Am Kader vum Secondaire classique a Secondaire général fir Erwuessener recrutéiert de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend Formateuren am Enseignement théorique (A1), am Enseignement technique (A2) an am Enseignement pratique (B1).
Wéi vill Formateure fir Erwuessener am Secondaire classique a Secondaire général recrutéiert ginn, gëtt all Joer vum Regierungsrot festgehalen. D’Verdeelung vun de Posten op déi verschidde Carrièren a Fächer gëtt vum Minister fir Bildung, Kanner a Jugend festgeluecht, jee no de Besoine vun de betraffenen Institutiounen; dëst sinn:
- den Centre national de formation professionnelle continue zu Esch-Uelzecht an zu Ettelbréck
- den Institut national des langues (INL)
- d’École nationale pour adultes.
Weider Informatiounen iwwer d’Prinzipien an d’Modalitéite vum Concours fir Formateuren an der Erwuessenebildung fannt Dir um Site GovJobs.