Néng Laureate vun der Formatioun „Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“ (ZLSK) kruten hiren Diplom iwwerreecht

Am Joer 2017-2018 huet den Institut national des langues (INL) scho fir déi néngte Kéier d’Formatioun „Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“ (ZLSK) organiséiert. Den 25. Oktober kruten déi néng Absolvente vum Marc Barthelemy, Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, vum Erik Goerens, Direkter vum Service de la formation des adultes, a vum Karin Pundel, Directrice vum INL, a Präsenz vun de Formateuren, hiren Zertifikat iwwerreecht, a sinn elo offiziell habilitéiert, Lëtzebuergeschcoursë fir Erwuessener ze ginn.

Duerch dësen Zertifikat kréien si en Agrement, fir Lëtzebuergeschcoursen an de Gemengen an am konventionéierte Secteur ze halen, woumat si als wichteg Multiplicateure vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur hiert Wëssen un Net-Lëtzebuerger weider kënne ginn.

D‘Schwéierpunkte vun der Formatioun sinn, de Besoinen, den Ziler an de Léierprozesser vun Erwuessenen, déi Lëtzebuergesch léiere wëllen, gerecht ze ginn an de spéidere Formateuren déi néideg theoretesch, praktesch, fachlech a methodesch-didaktesch Hannergrënn ze vermëttelen.

D‘Formatioun vun am ganzen 120 Stonne geet iwwert 2 Semesteren an ass an 3 Modullen opgedeelt:

  • Literatur a Kultur (30 Stonnen);
  • Didaktik (60 Stonnen);
  • Linguistik (30 Stonnen).

D’Kandidate kréien och iwwert de Wee vun engem zousätzleche Stage (6 Stonnen) e praktesche Bezuch zum Enseignement vum „Lëtzebuergesch als Friemsprooch“.

 

Dernière mise à jour