Brochure “Bierger, Gesellschaft, Politik – Zesummen d’Lëtzebuerger Sprooch fërderen” gratis bestellen op www.sproocheronn.lu

Am Februar an am Mäerz 2018 huet de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend véier Biergerforen organiséiert, wou d’Awunner d’Méiglechkeet haten, aktiv iwwer d’Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sprooch matzediskutéieren. Parallel konnten d’Bierger och op www.sproocheronn.lu hir Iddien a Virschléi eraginn a sech mat anere Leit austauschen.

Iwwer 150 interesséiert Leit hu sech aktiv un de Sproocheronne bedeelegt an iwwer 100 konkret Proposen, déi zur Fërderung vum Lëtzebuergesche solle bäidroen, sinn op www.sproocheronn.lu erakomm.

An der Brochure “Bierger, Gesellschaft, Politik – Zesummen d’Lëtzebuerger Sprooch fërderen” ginn déi 40 Mesurë vun der Regierung hirem Strategiepabeier verbonne mat de gesellschaftlechen Aussoe vun enger TNS Ilres-Ëmfro an de Proposen a Léisungsvirschléi vun de Bierger aus de Sproocheronnen.

D’Brochure kann een op www.sproocheronn.lu eroflueden oder gratis bestellen.

Dernière mise à jour