E komplettéiert Reegelwierk vun der Lëtzebuerger Sprooch

De Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch (Conseil permanent de la langue luxembourgeoise) huet den 20. Mäerz 2019 e komplettéiert Reegelwierk vun der Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeholl.

Nodeems eng éischt Versioun vun deene Reegelen am Dezember 2018 op www.cpll.lu publizéiert gouf, koumen eng Partie Avisen eran an eng zweet Versioun gouf redigéiert. Dës Versioun steet och elo op www.cpll.lu a jiddweree ka seng Bemierkungen a Virschléi per Mail op cpll@cpll.lu eraginn, bis den 30. Abrëll 2019. Dono gëtt déi Schreifweis dann offiziell publizéiert.

 


Un dispositif règlementaire complété de la langue luxembourgeoise

Le Conseil permanent de la langue luxembourgeoise a retenu le 20 mars 2019 un dispositif règlementaire complété de l’orthographe de la langue luxembourgeoise.

Une première version de ces règles avait été publiée sur le site www.cpll.lu en décembre 2018. Suite à un appel aux intéressés, les avis recueillis ont permis de rédiger une seconde version qui vient d’être publiée sur le site www.cpll.lu. De nouveaux avis peuvent être soumis par email à l’adresse cpll@cpll.lu jusqu’au 30 avril 2019.

Dernière mise à jour