounsquelle fir den Ausbau vum LOD ass de Feedback an Input vun de Utilisateuren. Iwwer deen neie Site gëtt et weesentlech méi einfach, fir Remarken a Feedback eranzeschécken, déi dann am ZLS kënne berücksichtegt ginn.

All Zort vun Inhalt sief et en Artikel, e Resultat vun enger erweiderter Sich, Wierder aus enger Kategorie, asw. ka vum neie Site aus op de gängege sozialen Netzwierker an iwwer Mail gedeelt ginn.

Eng weider Neierung erwaart d’User nach am Hierscht wou eng LOD-App lancéiert gëtt.

Den LOD an Zuelen – vun 1 bis 10 Milliounen

1 Dictionnaire

5 Iwwersetzungssproochen (DE, FR, EN, PT & Gebäerdesprooch)

2.400 Gebäerdevideoen

5.000 Spréchwierder a Riedewendunge mat Erklärung

9.300 Tabellen (Adjektiven & Verben)

10.000 Synonymmen

20.000 phoneetesch Transkriptiounen (IPA)

30.000 Audioen

31.000 Dictionnaires-Artikelen

35.000 beschriwwe Sënner

48.000 Beispillssätz

130.000 verschidde Wuertformen

170.000 Iwwersetzungen

 

2021 waren am Duerchschnëtt 2.709 Useren den Dag um Site. Am Ganze goufen 9.670.357 Begrëffer gesicht an 10.235.914 Artikelen opgeruff.

Aktualiséiert