Froen an Äntwerten: COVID-19-Mesuren an de Schoulen an an de Betreiungsstrukturen

Op dëser Säit fannt Dir déi heefegst Froen an Äntwerten zu de Mesuren am Bildungsberäich.


Dës Säit gëtt et och op Franséisch, Däitsch, Englesch a Portugisesch.

 

Allgemeng Froen

Mäi Kand huet Symptomer: Wat soll ech maachen?

Äert Kand muss doheembleiwen, wann et krank ass oder wann et déi heiten Symptomer huet:

Entweeder eent vun deenen Haaptsymptomer: Féiwer, Houscht, Otemproblemer, Péng am Longeberäich, Verloscht vum Geschmaachs- a Gerochsënn ouni erkennbar Ursaach

ODER

minimum zwee vun deenen Niewesymptomer: Péng an de Muskelen; Middegkeet; Schnapp (Nues, déi verstoppt ass oder leeft); Halswéi; Kappwéi; keen Appetit; wässeregen Duerchfall.

Dir kënnt e Schnelltest benotzen.

Wann der en Zweiwel hutt, musst Dir Äert Kand doheem halen an Ären Dokter kontaktéieren.

Mäi Kand gouf a Quarantän gesat oder isoléiert: Hunn ech Urecht op Congé pour raisons familiales am Zesummenhang mat COVID-19?

Wann Äert Kand aus der Klass a Quarantän gesat gouf, well et enke Kontakt mat enger infizéierter Persoun hat, oder wann et isoléiert gouf, well et selwer infizéiert ass, hutt Dir Urecht op de Congé pour raisons familiales am Zesummenhang mam COVID-19.

A béide Fäll ginn déi Deeg, déi Dir fir de Congé pour raisons familiales huelt, net vun deenen Deeg ofgezunn, déi vum Gesetz fir den normale Congé pour raisons familiales virgesi sinn.

Dir kritt fir d'Isolatioun oder d'Quarantän eng Ordonnance vun der Direktioun vun der Santé geschéckt. Dir musst dës bei Är Demande fir de Congé pour raisons familiales derbaileeën.

Wann Dir näischt kritt hutt, da fëllt wgl. de Formulaire op https://covidtracing.public.lu/home aus.

Formulaire fir d’Demande an aner hëllefräich Informatiounen op: http://guichet.lu/cocrf.

 

 

Wou kann ech online pedagogescht Material an Iddie fir Aktivitéite mat de Kanner fannen?

De Site www.schouldoheem.lu proposéiert de Schüler an den Elteren dat ganzt Joer iwwer didaktescht Material, fir zousätzlech Exercicer ze maachen, an ureegend Aktivitéiten.

De Site www.kannerzäit.lu sammelt Iddie fir Fräizäitaktivitéiten, déi een als Famill mat de Kanner, an der Natur, doheem, am Musée, am Theater etc. kann trotz den Anti-Covid-Restrictioune maachen.

De Site echwellechkann.lu adresséiert sech u Jonker, fir se ze encouragéieren, physesch Aktivitéiten ze maachen an dat am Respekt vun de sanitäre Restriktiounen. E proposéiert e sëllege Méiglechkeeten uechter d’Land fir (nees) aktiv ze ginn.

Wéi gëtt déi sanitär Strategie am Bildungsberäich suivéiert a kontrolléiert?

En Dispositif „COVID-19 an Educatioun” këmmert sech ëm de Suivi vun der sanitärer Situatioun an ëm d´Decisiounen an deem Kontext. En organiséiert sech ronderëm d’Cellule de coordination vum Educatiounsministère, déi Donnéeën an den Etablissementer vun der Educatioun sammelt, an e Comité de pilotage, dee jee no Situatioun zousätzlech Moossname kann treffen. De Comité de pilotage besteet aus Experte vun der Inspection sanitaire, der Direction de la santé,  der Médecine scolaire, der Direction générale de l’enseignement fondamental, der Direction générale de l’enseignement secondaire an der Verantwortlecher vun der Cellule de coordination.

Wou kann ech Informatiounen iwwer d'Krankheet COVID-19 fannen?

Consultéiert dofir de Site www.covid19.lu. Dir kënnt och dʼHotline 247-65533 uruffen.

