Stäerkung vun der fréikandlecher Betreiung an Erzéiung zu Lëtzebuerg: E Fokus op d’non-formal Bildung

De 24. Februar 2022 hunn de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, an den Direkter vum Directorate of Education and Skills vun der OECD (Organisation for Economic Co-operation and Development), Andreas Schleicher, op enger Pressekonferenz e Rapport vun der OECD virgestallt, dee sech mat der Analys vun der Politik an der fréikandlecher Betreiung an Erzéiung zu Lëtzebuerg befaasst: Strengthening Early Childhood Education and Care in Luxembourg.

Zil vun der fréikandlecher Betreiung an Erzéiung: Chancëgläichheet a Fërderung vun der Entwécklung vun de Kanner

Et ass d’Aufgab vun der Educatiounspolitik, dofir ze suergen, datt all Kand déi selwecht Chancë kritt, fir säi schoulesche Parcours ze reusséieren. De sozioekonomeschen Hannergrond, d’Mammesprooch oder de Migratiounshannergrond dierfen deem net am Wee stoen. An deem Kontext spillt déi fréikandlech Betreiung an Erzéiung eng wichteg Roll.

Wëssenschaftlech Studie weisen, datt kleng Kanner op eng natierlech an intuitiv Manéier léieren: Si  si virwëtzeg, si léiere gär a séier, an duerfir ass en Ëmfeld, dat hinne vu Klengem u villfälteg Erfarungen erméiglecht a si stimuléiert, gutt fir hir Entwécklung. Dofir goufen 2016 an 2017 zwee wichteg Gesetzer ugeholl, déi d’Zil hunn, d’Qualitéit vun der non-formaler Bildung ze verbesseren.

Déi fréikandlech Betreiung an Erzéiung zu Lëtzebuerg: en ambitiéise Programm

Allgemeng hieft d’Analys vun der OECD ervir, datt Lëtzebuerg am Bezuch op déi fréikandlech Betreiung an Erzéiung en éiergäizege politeschen Agenda verfollegt. D’Regierung huet an de leschte Joren eng Rei wichteg Reformen ageleet, fir d’Accessibilitéit zu der non-formaler Bildung vun all Kand ze garantéieren an d’Qualitéit nach weider ze verbesseren. D’Jugendgesetz vum 24. Abrëll 2016 huet d’Qualitéit vun der pedagogescher Offer vun alle Betreiungsstrukture verbessert. D’Gesetz iwwer d’méisproocheg Erzéiung, dat vun der Chamber den 11. Juli 2017 ugeholl gouf, huet déi deelweis gratis Betreiung vu Kanner vun engem bis véier Joer a gläichzäiteg och e Programm fir eng méisproocheg Erzéiung fir dës Altersgrupp agefouert. Lëtzebuerg huet am internationale Vergläich ee vun deenen abordabelste Kannerbetreiungs- an -erzéiungssystemer, deen de Famillen deels gratis, deels subventionéiert zur Verfügung steet.

Et war de politesche Wëllen, en externe Bléck op dësen neien Dispositif werfen ze loossen. An deem Sënn huet de Ministère 2019 decidéiert, bei engem Projet vun der OECD matzemaachen, an deem  d’Analys vun der Qualitéitssécherung am Beräich vun der fréikandlecher Betreiung an Erzéiung am Fokus steet. Am Vierdergrond vun dëser Analys stinn zwee Aspekter: de Suivi vun der Qualitéit am Secteur vun der fréikandlecher Betreiung an Erzéiung (Qualitéitsentwécklung a Qualitéitssécherung) an d’Entwécklung vun de Mataarbechter am Secteur (workforce development).

Haaptconclusiounen aus dem Rapport

De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend: déi formal an non-formal Bildung ënnert engem Daach

“Strengthen co-ordination across departments within the Ministry of Education, Children and Youth.”

Eng grouss Stäerkt vum Lëtzebuerger System ass, datt déi politesch Responsabilitéit esouwuel vun der Kannerbetreiung an -erzéiung ewéi och vun der Schoul an engem Ministère regruppéiert sinn. Deementspriechend huet de Ministère d’Bildungsziler vun deenen zwee Secteuren openeen ofgestëmmt an ergänzend Léierpläng respektiv Plan-cadres ausgeschafft. D’Zesummeféiere vun der formaler an non-formaler Bildung 2013 war och e staarkt Zeechen, datt den non-formale Secteur en essentielle Bestanddeel vun der Educatioun ass an net nëmmen eng Ënnerstëtzung fir d’Elteren, déi schaffen. Dëse Regruppement erliichtert de Kanner d’Iwwergäng tëscht der non-formaler an der formaler Bildung an erméiglecht eng grouss Kohärenz tëscht den zwee Systemer. Esou wéi et de Rapport ervirhieft, gëtt d’Stäerkung vun der Koordinatioun iwwert d’Departementer eraus am Ministère weider virugedriwwen.

