Campagne schreiwen.lu : Gewosst wéi!, eng Brochure mat de wichtegste Reegelen

Campagne schreiwen.lu : Gewosst wéi!, eng Brochure mat de wichtegste Reegelen

Den Educatiounsministère huet am Januar 2017  eng Ëffentlechkeetscampagne lancéiert iwwert d’Lëtzebuerger Orthographie. Mat bekannten traditionellen a modernen Zitater aus dem Lëtzebuerger Patrimoine culturel (Literatur, Musek a Film) sinn déi Haaptreegelen exemplaresch erkläert ginn.

D’Mediecampagne, mat Affichen a kuerze Videoen, ass grad op en Ënn gaang.

Den Internetsite www.schreiwen.lu, als zentraalt Element vun der Campagne, huet scho 55 000 Visiteure kritt. De Site bleift natierlech aktiv a bitt och vum 13. Mäerz un eng Brochure mam Léierwierk vun de fofzéng Haaptreegelen, fir alles op ee Bléck ze hunn.

D’Brochure ka gratis erofgeluede ginn a gëtt och an den nächste Wochen als Printversioun op e sëlleche Plazen am Land verdeelt (Schoul, Bibliothéiken, Gemengen, Jugendhaiser, …)

La campagne « Weess du wéi ? schreiwen.lu » se poursuit avec la publication d’une brochure en ligne

Le ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse avait lancé en janvier 2017 la campagne Wees du wéi ? schreiwen.lu, pour sensibiliser le grand public aux principales règles orthographiques de la langue luxembourgeoise de façon décontractée, avec, en guise d’exemples, des citations connues tirées du patrimoine culturel luxembourgeois (littérature, films, musique, ….)

La campagne médiatique, composée d’affiches et de clips vidéo, vient de se terminer.

L’élément central de la campagne, le site internet http://www.schreiwen.lu, reste actif. Le site a déjà attiré plus de 55 000 internautes et permet d’approfondir le sujet en proposant plus d’exemples et quinze règles d’orthographe détaillées. Il propose également une brochure au format numérique – téléchargeable gratuitement à partir du 13 mars 2017 – qui reprend l’ensemble des règles orthographiques.

Une version imprimée de la brochure sera également distribuée, dans les prochaines semaines, dans de nombreux lieux publics (écoles, bibliothèques, communes, maisons des jeunes, …).

Dernière mise à jour