Schoulesch Offer

Méi wéi 41. 000 Schüler besichen déi ëffentlech a privat Schoulen, déi d’Programmer vum Educatiounsministère applizéieren. Dëst sinn:

  • 37 ëffentlech Lycéeën
  • 5 privat Lycéeën
  • eng national Schoul fir Erwuessener
  • 2 national Weiderbildungszentren (CNFPC)
  • de Centre socio-éducatif de l’État (CSEE)
  • de Centre de logopédie

D’Schoule bidden eng ëmmer méi breet gefächert Offer, fir der Villfalt vun de Schüler an hire Besoine gerecht ze ginn.

Ëffentlech Schoulen

37 ëffentlech Lycéeën a fënnef privat Lycéeën applizéieren den offizielle Programm vum Ministère, wat déi enseignéiert Inhalter, d’Evaluatioun, de Stonneplang asw. betrëfft. Déi digital Plattform www.mengschoul.lu, d’Dokument Offre scolaire 2019-2020, dat all Joer aktualiséiert gëtt, an d’Broschür Que faire après le 4e cycle de l’enseignement fondamental? / Was tun nach dem 4. Zyklus der Grundschule? liwweren déi néideg Informatiounen iwwer d’Offer vun der jeeweileger Schoul.

Den Enseignement secondaire classique (ESC)

Den Enseignement secondaire classique ass eng allgemeng Ausbildung iwwer siwe Joer. Zil ass, allgemeng Kenntnesser an de Beräicher vun den Humanwëssenschaften an der Literatur, der Mathematik an den Naturwëssenschaften ze vermëttelen. Den ESC bereet op en Héichschoul- oder Universitéitsstudium vir a schléisst mat engem Diplôme de fin d’études secondaires classiques of.

Den ESC ass agedeelt an

  • déi ënnescht Klasse 7e, 6e, 5e an
  • déi iewescht Klasse 4e, 3 e, 2 e a 1re.

Vu 6e u kënnen d’Schüler wielen tëscht Englesch, Latäin a Chineesesch (nëmmen den Athénée de Luxembourg bitt Chineesesch un). Vun der 5e un hunn d’Schüler alleguer Englesch um Programm.

Um Enn vun der 4e decidéieren sech d’Schüler fir eng vun dësen aacht Sektiounen:

  • Sektioun A: Sproochen
  • Sektioun B: Mathematik an Informatik
  • Sektioun C: Naturwëssenschaften a Mathematik
  • Sektioun D: Wirtschaftswëssenschaften a Mathematik
  • Sektioun E: Konscht
  • Sektioun F: Musekwëssenschaften
  • Sektioun G: Human- a Sozialwëssenschaften
  • Sektioun I: Informatik a Kommunikatioun

Den Enseignement secondaire général (ESG)

Den Enseignement secondaire général geet iwwer siwe Joer a schléisst mam Diplôme de fin d’études secondaires générales of. Dësen Diplom gëtt de Schüler déi nämmlecht Rechter wéi den Diplôme de fin d’études secondaires classiques, esou datt si kënne schaffe goen oder awer hir Studie kënne fortsetzen (op enger Héichschoul oder enger anerer Schoul).

Den ESG ass agedeelt an

  • déi ënnescht Klassen (7e, 6e, 5e) vun der Voie d’orientation oder der Voie de préparation an
  • déi iewescht Klassen (4e à 1re)

Den Unterrecht an der Voie de préparation ass modular opgebaut, sou datt jiddwer Schüler säi Léierrhythmus selwer bestëmme kann.

Je nodeem, wéi de Schüler ofgeschloss huet, kann en um Enn vun der 5e générale de préparation weidermaache mat:

  • enger Formation professionnelle de base initiale (berufflech Grond- oder Éischtausbildung);
  • enger 5e d’adaptation;
  • enger Classe d’initiation professionnelle (berufflech Aféierung).

Je nodeem, wéi de Schüler ofgeschloss huet, kann en no der 5e générale d’orientation (oder 5e générale d’adaptation) weidermaache mat enger Formation professionnelle initiale (berufflech Éischtausbildung) oder enger vun dëse fënnef Fachrichtungen:

  • Fachrichtung Verwaltungs- an Handelswiesen
  • Fachrichtung Gesondheets- a sozial Beruffer
  • Fachrichtung Allgemeng Technik
  • Fachrichtung Konscht
  • Fachrichtung Hotellerie an Touristik

All Fachrichtung ka verschidde Sektiounen ëmfaassen.

