TNS-Ilres-Enquête: D’Lëtzebuergescht ass déi gemeinsam Sprooch vun dräi Véierel vun der Populatioun a vu 94 % vun deene Jonken

Den Educatiounsminister Claude Meisch an de Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt, hunn en Donneschdeg, 7. Juni d’Resultater vun der Enquête iwwer d’Roll vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Gesellschaft presentéiert.

De repräsentative Sondage, dee vun TNS-Ilres duerchgefouert a vum Direkter Tommy Klein am Detail presentéiert gouf, weist eng grouss Zoustëmmung (76 %) fir d’Aktiounen an d’Initiativen, déi d’Regierung fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch lancéiert huet. D’Majoritéit vun de befrote Leit fënnt, datt d’Diskussioun iwwer de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch sënnvoll oder ganz sënnvoll ass.

E groussen Deel vun de befrote Leit (78 %) fënnt, datt d’Lëtzebuerger Sprooch soll gestäerkt ginn.

D’Schoul kënnt hirer Roll an der Vermëttlung vum Lëtzebuergeschen no

D’Enquête weist ganz däitlech d’Wichtegkeet vum Lëtzebuergeschen am Alldag, esouwuel am Privat- wéi am Beruffsliewen.

D’Lëtzebuergescht gëtt vun engem ganz groussen Deel vun der Populatioun geschwat: 77 % vun de befrote Leit schwätze Lëtzebuergesch. Et sinn esouguer 94 % bei deene Jonken tëscht 16 a 24 Joer. “Déi Jonk, déi nach Schüler sinn oder d’Schoul scho verlooss hunn, schwätze bal alleguer Lëtzebuergesch. Dat weist, datt eis Schoul e wichtegen Acteur ass, wann et ëm d’Promotioun vun eiser Sprooch geet a si hir Funktioun voll a ganz erfëllt”, huet sech de Claude Meisch gefreet.

Lëtzebuergesch als Integratiounssprooch

92 % vun de Jonken, déi befrot goufen, schwätzen déi dräi offiziell Sproochen. “D’Lëtzebuergescht trennt net, méi féiert zesummen”, war dem Minister seng Analyse. Eng Meenung, déi vun 60 % vun de befrote Leit gedeelt gëtt, déi fannen, datt Lëtzebuergesch déi wichtegst Integratiounssprooch ass.

Eng geschwaten a geschriwwe Sprooch

D’Lëtzebuergescht gëtt ëmmer méi och als geschriwwen an net nëmmen als geschwate Sprooch ugesinn. “Dëst ass eng Erausfuerderung fir eise Schoulsystem”, esou de Minister, deen op Initiativen higewise huet, mat deenen op eng spilleresch an flott Manéier d’Lëtzebuerger Grammaire a Schreifweis de Leit méi no bruecht soll ginn. Als Beispill huet hien d’Campagne schreiwen.lu genannt, déi 2017 lancéiert ginn ass.

D’Méisproochegkeet, eng geliefte Realitéit

Een anert markant Resultat vun der Etude bezitt sech op d’Méisproochegkeet. Méi wéi 70 % vun de befrote Leit schwätzen déi dräi offiziell Landessproochen - Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch - oder esouguer véier oder méi Sproochen. D‘Franséischt gëtt vu praktesch all de befrote Leit (98 %) geschwat.

D’Méisproochegkeet ass domat eng geliefte Realitéit zu Lëtzebuerg. D’Sproochesituatioun stellt fir d’Majoritéit vun der Populatioun kee Problem duer.

D’Promotioun vum Lëtzebuergeschen, eng Prioritéit fir d’Regierung

De Staatssekretär an der Kultur, Guy Arendt, huet ënnerstrach, datt d’Strategie vun der Regierung fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch “sech net géint aner Sprooche riicht, mee zesumme mat hinne soll funktionéieren.” Et geet dorëms, d’Roll vum Lëtzebuergeschen als Integratiouns- a Kommunikatiounssprooch ze definéieren. Dës Fro stoung am Mëttelpunkt vun de Biergerforen, de Sproocheronne vum Mäerz a vum Abrëll. D’Conclusioune vun dëse Foren, grad ewéi déi op sproocheronn.lu gesammelt Iddien, wäerten am Juli 2018 an engem Rapport presentéiert ginn.

Dernière mise à jour