Enseignement secondaire classique an Enseignement secondaire général

Jee no de Sproochkenntnesser an dem Alter vun de Schüler, wann se op Lëtzebuerg kommen, stinn hinne verschidde Méiglechkeeten op.

 

Enseignement secondaire classique

Am Lëtzebuerger Schoulsystem ass den Zougang zum Enseignement secondaire classique am Prinzip fir déi Schüler reservéiert, déi gutt Kenntnesser an der Mathematik, am Däitschen an am Franséischen hunn. Fir Schüler mat enger gudder schoulescher Bildung, déi net déi néideg sproochlech Kenntnesser  beherrschen, gëtt et aner Méiglechkeeten.

ALLET-Klassen (Däitsch als Friemsprooch) fir déi ënnescht Klassen (7e ESC – 5e ESC)

ALLET-Klassen huele Schüler op, déi d’Grondschoul mat gudde Kenntnesser am Franséischen an an der Mathematik ofgeschloss hunn, awer net esou gutt sinn am Däitschen. Hei gëtt Däitsch verstäerkt enseignéiert, mam Zil, datt de Schüler op 4e ESC an eng normal Klass wiessele kann.

LVF-Klasse mat Franséisch als Unterrechtssprooch am Secondaire classique (7e ESC – 5e ESC)

Am Géigesaz zu den normalen ënneschte Lycéesklassen, wou déi meescht Fächer op Däitsch enseignéiert ginn, leeft an den LVF-Klassen den Unterrecht op Franséisch of. Den Niveau, deen am Däitsche verlaangt gëtt, ass dee vun engem Schüler, deen d’Lëtzebuerger Grondschoul ofgeschloss huet. Den Däitschunterrecht entsprécht dem Niveau vun de reguläre Lycéesklassen.

Dës Offer adresséiert sech u Schüler, déi aus der Lëtzebuerger Grondschoul kommen, awer léiwer en Unterrecht op Franséisch hunn.

Vun der 4e ESC u geet de Schüler erëm an eng regulär Klass, wou all d’Fächer op Franséisch enseignéiert ginn.

Eng schrëttweis Integratioun fir Zwielef- bis Siechzéngjäreg Schüler

De Lycée Aline Mayrisch bitt Schüler tëscht zwielef a siechzéng Joer, déi d’Grondschoul oder och Secondairesklassen am Ausland besicht hunn, eng schrëttweis Integratioun an de Lëtzebuerger Enseignement secondaire.

Déi pedagogesch Prioritéit ass hei, déi individuell Betreiung vum Schüler beim Léiere resp. dem Perfectionnement am Lëtzebuergeschen, Däitschen, Franséischen an/oder Engleschen, déi och Unterrechtssprooche sinn.

D’Zil ass, datt déi jonk Leit spéider déi „normal“ Klasse vum Lëtzebuerger Enseignement secondaire classique kënne besichen a vun der Méisproochegkeet kënne profitéieren.

  • Direkt Aschreiwung am Lycée:

Admission d’élèves dans un contexte scolaire international

Admission for students with an international school background

Aufnahme von Jugendlichen mit internationaler Schulkarriere

  •  Schüler, déi nei am Land sinn, kënnen sech beim CASNA renseignéieren.
Internationale Bac

Den IB-Diplom ass en Ofschloss vum klassesche Secondaire, deen an 3500 Lycéeën an 143 Länner ugebuede gëtt. Den Diplom, deen am Lycée technique du Centre, am Lycée Mathias Adam zu Péiteng an am Athénée de Luxembourg ugebuede gëtt, ass zu Lëtzebuerg gesetzlech unerkannt a gläichgestallt mam Diplôme de fin d’études secondaires. Den IB adresséiert sech esouwuel u jonk Leit, déi nei an d’Land koumen, wéi och u Schüler, déi en englesch- oder franséischsproochege Secondaire gewielt hunn an an der Lag sinn, un engem Enseignement secondaire op héijem Niveau deelzehuelen. Déi schrëftlech Ofschlossexamen, déi no der leschter Klass mussen absolvéiert ginn, ënnerleien zum gréissten Deel enger externer Evaluatioun, déi sech op e weltwäit Netz vun 9000 ausgebilte Préifer stäipt.

