Konventioun mat der Museksschoul vun der UGDA

De 17. Januar 2020 huet de Minister Claude Meisch eng Konventioun mat der Museksschoul vun der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA) ënnerschriwwen.

Des järlech finanziell Participatioun soll der UGDA Museksschoul ënner anerem hëllefen di villfälteg Offer vun de Museksstagen a Workshoppe fir Schüler vu sämtleche Museksschoulen a Conservatoiren aus dem ganze Land, ze festegen a weider auszebauen, wéi och den alljärleche Concours fir Jonk Solisten, un deem Schüler  aus alle Museksschoulen a Conservatoirë kënnen deelhuelen, ze ënnerstëtzen.

De Minister Claude Meisch ënnersträicht heimat d’Wichtegkeet vun enger flotter a ganz ofwiesslungsräicher Offer, un deenen d’Schüler  nieft hire normale Coursen, hier Freed an hier Passioun un der Musek kënne verdéiwen, a mat anere Jonken deelen.

 

Dernière mise à jour