CovidCheck

Ass mäi Kand vum CovidCheck betraff?

De CovidCheck applizéiert sech weeder op d’Schüler, déi an d’Schoul ginn, nach op d’Kanner, déi an eng Accueilstruktur ginn.

Sinn ech als Elterendeel vum CovidCheck betraff?

D’Reunioune mat den Eltere kënnen iwwer Videokonferenz ofgehale ginn oder ënner dem 2G-CovidCheck-Regimm (hei muss en Impfcertificat oder e Geneesungscertificat virgeluecht ginn).

Applizéiert de CovidCheck sech op d’Personal vun de Schoulen an den Accueilstrukturen?

Vum 15. Januar 2022 un applizéiert sech de CovidCheck 3G op d’Personal vun de Schoulen an den Accueilstrukturen.

Applizéiert de CovidCheck sech op déi ausserschoulesch Aktivitéiten?

De CovidCheck kann op ausserschoulesch Aktivitéiten applizéiert ginn. Jee no Alter handelt et sech ëm d’Formule 3G oder 2G.

Kuckt méi wäit ënnen de „Sanitäre Gronddispositif fir ausserschoulesch Aktivitéiten“.

Sinn d’Schnelltester, déi an der Schoul gemaach ginn, och fir ausserschoulesch Aktivitéite mat CovidCheck gülteg?

Jo, de Certificat vum negativen Test, deen Dir nom Testing an der Schoul per E-Mail kritt, ass fir 24 Stonne gülteg a ka bei ausserschouleschen Aktivitéite mat CovidCheck 3G oder 2G+ gewise ginn.

Applizéiert de CovidCheck sech op d’Coursë vun der Erwuessenebildung?

Vum 15. Januar 2022 u gëtt de CovidCheck 2G an de Coursë vun der Erwuessenebildung, déi vun der Éducation nationale organiséiert oder subventionéiert ginn, ageféiert.

Applizéiert de CovidCheck sech op d’Persounen, déi aus medezinesche Grënn net kënne geimpft ginn?

D’Persounen, déi sech aus medezinesche Grënn net kënnen impfe loossen, däerfen un den Aktivitéiten, fir déi de CovidCheck gëllt, deelhuelen, wa se Follgendes kënne virweisen:

  • e Certificat, deen eng medezinesch Kontraindikatioun zur Impfung attestéiert

an

Fir de Certificat, deen eng medezinesch Kontraindikatioun zur Impfung attestéiert, musst Dir Iech un den Dokter, deen Iech behandelt, wenden.

Wou kritt ee gehollef

Wou kann ech pedagogesch Rotschléi an nëtzlech Renseignementer a Verbindung mat Covid-19 an der Educatioun fannen?

Dir kënnt Är Froen iwwer de Kontaktformulaire vun der Helpline vun der Educatioun op www.schouldoheem.lu stellen.

D’Helpline 8002-9090 erlaabt et, generell Informatiounen iwwer d’Moossnamen an der Educatioun a pedagogesch Rotschléi ze kréien. Si ass an der Woch vun 9 bis 12 a vun 1 bis 16 Auer ze erreechen.

U wie kann ee sech riichten, wann ee Rotschléi oder psychologesch Betreiung brauch?

D’Helpline 8002-9393 bitt Kanner, Jugendlechen, Elteren a Famillen a Situatioune vu Stress, Konflikter oder Iwweraarbechtung psychologesch Hëllef un a lauschtert hinnen no. Si ass all Dag vun 8 bis 18 Auer ze erreechen. D’Helpline regruppéiert d’Servicer vum CePAS a vum ONE.

De Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires (CePAS) schenkt Schüler, Elteren an Enseignanten en oppent Ouer, gëtt hinne Rotschléi an offréiert eng Begleedung um Telefon. Consultatiounen op der Plaz si méiglech, awer just op Rendez-vous.

Den Office national de l’enfance (ONE) bitt Famillen Ënnerstëtzung, déi da vu privaten Träger, déi eng Konventioun mam ONE hunn, assuréiert gëtt.

U wien kann ech mech riichten, wann ech Froen zum Thema Kanner a Jonker mat spezifeschen Besoinen oder mat enger Behënnerung hunn?