  • Direkt Aschreiwung am betreffende Lycée:

Internationale Baccalauréat op Franséisch am Lycée technique du Centre

  • Schüler, déi nei am Land sinn, kënnen sech beim CASNA renseignéieren.
Internationale britteschen Unterrecht

D’International School Michel Lucius (LML) proposéiert engleschsproocheg Klassen, déi zu de britteschen Ofschlossdiplomer féieren (International General Certificate of Secondary Education (IGCSE), Advanced Subsidiary level (AS-levels) an Advanced level (A-levels)).

  • Direkt Aschreiwung beim Lycée Michel Lucius
  • Renseignementer bei der CASNA fir Schüler, déi nei an d’Land koumen
Ëffentlechen europäeschen Unterrecht

Verschidden international ëffentlech Schoule funktionéieren no de Programmer, Promotiounskrittären a Stonnepläng vum System vun den Europaschoulen. Jiddwer Schüler kann sech hei gratis aschreiwen. Dës Schoule bidden den europäeschen Enseignement secondaire (7 Joer) un, an enger franséischer, englescher oder däitscher Sektioun, mam Baccalauréat européen als Ofschloss. Dës Schoule sinn:

Sektioune mat den aneren EU-Sprooche ginn an Europaschoulen ugebueden, déi net zum ëffentleche Schoulsystem gehéieren.

  • Direkt Aschreiwung bei den internationale Schoulen
  • Renseignementer bei der CASNA fir Schüler, déi nei an d’Land koumen
Enseignement secondaire général
Classe d’accueil et d’insertion fir Schüler, déi nei am Land sinn (12-15 Joer)

Schüler, déi nei an d’Land koumen, kommen an eng Classe d’accueil. Do kréien si Intensivunterrecht am Franséischen an Aféierungscoursen an d’Lëtzebuergescht. De Klasserot evaluéiert d’Kenntnesser vum Schüler an decidéiert, wéini hien an déi Klass integréiert gëtt, déi senge Sproochkompetenzen an senger allgemenger Schoulbildung am beschten entsprécht. Ronn 20 Lycéeë bidden dës Klassen un.

Eng Classe d’insertion ass eng ënnescht Klass (7e ESG, 6e ESG, 5e ESG) vum Enseignement secondaire général fir déi Schüler, déi e ganz gudde schouleschen Niveau an hirem Ursprongsland erreecht hunn, ma déi Sproochen, déi zu Lëtzebuerg an der Schoul um Programm stinn, wéineg oder guer net beherrschen. Si ginn do a franséisch oder däitsch Intensivcoursen (jee no Wëssensstand an der jeeweileger Sprooch). Och déi aner Fächer, déi um Programm vun den ënneschte Klasse vum Enseignement secondaire général stinn, ginn enseignéiert.

Fir an eng Classe d’insertion opgeholl ze ginn, muss de Schüler eng Opnamprüfung gepackt hunn.

Klasse mat Franséisch als Unterrechtssprooch (7e ESG, 6e ESG, 5e ESG)

An LVF-Klassen (classes à langue véhiculaire française) ass d’Unterrechtssprooch Franséisch, am Géigesaz zu de reguläre Klassen, wou déi meescht Fächer op Däitsch enseignéiert ginn.

De gefuerderten Niveau am Däitschen orientéiert sech un den Däitschkenntnesser vun engem Schüler, deen déi lëtzebuergesch Grondschoul besicht huet. Den Däitschunterrecht entsprécht deem vun de reguläre Klassen.

Dës Offer riicht sech u Schüler aus der Lëtzebuerger Grondschoul, déi en Unterrecht a franséischer Sprooch virzéien.

Vun der 4e ESG u besicht de Schüler dann eng regulär Klass oder eng Klass mat enger spezieller Sproochereegelung (RLS – classe à régime linguistique spécifique, cf. méi wäit ënnen).

CLIJA Klasse

D’Classes d’accueil fir jonk Erwuessener (CLIJA fir déi 16- bis 17-Järeg a CLIJAA+ fir déi 18- bis 24-Järeg) sinn Accueilsklasse fir jonk Erwuessener, déi nei am Land sinn. Hei kréien si eng Basisausbildung op Franséisch, déi hinnen den Accès an den Enseignement secondaire général erméiglecht an hinnen eng sozial a wirtschaftlech Autonomie gëtt.