An alle Fachrichtunge muss de Schüler um Enn vun der 1re en Ofschlossexame maachen, fir den Diplôme de fin d’études secondaires générales ze kréien.

 

Véier Lycéeë bidden Ausbildungen a ganz spezifesche Beräicher un: d’École d'hôtellerie et de tourisme du Luxembourg, de Lycée technique agricole, de Lycée technique pour professions éducatives et sociales an de Lycée technique pour professions de santé.

Den Enseignement européen

Verschidden international ëffentlech Schoulen, déi zu véier ëffentleche Lycéeë gehéieren, funktionéieren no de Programmer, Promotiounskrittären a Stonnepläng vum System vun den Europaschoulen. Jiddwer Schüler ka sech hei gratis aschreiwen. Dës Schoule bidden den europäeschen Enseignement secondaire (7 Joer) un, an enger franséischer, englescher oder däitscher Sektioun, mam Baccalauréat européen als Ofschloss. Dës Schoule sinn:

Déi Sektioune mat den aneren EU-Sproochen ginn an Europaschoulen ugebueden, déi net zum ëffentleche Schoulsystem gehéieren.

 

Den Enseignement britannique

D’International School Michel Lucius (LML) bitt engleschsproocheg Klasse mat engem briteschen Ofschloss un (International General Certificate of Secondary Education (IGCSE), Advanced Subsidiary level (AS-levels) an Advanced level (A-levels)).

Den Enseignement international

Den Enseignement secondaire international geet iwwer siwe Joer, woubäi déi lescht zwee Joer der 2e a 1re vum Programm vum Baccalauréat international entspriechen.

E Baccalauréat international kann ee maachen am Lycée technique du Centre (BI op Franséisch), am Athénée de Luxembourg (BI op Englesch) an am Lycée de Garçons d’Esch-sur-Alzette (BI op Englesch). Et handelt sech heibäi ëm e Bac classique, deen an 143 Länner ugebueden a vum Lëtzebuerger Gesetz als äquivalent zum Diplôme de fin d’études secondaires unerkannt ass. (Liest och d’Rubrik Scolarisatioun vun auslännesche Schüler)

De Schengen-Lycée oder „Deutsch-Luxemburgisches Schengen-Lyzeum“, bitt eng binational a grenziwwerschreidend Offer un, déi Elementer vum däitschen a vum lëtzebuergesche Bildungssystem integréiert. Dësen däitsch-lëtzebuergesche Enseignement schléisst mat engem däitschen Diplom („allgemeine Hochschulreife“) an dem Lëtzebuerger Diplôme de fin d’études secondaires of.

Weider Infoen

Den Enseignement germano-luxembourgeois

De Schengen-Lycée oder „Deutsch-Luxemburgisches Schengen-Lyzeum“, bitt eng binational a grenziwwerschreidend Offer un, déi Elementer vum däitschen a vum lëtzebuergesche Bildungssystem integréiert. Dësen däitsch-lëtzebuergesche Enseignement schléisst mat engem däitschen Diplom („allgemeine Hochschulreife“) an dem Lëtzebuerger Diplôme de fin d’études secondaires of.

Weider Infoen

Spezifesch Offeren an de Sproochen

Däitsch als Friemsprooch: „Allemand langue étrangère – ALLET“
Dës Klasse si fir Schüler vu 7e bis 5e, déi ganz gutt Kenntnesser am Franséischen an an der Mathematik hunn, mee net esou gutt sinn am Däitschen. Däitsch gëtt hei verstäerkt enseignéiert.

„FrançaisPLUS“:
Dës Klasse si fir Schüler mat engem gudden allgemengen Niveau, déi awer Schwächten am Franséischen hunn. Op 7e, 6e a 5e ginn et hei zousätzlech Stonnen am Franséischen.

„Classes à langue véhiculaire française – LVF“: An dëse Klasse gëtt all Fach op Franséisch enseignéiert. Däitsch gëtt um nämmlechten Niveau enseignéiert wéi an de reguläre Klassen. Dës Offer adresséiert sech u Schüler, déi déi lëtzebuergesch Grondschoul besicht hunn, ma Coursen op Franséisch virzéien.