D’Sozialaarbechter vum „Service de la scolarisation des élèves à besoins spécifiques“ (S-EBS) stinn Iech mat Rot an Dot zur Säit.

Dir erreecht se iwwer d’Nummer 247-85180 oder per E-Mail: social.s-ebs@men.lu.

 

Droe vun der Mask (oder vun all anerem Schutz, deen d’Nues an de Mond bedeckt)

Muss mäi Kand an der Crèche e Mask droen?

D’Droe vun enger Mask (oder all anerem Schutz, deen d’Nues an de Mond bedeckt) ass fir Kanner ënner zwee Joer verbueden an net recommandéiert fir Kanner ënner 6 Joer.

 

Muss mäi Kand eng Mask an der Schoul droen?

D’Droe vun enger Mask (oder all anerem Dispositif, fir d’Nues an de Mond ze bedecken) ass fir Kanner ënner zwee Joer verbueden a bei Kanner, déi an de Cycle 1 ginn (am Allgemenge Kanner ënner 6 Joer), gëtt dovun ofgeroden.

Vum Cycle 2 un (am Allgemenge Kanner iwwer 6 Joer):

Baussent dem Gebai ass d’Droe vun der Mask net obligatoresch. D’Mask ass net néideg wärend den Turnstonnen.

Bannent dem Gebai ass d’Droe vun der Mask obligatoresch fir déi Erwuessen a fir d’Schüler.

Op spezifesch Uweisung vum Dokter kënne speziell Consignen applizéiert ginn.

Onofhängeg vum Alter däerf d’Mask ni enger Persoun ugedoe ginn, déi net fäeg ass, se selwer auszedoen, ausser wann dës Persoun ënner stänneger Opsiicht ass.

Muss mäi Kand e Mask a senger Betreiungsstruktur fir scolariséiert Kanner (Maison relais) droen?

Baussent dem Gebai sinn d’Droe vun der Mask an de Physical Distancing net obligatoresch.

Bannent dem Gebai ass d’Droe vun der Mask obligatoresch fir Kanner vu 6 Joer un a fir déi Erwuessen, och wann se sëtzen (ausser beim Iessen).

D’Droe vun der Mask ass net recommandéiert fir Kanner, déi manner wéi 6 Joer hunn.

Verschidde Kanner mat spezifesche Besoine si vun der Maskeflicht dispenséiert.

Kann een an de Bildungs- a Schoulstrukturen egal wéi eng Zort Mask (Buff, Foulard asw.) unhunn?

Laut de Recommandatioune vun der Santé si Foularden, Buffen a Stoffmasken erlaabt. Se mussen d’Nues an de Mond bedecken.

Muss mäi Kand an den ëffentlechen Transporter e Mask droen?

D’Kanner, déi méi al si wéi 6 Joer an déi Jonk mussen an den ëffentlechen a schouleschen Transporter e Mask droen.

 

Testing

Wéi ginn d’Schnelltester (Antigeentester) benotzt?

Äert Kand mécht e puer Mol d’Woch e Schnelltest:

  • dräimol doheem am Cycle 1 vum Fondamental,
  • dräimol an der Schoul vum Cycle 2 vum Fondamental un,
  • dräimol an der Schoul am Secondaire.

D’Schnelltest-Kitte gi gratis an der Schoul un déi Schüler, déi hir Awëllegung ofginn hunn, ausgedeelt.

Optauche vu positive Fäll an der Klass

Wann een oder zwee positiv Fäll an der Klass optauchen a wann Äert Kand weeder geimpft nach geheelt ass, gëtt et gebieden, sech wärend enger Woch all Dag an der Schoul testen ze loossen. Wann et negativ ass, däerf et weiderhin an d’Coursen an an d’Accueilstruktur goen. Wann Äert Kand geimpft ass, kann et, wann Dir wëllt, um verstäerkten Testing deelhuelen.

Kuckt och méi wäit ënne bei „Sanitären Dispositif am Fall vu positive Fäll an de Bildungsstrukturen“.

Wat geschitt, wa mäi Kand an der Schoul positiv getest gëtt (Antigeen-Selbsttest)?

De positiven Antigeen-Selbsttest an der Schoul féiert automatesch dozou, datt Äert Kand doheem isoléiert gëtt. Et ass net noutwendeg, e PCR-Test maachen ze loossen, fir d’Isolatioun ze confirméieren. De PCR-Test ka gemaach ginn, fir d’Resultat ze confirméieren oder fir e Certificat de rétablissement ze erstellen.

