Presentatioun vum éischte „Kannerbericht“: Generell ass d’Wuelbefanne vun de Kanner zu Lëtzebuerg héich!

Vu lenks no riets: déi dräi Auteure vum Kannerbericht, de Professeur Sascha Neumann (Prof. Dr. phil.) vum Institut des sciences de l’éducation vun der Eberhard Karls Universität Tübingen, den Dr Audrey Bousselin, vum Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) an d’Nicole Hekel (Dipl.-Päd.) vum Centre for Childhood and Youth Research (CCY) vun der Uni.lu, an d’Christiane Meyer, chef de la Direction générale du secteur de l’enfance vum Ministère fiur Educatioun, Kanner a Jugend (3.)

 

Den 22. Mäerz 2022 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch zesumme mam Prof. Dr Sascha Neuman vun der Uni Tübingen deen éischten „Nationale Bericht iwwert d‘Situatioun vun de Kanner“ virgestallt. De Prof. Dr Sascha Neumann ass ee vun den 3 Auteuren a Coordinateur vum éischte Kannerbericht. De Bericht ass eng Kooperatioun tëschent der Uni Lëtzebuerg, dem Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) an der Eberhard Karls Universität Tübingen.

A senger Video-Introductioun huet de Claude Meisch betount, wéi wichteg et ass, de Kanner nozelauschteren: „Wa mer Politik fir Kanner wëlle gestalten, dann ass et och wichteg, se zu Wuert kommen ze loossen. Dëse Kannerbericht ass d’Stëmm vun de Kanner zu Lëtzebuerg.”

 

Kannerbericht 2022 - Wuert vum Minister Claude Meisch

De Kannerbericht stellt, genee ewéi vill aner Enquêten, déi den Educatiounsministère reegelméisseg an Optrag gëtt, e wichtegt Element vun enger evidenzbaséierter Bildungspolitik duer. De Kannerbericht besteet aus 2 Etuden, déi complementaire sinn: eng éischt Etude vun der Universitéit Lëtzebuerg  iwwert déi non-formal Praxis an eng zweet representativ Enquête mam Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER), wou Kanner direkt befrot ginn zu hirem Wuelbefannen. Fir dës Etude goufen déi selwecht Kanner am Alter vun 8, 10 an 12 Joer an zwou Phase befrot an et ass fir d’éischt, datt zu Lëtzebuerg eng Etude an dëser Envergure gemaach gouf. Déi éischt Phas war virun der Pandemie (2019), déi zweet wärend der Pandemie (2021). Dës Etude hëlleft deemno ze verstoen, wat d’Auswierkunge vun der Pandemie op d’Wuelbefanne vun de Kanner sinn.

Am Fokus vum Kannerbericht 2022 steet d‘Wuelbefanne vun de Kanner an alle Situatiounen, an deene si opwuessen an déi zu hirer Entwécklung bäidroen: Zentraalt Element ass hir subjektiv Vue op hir eege Liewensëmstänn, an dat an deene ville verschiddene Liewenswelten, déi zu hirer Entwécklung bäidroen, sief et an der Schoul, an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen, an der Famill oder an der Fräizäit. Analyséiert gouf, wéi zefridden d’Kanner mat hirem Liewen allgemeng respektiv mat bestëmmte Beräicher vun hirem Liewen sinn a wéi eng positiv oder negativ Gefiller an Erfarungen se domat verbannen.

D’generellt Wuelbefanne vun de Kanner zu Lëtzebuerg bléift héich

2021 war op en Neits e Joer, dat duerch d’Pandemie de Kanner hiert Liewen staark ageschränkt huet. Et goufe Verännerungen a verschiddene Beräicher, mee allgemeng bleift dat subjektiv globalt Wuelbefanne stabil. De Kannerbericht stellt fest, datt déi Non formal a formal Bildung alle béid hire Bäitrag fir d’Wuelbefanne vun de Kanner leeschten.