D’Klassen „9+ insertion“ bidden eng flexibel a personaliséiert Formatioun fir jonk Erwuessener un, déi nei am Land sinn (vun 18 Joer un, ouni Altersbegrenzung) an Englesch kënnen souwéi dat laténgescht Alphabet beherrschen, awer net déi néideg Kompetenzen an de Sproochen an an der Mathematik hunn, fir an de reguläre System vun de qualifizéierenden Ausbildunge kënnen integréiert ze ginn. Franséisch gëtt hei an Intensivcoursen enseignéiert. Dës Klasse gi jee no Bedarf op verschiddene Plazen ugebueden (kuckt ënner Erwuessenebildung > Zweete Bildungswee).

  • Schüler, déi nei am Land sinn, kënnen sech beim CASNA renseignéieren.
Klasse mat enger spezieller Sproochereegelung fir Schüler vu fofzéng Joer un, déi Franséisch kënnen

An den ieweschte Klasse vum Enseignement secondaire général (Schüler vu fofzéng Joer un), ginn et Klasse mat enger spezieller Sproochereegelung (RLS) fir déi Schüler, déi keng oder just wéineg Däitsch Kenntnesser hunn. D’Fächer ginn op Franséisch enseignéiert. A verschiddene Klasse gëtt Däitsch als Friemsprooch enseignéiert. De Programm vun deenen anere Fächer ass dee selwechten.

An den ieweschte Klasse vum Enseignement secondaire général gi Beruffsausbildungen a franséischer Sprooch op ënnerschiddlechen Niveauen ugebueden.

  • Diplôme de fin d’études secondaires
  • Diplôme de technicien (DT)
  • Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP)
  • Certificat de capacité professionnelle (CCP)
  • Eng Lëscht vun de Lycéeën an de Formatiounen, déi si ubidden, fënnt een am Depliant Classes RLS.
  • Aschreiwung direkt am Lycée, deen déi gewënschten Ausbildung ubitt.

 

CLIJAA professionnelle fir déi 18- bis 24-Järeg

Déi national Zentre fir déi berufflech Weiderbildung (CNFPC) zu Ettelbréck an Esch-Uelzecht organiséiere praxisbezunne Coursen, virun allem a praktesch orientéierten Atelieren. Am Franséische sti beruffsbezunne Franséischkenntnesser a branchëspezifesch Fachbegrëffer am Mëttelpunkt. Allgemeng Franséisch- a Mathéscoursë completéieren d’Offer.

Dës Ausbildungsméiglechkeet went sech u jonk Leit tëscht 18 a 24 Joer, déi an enger CLIJA- oder CLIJAA-Klass ageschriwwe sinn an déi geschwate Sprooch verstinn, deenen hiren Niveau am Franséischen awer ze niddreg ass, fir um Enn vum Schouljoer an eng CCP-Klass orientéiert ze ginn.

o    Aschreiwung beim CNFPC

o    Renseignementer bei der CASNA fir Schüler, déi nei an d’Land koumen

D’École nationale pour adultes (National Schoul fir Erwuessener – ENAD) organiséiert CLIJA2- a CLIJA3-Klassen, déi d’Schüler op de franséischen oder engleschen DAES (Diplôme d'accès aux études supérieures) virbereeden.

Krittären, fir beim CLIJA2 ugeholl ze ginn:

  • Franséisch - Niveau Ufänger B1
  • Englesch – Niveau Ufänger B1
  • Lëtzebuergesch - Niveau Ufänger A2
  • Mathematik - Niveau 5e
  • op d’mannst 18 Joer al sinn

Krittären, fir beim CLIJA2 ugeholl ze ginn:

  • Englesch – Niveau B1 ofgeschloss
  • e Secondaires-Ofschlossdiplom hunn, deen net zu Lëtzebuerg unerkannt ass, oder d’Schoul ee Joer virum Diplom verlooss hunn
  • op d’mannst 18 Joer al sinn

o    Aschreiwung bei der ENAD

o    Renseignementer bei der CASNA fir Schüler, déi nei an d’Land koumen

D’École d'hôtellerie et de tourisme du Luxembourg (EHTL) bitt englesch- a franséischsproocheg Klassen un. D’Schüler mussen den Niveau A2 am Franséischen oder Engleschen hunn (mat Basiskenntnesser am Franséischen) an dat laténgescht Alphabet beherrschen, fir sech aschreiwen ze kënnen.

D’Klasse riichten sech u jonk Leit ënner 18 Joer, déi sech fir den HoReCa-Beräich a besonnesch d’Beräicher Kichen, Patisserie a Service interesséieren.

o   Aschreiwung bei der EHTL

o   Renseignementer bei der CASNA fir Schüler, déi nei an d’Land koumen

Aktualiséiert