Geimpften/geheelte Schüler

D’Isolatioun dauert 6 Deeg, wann d’Selbsttester, déi de 5. a 6. Dag gemaach ginn, negativ sinn.

D’Isolatioun dauert 10 Deeg, wann de Selbsttest de 6. Dag positiv ass.

Net-geimpften/net-geheelte Schüler

D’Isolatioun dauert 10 Deeg. Et gëtt keen Test, fir aus der Isolatioun eraus.

Kuckt d’Infografik.

Wat geschitt, wa mäi Kand doheem positiv getest gëtt (Antigeen-Selbsttest)?

Wann e Schnelltest, deen doheem gemaach gouf, positiv ass, musst Dir de Formulaire fir d’Eegen-Deklaratioun vun enger Infektioun op https://covidtracing.public.lu ausfëllen. Dir musst och d’Schoul informéieren.

Äert Kand muss e PCR-Test maachen, fir den Antigeentest ze confirméieren. D’Sanitärinspektioun schéckt Iech eng Ordonnance.

Wann de PCR-Test positiv ass, hänkt d’Isolatiounsdauer vum Impfstatus of:

Geimpften/geheelte Schüler

D’Isolatioun dauert 6 Deeg, wann d’Schnelltester, déi de 5. a 6. Dag gemaach ginn, negativ sinn.

D’Isolatioun dauert 10 Deeg, wann de Schnelltest de 6. Dag positiv ass.

Net-geimpften/net-geheelte Schüler

D’Isolatioun dauert 10 Deeg. Et gëtt keen Test, fir aus der Isolatioun eraus.

Kuckt d’Infografik.

Sinn d’Tester obligatoresch?

Keen Test ass obligatoresch. Fir d’Schnelltester oder déi aaner certifiéiert Tester, déi an der Schoul gemaach ginn, ënnerschreift Dir eng Averständniserklärung/Participatiounsdeklaratioun.

Wa positiv Fäll an enger Klass optauchen, mussen déi betraffe Schüler, déi d’Tester refuséieren, eng zousätzlech Woch nom Kontakt mat der positiver Persoun a Quarantän bleiwen (d. h. zwou Wochen am Ganzen).

 

Sanitäre Gronddispositif an den Accueilstrukturen

Wéi eng Schutzmoossname gëlle fir d'Crèchen?

D’Schutzmoossname fir d’Kanner

D’Hännwäsche bleift dee wichtegste Schutzgest. D’Personal sensibiliséiert d’Kanner jee no Alter a weist hinnen déi richteg Gesten.

D’Droe vun enger Mask, engem Bandana (Buff) oder engem Schal fir Kanner ënner zwee Joer ass streng verbueden (Erstéckungsgefor). Bei Kanner déi manner wéi 6 Joer hunn an déi esou e Mond-Nues-Schutz schlecht verdroen, gëtt dovun ofgeroden. E kann den Infektiounsrisiko erhéijen, well e Kand reegelméisseg seng Mask a säi Gesiicht mat sengen Hänn beréiert. Extra Consignë (wéi eng Spezialmask unhunn) kënne fir besonnesch ufälleg Kanner gëllen, jee no Uweisung vun hirem Dokter.

D’Aktivitéite fannen esouwäit ewéi méiglech dobausse statt.


Spillsaachen, déi net gebotzt kënne ginn, solle wa méiglech ewechgeluecht ginn.

D’Schutzmoossname fir d’Personal

D’Droe vun der Mask ass obligatoresch fir d’Betreiungspersonal (am beschten duerchsiichteg Maske benotzen).

De Physical Distancing an d’Mask si mat all externer Persoun ze respektéieren.

Déi kierperlech Kontakter mat de Puppelcher gi selbstverständlech bäibehalen. Bei de méi ale Kanner, bleift de Kierperkontakt méiglech an och néideg (fir e Kand ze tréischten, fir him ze hëllefen, sech unzedoen, asw.). Den Erwuessene passt drop op, sech d’Hänn ze wäschen an eventuell och d’Gesiicht an dat vum Kand no esou engem physesche Kontakt.