„Classes d’accueil et classes d’insertion“: Dës Klasse si fir Schüler vun 12 bis 15 Joer, déi nei an d’Land koumen an net déi néideg Sproochkenntnesser hunn, déi am Lëtzebuerger Schoulsystem gebraucht ginn. Si kréien Intensivcoursen an der franséischer oder der däitscher Sprooch an Aféierungscoursen an d’Lëtzebuergescht. (Liest och d’Rubrik Scolarisation des élèves étrangers)

„Classes à régime linguistique spécifique“: Dës iewescht Klasse vum Enseignement secondaire général adresséieren sech u Schüler, déi d’Franséischt beherrschen, awer net déi néideg Kompetenzen am Däitschen hunn.

 

Aner speziell Offeren

„Classes d'insertion pour jeunes adultes – CLIJA“: Dës Klasse si fir Schüler vu 16 Joer un, déi nei an d’Land koumen.

„Trouble spécifique du développement du langage – TSL“: Dës ënnescht Klassen (7e, 6e, 5e) vum Lycée technique du Centre si fir dysphasesch Schüler.

„Cours d’orientation et d’initiation professionnelle – COIP“: Dës Klasse gi vun den nationalen Zentre fir berufflech Weiderbildung (CNFPC zu Esch-Uelzecht an Ettelbréck) gehalen. Si adresséieren sech u Schüler iwwer 18 Joer, déi d’Bedingungen net erfëllen, fir sech an d’berufflech Weiderbildung

Alternativ Strukturen

Dës Strukture vum ëffentlechen Enseignement secondaire classique a secondaire général hunn e besonnesche Status am Hibléck op innovativ Léiermethoden, offréieren awer dee selwechte Programm a féieren zu deene selwechten Diplomer wéi déi traditionell Lycéeën.

  • de Lycée Ermesinde, Ganzdagsschoul ;
  • de Schengen-Lycée oder „Deutsch-Luxemburgisches Schengen-Lyzeum“, binational, grenziwwerschreidend Schoul zu Pärel an Däitschland ;
  • de Sportlycée, fir Schüler, déi Héichleeschtungssport bedreiwen ;
  • d’École nationale pour adultes fir Jugendlecher a jonk Erwuessener, déi d’Schoul ouni unerkannten Ofschloss ofgebrach hunn oder keng Léierplaz fonnt hunn, awer all d’Bedingungen erfëllen, fir eng Beruffsausbildung ze maachen.

 

2e voie de qualification

D‘2e voie de la qualification oder zweete Bildungswee gehéiert zur Erwuessenebildung an der Beruffsausbildung an ass fir déi Leit geduecht, déi hir Éischtausbildung net fäerdeg gemaach hunn a gär eng Grondausbildung géife maachen, fir en Diplôme de l’enseignement secondaire général, en Diplôme de l’enseignement secondaire classique oder en Diplôme/Certificat de la formation professionnelle ze kréien. Fir den Enseignement secondaire classique ginn et Coursen à distance um Portail eBac.

Privat schoulesch Offer

Fënnef privat a vum Staat subventionéiert Schoulen enseignéieren nom offizielle Progamm:

Fënnef privat a vum Staat zum Deel subventionéiert Schoule verfueren no anere Programmer:

D‘Europaschoulen (EE) huelen an der Haaptsaach Kanner vun den EU-Fonctionnairen op, déi dann an hire respektive Mammesproochen enseignéiert ginn. Dës Formatioune schléisse mat engem europäesche Bac, Baccalauréat européen, of. Och Kanner, deenen hir Eltere bei aneren zwëschestaatleche Institutiounen oder bei private Betriber schaffen, déi e spezielle Kontrakt mat de Schoulen ofgeschloss hunn, kënnen opgeholl ginn. Aner Kanner kënnen ëmmer dann opgeholl ginn, wann nach Plaze fräi sinn

Nëtzlech Linken

 

Offres scolaires régulières (gereegelt schoulesch Offer)

Offres scolaires spécifiques (spezifesch schoulesch Offer)

2e voie de qualification sur le portail de la formation continue (Zweete Bildungswee um Portal vun der Weiderbildung)

Aktualiséiert