„D’Lëtzebuerger Orthografie“ ass nees ze kréien

Wéi am November 2019 eng aktualiséiert a completéiert Orthografie vun der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt gouf, war d’Nofro risegrouss. Bannent kierzter Zäit huet dat offiziellt Reegelwierk mussen zweemol nogedréckt ginn.

Zanter der Rentrée 2020 ass déi aktualiséiert Rechtschreiwung eleng a Kraaft, wat nach emol zu enger grousser Nofro gefouert huet. Ugangs des Joers gouf dofir nach emol nogedréckt – déi 14.000 Exemplairë waren deen Ament all verdeelt an den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) huet d’Commandë gesammelt.

Zanter dem 13. Januar ass d’Bichelche mam Titel „D’Lëtzebuerger Orthografie“ nees ze kréien. Fir dat ze feieren, huet den Educatiounsminister Claude Meisch e Mëttwoch de Moien der Madamm Cornelia Baum vun Alzeng, déi d’Buch am Dezember virbestallt hat, den éischten Exemplaire vun der mëttlerweil 4. Oplo iwwerreecht. Zesumme mam ZLS-Direkter Luc Marteling huet de Minister sech mat der linguistesch ganz interesséierter Madamm Baum iwwer déi aktuell Defie vun der Lëtzebuerger Sprooch an iwwer déi aktuell Publikatioune vum ZLS ënnerhalen. (Weider Informatiounen hei)

„D’Lëtzebuerger Orthografie“ gëtt et nach ëmmer gratis. Et kann ee se vun elo un nees am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch bestellen (einfach op lod@lod.lu mailen, d’Adress wgl. net vergiessen). D’Virbestellunge ginn an den nächsten Deeg verschéckt. Wien d’Buch oder méi grouss Commanden am ZLS-Siège (163, rue du Kiem, L-8030 Stroossen) wëllt ofhuelen, deen ass gebieden, virdrun e Rendez-vous auszemaachen (Tel. 247-88640 oder lod@lod.lu).

Um Internetsite vum ZLS kann een d’Orthografie och gratis als PDF eroflueden.

D’Lëtzebuerger Orthografie

Redaktioun: Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch (CPLL) an Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)
Editeur: SCRIPT an ZLS
© Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Layout: Bakform
Dréckerei: REKA print+

4. Oplo, Lëtzebuerg 2021
ISBN 978-99959-1-163-8

Aktualiséiert