D´Raimlechkeete gi grëndlech gebotzt a reegelméisseg gelëft.


Et gëtt drop opgepasst, datt esou wäit ewéi méiglech ëmmer déi selwecht Kanner an deem selwechte Grupp sinn.


Dës Moossname gëlle fir sämtlech Crèchen a Mini-Crèchen, privater wéi konventionéierter.

Wat sinn déi sanitär Mesuren an den Accueil-Strukture fir scolariséiert Kanner?

D’Kanner an déi Jonk gi sensibiliséiert fir d’Hygièngesreegelen, déi gëllen (sech d’Hänn wäschen; sech begréissen, ouni sech ze beréieren; asw.)

D´Raimlechkeete gi grëndlech gebotzt a reegelméisseg gelëft.

Aktivitéiten dobaussen:

D’Aktivitéite sollen esou vill wéi méiglech am Fräie sinn. D’Droe vun der Mask an de Physical Distancing sinn net obligatoresch

Aktivitéiten dobannen:

D’Droe vun der Mask ass obligatoresch fir Kanner vu 6 Joer un a fir Erwuessener, och beim Sëtzen (ausser beim Iessen).

Sport:

Déi sportlech Aktivitéite kënnen ouni Mask an ouni Physical Distancing stattfannen. D’Droe vun der Mask ass obligatoresch an de Vestiären.

Molzechten:

Bei de Molzechte bannent dem Gebai kënne maximal 4 Leit beieneen um selwechten Dësch sëtzen.

Mäi Kand ass nach net scolariséiert a geet an eng Betreiungsstruktur. Do hat et Kontakt mat enger positiver Persoun. Wat geschitt elo?

Wann Äert Kand en enken an direkte Kontakt (wärend 15 Minutten a méi, mat manner wéi 2 Meter Ofstand an ouni Mask) mat enger Persoun hat, déi positiv op COVID-19 getest ginn ass, gëtt et a Quarantän gesat.

D‘Kand kann also net méi an d’Accueilstruktur goen, bis dat negatiivt Testresultat virläit. Den Test gëtt fréistens 6 Deeg nom leschte Kontakt mat der positiver Persoun duerchgefouert.

D’Ordonnance fir d’Quarantän an d’Ordonnance fir den Test kritt Dir vun der Direktioun vun der Santé geschéckt.

Wann Dir näischt kritt hutt, fëllt wgl. de Formulaire op https://covidtracing.public.lu/form/contact aus.

Sanitäre Gronddispositif fir den Enseignement fondamental an den Enseignement secondaire

Wéi eng Moossname gëllen an de Schoulen?

Am Klassesall:

  • d’Droe vun der Mask ass obligatoresch, och wann een op senger Plaz sëtzt, fir Schüler vum Cycle 2 un a fir déi Erwuessen,
  • Schnelltester dräimol d’Woch am Fondamental, zweemol d’Woch am Secondaire (vum 10.01.2022 un, dräimol),
  • d’Beweegungsfräiheet vun de Schüler ass ageschränkt,
  • all Schüler huet eng fix Plaz,
  • reegelméissegt Lëften/Ventilatioun vu de Raim, am Respekt vun de Schüler hirer Sécherheet,
  • Zur-Verfügung-Stelle vu Kuelendioxid-Detektoren, déi d’Loftqualitéit moossen,
  • d’Hännwäsche gëtt intensivéiert (virun de Schoulstonnen, no all Paus, nodeems een op d´Toilette war, vir an no de Moolzechten),
  • d’Hygiènesreegele gëllen (an den Ielebou houschten an néitsen, sech net beréieren (sech begréissen, ouni sech ze beréieren, asw.).

Um Schoulcampus:

  • d’Droe vun der Mask ass bannent dem Gebai obligatoresch fir déi Erwuessen an d’Schüler vum Cycle 2 un;
  • keng Maskeflicht baussent dem Gebai;
  • déi sanitär Espacë gi reegelméisseg gebotzt;
  • ausserhalb vun der Klass ginn d’Kontakter reduzéiert;
  • d’Zirkulatioun gëtt gereegelt;
  • berufflech Reunioune mat méi ewéi 10 Persoune mat Mask;
  • berufflech Reunioune mat méi ewéi 50 Persoune mat Mask a Sëtzplaz;
  • Informatiounsreuniounen an individuell Elteregespréicher mat Droe vun der Mask.
Ginn d’Turn- a Schwammstonne gehalen?

