Den Tristan Willigsecker ass de Gewënner vun der 17. Editioun vum Virliesconcours

Tristan Willigsecker

Am Kulturhaus zu Miersch hunn sech den 28. Juni 2022 am Nomëtteg déi 15 Finalistinnen a Finaliste vum Virliesconcours getraff. Dës Schüler aus dem Cycle 4, véier Jongen an eelef Meedercher, hate sech ënnert méi wéi 4.500 Participanten am ganze Land qualifizéiert, fir an d’Finall ze kommen an en Text iwwer „Déieren“, d’Theema fir dës 17. Editioun vum Virliesconcours, ze presentéieren.

D’lokal Selektiounen, vun de Schoulbibliothecairen organiséiert, hu fir d’éischt op Klassenniveau stattfonnt, duerno op Schoulniveau. Doropshi gouf eng Audiodatei vun all eenzel vun de 85 Schoulgewënner op de SCRIPT geschéckt. Eng intern Jury huet déi 15 Finaliste gewielt.

Ënnert de Finalisten haten sech néng fir Däitsch, fënnef fir Franséisch an ee Kand fir Lëtzebuergesch entscheet. Si hunn all en Extrait vun hirem Choix an duerno en onbekannten Text an där Sprooch virgelies. Déi onbekannt Texter koumen aus dem Buch „Buddy – Mein Leben als Straßenhund“ vum Gill Lewis, aus „La révolte des animaux moches“ vum Coline Pierré respektiv aus „Dem Kueder Igor seng Aventüren & d’Geheimnis vun de 7 Liewen“ vum Mara Montebrusco-Gaspari.

De Concours gouf gewonne vum Tristan Willigsecker aus der Grondschoul vun Duelem, mat engem Extrait aus dem Buch „Les fables d’Ésope“ vum Michael Morpurgo. De Gewënner konnt de Jury och iwwerzeegen, wéi en den imposéierten Text aus „La révolte des animaux moches“ gelies huet.

Kulturell Ënnerhalung tëscht de Liesunge gouf vun der Projetsekipp mimamu.lu gebueden: Si huet dem Public e Choraoke proposéiert. Dat ass eng Aart Karaoke, bäi där de Public mat de Museker op der Bün Lidder séngt, wärend den Text a rhythmesch Symboler op engem groussen Ecran defiléieren. De Public huet mat grousser Begeeschterung matgemaach.

De Claude Mangen, Direkter vum Mierscher Kulturhaus a Kenner vun der Lëtzebuerger Literaturwelt, huet de Public – Klassekomerodinnen, Klassekomeroden a Famillje vun de Finalistinnen a Finalisten – duerch dëse liewegen Nomëtteg gefouert, bäi deem d’Genéisse vum Liesen an Nolauschteren um Rendez-vous waren.

Déi jonk Finalistinnen a Finaliste waren: Emilie Fellerich, Maessa Garbay, Imène Houdremont, Klara Muller, Svetlana Nieuwenhuis, Clarissa Pierrard, Mohammad Mahdi Rahmani, Inès Reizer, Raphaël Sagot, Léini Schaack, Joanne Schneidesch, Liam Schumacher, Carla Turk, Tristan Willigsecker a Leticija Zélic.

All Finalist krut e Buch an e Bicherbong als Präis. De Gewënner krut e Bong vun enger Librairie fir méi en héije Betrag.

Am Jury waren: d’Laurence Hilger, Libraire; de Claude Karger, Projetscoordinateur fir Medieprojete beim SCRIPT; d’Irène Petesch, Enseignante a Schoulbibliothecaire; d’Romaine Theisen, Regionaldirektesch, an d’Nora Wagener, Autorin.

De Virliesconcours gëtt all Joer am Kader vun der Liesfërderung vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend organiséiert. E riicht sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 vun der Grondschoul.

Geschwë fannt Dir den Interview mam Tristan op www.piwitsch.lu.

 

Emilie Fellerich, Maessa Garbay, Imène Houdremont, Klara Muller, Svetlana Nieuwenhuis, Clarissa Pierrard, Mohammad Mahdi Rahmani, Inès Reizer, Raphaël Sagot, Léini Schaack, Joanne Schneidesch, Liam Schumacher, Carla Turk, Tristan Willigsecker, Leticija Zélic.

Dernière mise à jour