Wat mengt Dir ? Den nächste Biergerforum iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch ass den 8. Mäerz

Nach bis den 31. Mäerz hunn all d’Bierger am Land d’Méiglechkeet, iwwer de Stellewäert, d‘Chancen an d‘Perspektive vun der Lëtzebuerger Sprooch zesummen ze diskutéieren.

Op de Biergerforen uechter d’Land hunn d’Bierger, Lëtzebuerger wéi Net-Lëtzebuerger, d’Wuert, kënne sech austauschen an hir Virschléi abréngen :

Den nächste Biergerforum ass en Donneschden, den 8. Mäerz 2018 um 19.00 Auer an der Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht.

Weider Fore sinn en Donneschden, de 15. Mäerz 2018 um 19.00 Auer am Bierger- a Kulturhaus zu Munneref an en Dënsden, den 20. Mäerz 2018 um 19.00 Auer an der Aler Seeërei zu Dikrech

Interesséiert Bierger kënne sech och bis den 31. Mäerz am Online-Forum www.sproocheronn.lu austauschen an op verschidde Manéieren iwwert d’Sproochesituatioun debattéieren. Si kënnen hir Meenungen ausdrécken, op aner Commentairë reagéieren a Propose liken. De Site ass op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch accessibel.

« Wat mengt Dir ? » : le prochain forum citoyen consacré à la langue luxembourgeoise est fixé au 8 mars

Jusqu’au 31 mars, tous les citoyens du pays sont invités à s’exprimer sur la place, les chances et les perspectives de la langue luxembourgeoise dans notre société.

Des forums sont organisés à travers le pays pour permettre aux citoyens, Luxembourgeois comme non-Luxembourgeois, de s’engager activement dans le développement de la langue luxembourgeoise. Ces soirées sont l’occasion de discuter, d’échanger des idées et de faire des propositions.

Le prochain forum citoyen a lieu le jeudi 8 mars à 19 heures à la Kulturfabrik à Esch-sur-Alzette.

D’autres rendez-vous sont fixés au jeudi 15 mars à 19 heures au Bierger-a-Kulturhaus à Mondorf-les-Bains et au mardi 20 mars 2018 à 19 heures à la Al Seeërei à Diekirch.

Les citoyens intéressés peuvent aussi débattre de la situation linguistique sur le forum en ligne organisé sur www.sproocheronn.lu jusqu’au 31 mars. Ils peuvent faire des propositions, exprimer leur opinion, réagir aux commentaires et « aimer » les avis des autres internautes. Le site est accessible en luxembourgeois, en français et en anglais.

Dernière mise à jour