D´Turn- a Schwammstonne ginn, ënner Schutzmoossnamen, ugebueden:

  • d’Aktivitéiten am Fräie gi privilegéiert;
  • um Wee, an de Vestiären a bis datt d’Aktivitéit ugeet muss jiddweree vum Cycle 2 un eng Mask droen;
  • d’Hänn musse virun an no de Coursë gewäsch ginn.

Wärend der sportlecher Aktivitéit ass et net néideg, datt d’Maske gedroe ginn.

Hunn d´Schoulkantinnen op?

D’Schoulkantinne funktionéiere mat dëse Schutzmoossnamen:

  • D´Mask gëtt um Wee gedroen, bis een um Dësch sëtzt;
  • maximal 4 Leit pro Dësch;
  • d’Hänn gi virun an no der Molzecht gewäsch;
  • Buffeten am Selfservice si verbueden;
  • am Secondaire bleiwe parallel d’„Frupstuten“ (Tut mat waarmer Molzecht) erhalen: D’Schüler kënnen dann hir Frupstut oder eng aner Molzecht an de Klassesäll, déi dofir geduecht sinn, iessen, wa se net zu méi ewéi 10 Persounen am Sall sinn. 
Kënnen déi ausserschoulesch Aktivitéiten, déi pedagogesch Dagesausflich an d’Stagë stattfannen?

Déi ausserschoulesch Aktivitéite kënne stattfannen.

Dobausse sinn d’Droe vun der Mask an de Physical Distancing net obligatoresch.

Dobannen ass d’Droe vun der Mask obligatoresch fir d’Kanner vum Cycle 2 un a fir déi Erwuessen.

Ausserschoulesch Aktivitéiten a pedagogesch Ausflich falen ënner déi heite Konditiounen:

Participanten tëschent 12 Joer an 2 Méint an 18 Joer: 3G

D’Participantë musse Follgendes virweisen:

  • en Impfcertificat oder
  • e Geneesungscertificat oder
  • e Certificat vun engem negative Covid-19-Test (TAAN-Test [PCR] oder Sars-Cov-2-Antigeen-Schnelltest)

Participantë vun 19 Joer un: 2G

D’Participantë musse Follgendes virweisen:

  • en Impfcertificat oder
  • e Geneesungscertificat.

D’Schoulausflich an d’Ausland an d’Ausflich mat enger oder méi Iwwernuechtunge si bis op Weideres ofgesot.

D’ORIKA-Aktivitéiten (Orientatioun fir Kanner), déi am Kader vum Iwwergang vum Fondamental an de Secondaire virgesi sinn, ginn iwwer Videokonferenz ofgehalen

D’Stagë vun de Schüler aus dem Secondaire classique a général kënne mam Accord vun der betraffener Entreprise stattfannen

Wat geschitt mat Enseignanten a mat Schüler, déi vulnerabel sinn?

Ären Dokter muss e rezente Certificat ausstellen, op deem vermierkt ass, datt Äert Kand vulnerabel ass.

D’Léiermaterialie fir den Unterrecht op Distanz gi vum Léierpersonal zur Verfügung gestallt. Um Site www.schouldoheem.lu fënnt een och didaktescht Material, dat fräi zougänglech ass.

D’Enseignantë kréie vun hirem Dokter e Certificat de vulnérabilité ausgestallt, dee vum Aarbechtsdokter validéiert gëtt. Si halen hir Coursen ënner de Modalitéiten, déi mat hirem Lycéesdirekter oder mam Regionaldirekter fir den Enseignement fondamental zeréckbehale goufen.

Sanitäre Gronddispositif am Museksunterrecht vun de Gemengen

Fannen d’Museks-, d’Dictiouns- an d’Danzcoursen an de Gemenge statt?

All d’Coursen, Eenzelunterrecht an Unterrecht an der Klass, kënne mat der Uwendung vun de sanitäre Moossname stattfannen.

Dës sinn am Detail nozeliesen an der Matdeelung un d’Museksschoule vun de Gemengen.

