"Gewosst wéi!", eng Brochure mat de wichtegste Reegelen iwwert d’Lëtzebuerger Orthographie, elo gratis bestellen

Den Educatiounsministère bréngt d’Brochure "Gewosst wéi!" eraus iwwert d’Lëtzebuerger Orthographie. An der Brochure ginn a 14 Kapitelen d’Haaptreegelen exemplaresch erkläert mat bekannten traditionellen a modernen Zitater aus dem Lëtzebuerger Patrimoine culturel (Literatur, Musek a Film).

D’Brochure ka gratis bestallt ginn iwwert de Site www.schreiwen.lu."Gewosst wéi!" gëtt publizéiert am Kader vun der Ëffentlechkeetscampagne "Weess du wéi? schreiwen.lu", déi am Januar 2017 lancéiert gouf, fir méiglechst ville Leit Loscht ze maachen, sech mat de Schreifreegele vun eiser Sprooch ze beschäftegen.

Bei der Brochure handelt et sech ëm en Outil fir jiddwereen, dee sech fir d’Lëtzebuerger Orthographie interesséiert. Sou kann dës Brochure hëllefen, fir en éischte verdéiften Abléck an d’Reegelwierk vun der Rechtschreiwung ze kréien. Oder awer se ka genotzt ginn, fir vereenzelt Reegelen nozesichen.

"Gewosst wéi!" gëtt och op e sëlleche Plazen am Land verdeelt (Schoulen, Bibliothéiken, Gemengen, Jugendhaiser, …). 

"Gewosst wéi!", une brochure pour apprendre l’orthographe luxembourgeoise, à commander gratuitement

Le ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse publie la brochure "Gewosst wéi!" qui reprend les principales règles orthographiques de la langue luxembourgeoise, illustrées de nombreux exemples tirés du patrimoine culturel luxembourgeois (littérature, films, musique...).

Pour commander gratuitement "Gewosst wéi!", il suffit de remplir le formulaire en ligne sur le site www.schreiwen.lu.

La publication s’inscrit dans le cadre de la campagne "Weess du wéi? schreiwen.lu" lancée en janvier 2017 pour sensibiliser le grand public et donner envie à un maximum de gens, de façon ludique, de s’intéresser à l’orthographe luxembourgeoise.

"Gewosst wéi!" fournit une introduction aux règles orthographiques, expliquées et illustrées en quatorze chapitres, mais permet aussi d’approfondir telle ou telle règle précise. À travers les exemples choisis, la brochure fournit en même temps un aperçu du vocabulaire et du patrimoine culturel luxembourgeois.

La brochure est également distribuée dans de nombreux lieux publics (écoles, bibliothèques, communes, hôpitaux, maisons des jeunes…).

Dernière mise à jour