Reform vum Finanzement vun der fréikandlecher Betreiung an Erzéiung

“Investigate the costs of providing high-quality ECEC (early childhood education and care) and ensure investments are allocated efficiently across different types of ECEC provision, particularly in the non-formal sector between contracted and non-contracted settings.”

De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend schafft aktuell un enger Reform vum Finanzement  vum Chèque-service. Esou wéi et am Regierungsprogramm virgesinn ass, gëtt den aktuelle System analyséiert, fir en duerch eng manner komplex Finanzéierung ze ersetzen a sécherzestellen, datt déi staatlech Subventiounen och tatsächlech den Elteren zegutt kommen an, in fine, dës finanziell Ënnerstëtzung an eng qualitativ héichwäerteg fréikandlech Betreiung an Erzéiung vun de Kanner fléisst.

Assisen zur Personalentwécklung am Beräich vun der fréikandlecher Betreiung an Erzéiung

“Explore the possibility of developing ECEC-specific initial education programmes that provide qualifications at various levels of education”

De Rapport vun der OECD gesäit d’Qualifikatioun vum Personal als e Punkt, deen nach optiméiert sollt ginn. D’Aféierung vun enger Spezialisatioun an der initialer Ausbildung vun den Educateure gëtt als Pist opgewissen.

Als wichtege  Schratt fir d’Verbesserung vun der Qualifikatioun gouf 2022 den neien Dispositif vun der gratis Formation continue an der professioneller Begleedung vum Personal vun de Betreiungsstrukturen agefouert. All Mataarbechter, sief et aus dem konventionéierten oder dem net konventionéierte Secteur, huet d’Urecht op 24 Stonne Formation continue pro Joer, déi integral vum Ministère finanzéiert ginn. An den nächste Méint wäert de Ministère och Assise vun der non-formaler Bildung organiséieren. D’Zil ass et, fir mat allen Acteuren ze diskutéieren, wéi eng Beruffsprofiller an der fréikandlecher Betreiung an Erzéiung gebraucht ginn an esou d’Formation initale vun den Educateuren un d’Besoine vum Terrain unzepassen.

Nei Rollenopdeelung an der Qualitéitssécherung an -entwécklung am Beräich vun der fréikandlecher Betreiung an Erzéiung

“Engage ECEC staff, parents and children in monitoring visits to broaden and deepen knowledge of process quality.”

“Develop systematic observations of staff interactions with children as well as children’s interactions with one another, and introduce observational monitoring tools to assess process quality.”

D’OECD weist an hirem Rapport dorop hin, datt d’Agents régionaux, déi mam Bildungsrahmenplan vun 2018 agefouert goufen, en essentielle Rôle bei der Stäerkung vum Wëssen am Beräich vun de Qualitéitsprozesser a bei der Verbesserung vum Pilotage am non-formale Secteur spillen. D’Agents régionaux baséieren sech bei hirem Qualitéitssuivi op Entretiene mat de Chargés de direction an op hir Dokumentatioun. Fir an deem Beräich eng gréisser Effizienz ze erreechen, proposéiert d’OECD, fir donieft och direkt Observatioune vun der Aarbecht mat de Kanner ze maachen. Och d’Perspektiv vum Personal, den Elteren an den Kanner sollt mat abezu ginn. Am Sënn vu gréisstméiglecher Qualitéit an der fréikandlecher Betreiung an Erzéiung wäert de Ministère dës Recommandatioun ëmsetzen an och am non-formale Beräich eng verstäerkten Zesummenaarbecht mat den Elteren ustriewen, respektiv hir Meenung an hire Feedback méi systematesch mat an d’Iwwerleeungen ophuelen. D’Agents régionaux wäerten sech op d’Qualitéitsentwécklung (am pedagogesche Beräich) konzentréieren an dobäi e formativen an ënnerstëtzende Rôle anhuelen. Anerersäits sinn et déi ministeriell Servicer, déi sech ëm d’Kontroll an, wann néideg, d’Sanktioun këmmeren. Domat ass d’Trennung vun de Rôlë vun den Agents régionaux an de ministerielle Servicer méi kloer.

Aktualiséiert