Sanitäre Gronddispositif fir ausserschoulesch Aktivitéiten

Kënnen ausserschoulesch Aktivitéiten (Scouten, Jugendhaiser, Ausflich asw.) gemaach ginn?

Déi ausserschoulesch Aktivitéite kënne stattfannen.

D’Kanner an déi Jonk gi sensibiliséiert fir d’Hygiènesreegelen, déi gëllen (sech d’Hänn wäschen; sech begréissen, ouni sech ze beréieren; asw.).

Dobaussen:

D’Droe vun der Mask an de Physical Distancing sinn net obligatoresch.

Dobannen: CovidCheck 3G oder 2G

D’Droe vun der Mask an de Physical Distancing sinn net noutwenneg, wann:

d’Participanten tëschent 12 Joer an 2 Méint an 18 Joer Follgendes kënne virweisen:

  • en Impfcertificat oder
  • e Geneesungscertificat oder
  • e Certificat vun engem negative COVID-19-Test (TAAN-Test [PCR] oder SARS-CoV-2-Antigeen-Schnelltest).

d’Participantë vun 19 Joer u Follgendes kënne virweisen:

  • en Impfcertificat oder
  • e Geneesungscertificat.

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer ass d’Droe vun der Mask obligatoresch, och wann se sëtzen (ausser beim Iessen).

Ausflich mat Iwwernuechtungen zu Lëtzebuerg: 2G+

D’Participantë vun 12 Joer an 2 Méint u musse Follgendes virweisen:

  • en Impfcertificat an en negativen Antigeen-Schnelltest, deen am Ufank gemaach gouf, oder
  • en Impfcertificat mat Booster-Impfung oder
  • e Geneesungscertificat an en negativen Antigeen-Schnelltest, deen am Ufank gemaach gouf.

D’Participanten ënner 12 Joer an 2 Méint mussen am Ufank en Antigeen-Schnelltest maachen.

Ausflich an d’Ausland:

Bei den Ausflich an d’Ausland gëtt sech un d’Gesetzer gehalen, déi do gëllen, an och un d’sanitär Moossname vum Prestataire. 

(Kuckt d’Consignë vum Jugendsecteur)

Wéi eng Moossname gëllen an de Sportveräiner?

Bei Gruppe mat bis zu 10 Leit:

D’Droe vun der Mask an de Physical Distancing sinn net obligatoresch.

 

Bei Gruppe mat méi wéi 10 Leit:

Den 2G+ gëtt applizéiert.

Sanitäre Gronddispositif fir d’Erwuessenebildung

Kann ech weider a meng Coursen an der Erwuessenebildung goen?

Vum 15. Januar 2022 fannen d’Coursen am Presentiel ënner dem 2G-CovidCheck-Regimm statt.

D’Coursë vun der Erwuessenebildung fanne weiderhi statt, entweeder am Presentiel, op Distanz oder am Hybridmodus (blended learning). Dobäi ginn déi sanitär Schutzmoossname strikt agehalen.

D’Participantë ginn am Fall vun eventuellen Upassunge bei der Organisatioun vum Cours vum Prestataire vum Cours informéiert.

Wéi eng sanitär Mesurë mussen am Kader vun der Erwuessenebildung respektéiert ginn?

D’Dokument « nous protéger - vous protéger - me protéger » beschreift déi sanitär Mesuren, déi an der Erwuessenebildung applizéiert ginn.

Wéi kritt een Informatiounen a Rotschléi iwwer dʼErwuessenebildung?

Dir kënnt Kontakt ophuele mam „Service de la formation des adultes“ entweeder iwwer Telefon um 8002-4488 oder per E-Mail op sfa@men.lu.

Wann néideg, kënnt Dir Iech am Guichet vum Service de la formation des adultes an der Maison de l’Orientation (29, rue Aldringen | L-1118 Lëtzebuerg) presentéieren.

 

Sanitären Dispositif  am Fall vu positive Fäll an de Schoulen a Bildungsstrukturen

Wat geschitt bei engem positive Fall an enger Crèche ?

D’Kand oder den Erwuessenen, dee positiv getest gouf, gëtt doheem isoléiert. D’Grupp vum positiv geteste Kand gëtt a Quarantän gesat.

Ginn d’Accueilstrukture fir scolariséiert Kanner am Fall vun enger Infektioun zougemaach?