Wichteg Roll vun der non-formaler Bildung beim Wuelbefannen

De Kannerbericht betount d’Bedeitung vun der non-formaler Bildung als wichtege „sozialen Erfarungsraum” fir Kanner; et ass déi Plaz ausserhalb vun der Famill, wou Kanner sech begéinen, Frëndschafte schléissen a wichteg Erfarunge maachen am Grupp mat Gläichaltregen. Et war deemno vu grousser Bedeitung fir dës Strukturen, och wärend der Pandemie gréisstméiglech normal kënnen ze fonctionéieren. D’ Regierung huet an de leschte Jore wichteg Reformen an d’Weeër geleet. fir grad den Zougang zur non-formaler Bildung zu fërderen an d‘Qualitéit vun de Bildungsofferen ze verbesseren: De Programm plurilingue fir eng méisproocheg Erzéiung am Klengkandberäich an déi deelweis gratis Betreiung vu Kanner vun 1-4 Joer hunn dozou gefouert, datt Lëtzebuerg um internationale Plang ee vun den erschwénglechste Kannerbetreiungs- an Educatiounssystemer ginn ass, dat Famille finanziell entweder ganz oder ganz staark entlaascht. An dëser Kontinuitéit gëtt vun der Rentrée un déi deelweis gratis Betreiung vun de Schoulkanner agefouert.

D’Matbestëmme vun de Kanner weider ausbauen

Eng vun de Conclusiounen aus dem Kannerbericht ass, datt d’Matbestëmmungsméiglechkeete vun de Kanner an d’Wëssen ëm d’ Kannerrechter nach ausbaufäeg sinn.

Am nationale „Rahmenplan” vun der non-formaler Bildung, deen 2016 iwwert d’Jugendgesetz agefouert gouf, gouf d‘Partizipatioun als wichtegen iwwergräifende pedagogesche Prinzip verankert. Et wäerten an deenen nächste Méint Echangë mat de Vertrieder aus der non-formaler Bildung lafen, fir iwwer weider Méiglechkeete vu Matbestëmmung a Participatioun an den non-formale Bildungsstrukturen nozedenken. Och um kommunale Plang wäerten Initiative geholl ginn, fir d’Matbestëmmung vun de Kanner ze ënnerstëtzen a Modeller vu Participatioun fir den nationale Plang auszeschaffen.

D’Erkenntnisser vum Kannerbericht ginn och a Form vun engem „Kannerbuch“ esou opgeschafft , datt se fir all d’Kanner zougänglech sinn, esou datt d’Kanner hir Rechter op Matbestëmmung an der Gesellschaft kenne léieren an iwwert hiert Wuelbefanne kënne reflektéieren.

D’Famille weider stäerken

De Kannerbericht bestätegt, datt d’Famill e wichtege Facteur fir d’Liewenszefriddenheet vun de Kanner ass. Dofir ass et och weiderhi wichteg, d‘Famillen ze ënnerstëtzen an ze entlaaschten.

E wichtege Projet an dësem Kontext sinn d’Eltereforen, déi an noer Zukunft an d’Liewe geruff ginn. Hei ginn Elteren empfaang, hir Froen thematiséiert a si ginn iwwer d’Ënnerstëtzung informéiert. Dëst ass eng Offer fir all Famillen, fir se beschtméiglech doranner ze ënnerstëtzen, hir Kanner an deene verschiddene Liewensphase beschtméiglechst ze begleeden. D’Situatioun doheem huet e groussen  Impakt op d’Wuelbefanne vun de Kanner.

D’Wuelbefanne weiderhin am Fokus vun den Enquêten

De Kannerbericht liwwert wichteg an nohalteg Daten, déi een och weider kann analyséieren a mat aneren Donnéeë ka vergläichen. Esou wier et interessant, dës Daten iwwert d’Wuelbefanne vun de Kanner mat deenen iwwer d’„Réussite scolaire” ze kräizen an Zesummenhäng hierzestellen. Eng weider Etude iwwer de Bien-être vun de Kanner wäert an deenen nächste Woche vum Observatoire national de la qualité scolaire publizéiert ginn.

 

Aktualiséiert