Et kann decidéiert ginn, fir eng Accueilstruktur fir scolariséiert Kanner (Maison relais, Foyer scolaire) zouzemaachen am Fall vun:

  • enger Infektiounsketten an der Struktur selwer,
  • enger Infektiounsketten an der Schoul,
  • enger däitlecher Hausse vu positive Fäll an der Schoulpopulatioun op nationalem Niveau.
Wat geschitt, wann et ee bis fënnef positiv Fäll an enger Klass vum Cycle 2 bis 4 vum Fondamental, vum Secondaire oder vun engem Kompetenzzenter gëtt (Zenarioen 1, 2 an 3)?

Déi positiv Persoun gëtt doheem isoléiert.

D’Droe vun der Mask gëtt permanent obligatoresch (och dobaussen) fir all d’Schüler an d’Enseignantë vun der Klass wärend 7 Deeg nom leschten Dag, un deem déi infizéiert Persoun an der Klass war.  

Geimpften oder geheelte Schüler:

Wann Äert Kand geimpft oder geheelt ass, gëtt et net a Quarantän gesat. Et mécht kee PCR-Test. Et ass recommandéiert, datt et all Dag wärend enger Woch um verstäerkten Testing an der Schoul deelhëlt.

Net-geimpften, net-geheelte Schüler:

Wann Äert Kand weeder geimpft nach geheelt ass, gëtt et net a Quarantän gesat, wann et wärend enger Woch all Dag um verstäerkten Testing deelhëlt.

Wann et net un dësem verstäerkten Testing deelhëlt, gëtt et eng Woch laang a Quarantän gesat.

De 6. Dag nom leschte Kontakt mat der positiver Persoun mécht Äert Kand e certifiéierten Test (op Ordonnance vun der Sanitärinspektioun). Wann den Test negativ ass, ass d’Quarantän de 7. Dag eriwwer. Am Fall, wou den Test refuséiert gëtt, gëtt d’Quarantän ëm eng Woch verlängert.

Kuckt d’Infografik.

Wat geschitt, wann et eng Infektiounsketten an enger Klass vum Cycle 2 bis 4 vum Fondamental, vum Secondaire oder vun engem Kompetenzzenter gëtt (Zenario 4)?

A Funktioun vun der sanitärer Situatioun kënnen zousätzlech Mesurë wéi d’Quarantän vun enger Klass oder den Unterrecht op Distanz op lokalem, regionalem oder nationalem Niveau geholl ginn.

Wat geschitt, wann et een oder méi positiv Fäll am Cycle 1 gëtt (Zenarioen 1 bis 4)?

Den Dispositif, deen 2020-2021 a Kraaft war, gëtt bäibehalen:

  • Zenario 1 (een isoléierte Fall an der Klass): Ofschierme vun der Klass am Schoulgebai, PCR-Testing vum 6. Dag nom leschte Kontakt mat der positiver Persoun un,
  • Zenarioen 2, 3 a 4 (2 oder méi Fäll an der Klass): Quarantän vun de betraffene Kanner an Erwuessenen ouni Ausgangsgeneemegung, certifiéierten Test vum 6. Dag nom leschte Kontakt mat der positiver Persoun un.
Wat geschitt bei engem positive Fall an der Erwuessenebildung?

Wann Dir e Cours an der Erwuessenebildung maacht an Dir positiv getest gi sidd, da musst Dir de Prestataire, deen de Cours ubitt, doriwwer informéieren.

Message un d’Prestatairë vun der Erwuessenebildung:

Wann een Apprenant oder een Enseignant aus Äre Coursen am Presentiel Iech informéiert, datt e positiv op de COVID-19 getest ginn ass, da musst Dir eng E-Mail u covid19@men.lu schécken. An dëser E-Mail gitt Dir den Numm, de betraffene Cours an deen Dag un, un deem déi positiv geteste Persoun fir d’lescht a Kontakt mat anere Persounen aus dem Cours war. D’Apprenanten am Cours gi vun der Santé informéiert, wann se sollen a Quarantän goen a kréien dann eng Ordonnance, fir den Test ze maachen.

D’Direktioun vun der Santé informéiert déi betraffen Apprenanten iwwer déi spezifesch sanitär Moossnamen.

Aktualiséiert