Weiderbildung fir Leit, déi a kengem Aarbechtsverhältnis stinn

D’Formatioune fir Leit, déi op der Sich no enger Aarbecht sinn (formations des personnes sans emploi), ginn an enker Zesummenaarbecht mat der ADEM (Administration pour le développement de l’emploi) an dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend organiséiert.

Et ginn zwou verschidden Zorte vu Formatioune fir Leit, déi a kengem Aarbechtsverhältnis stinn:

Formatiounen, fir Leit ouni Aarbecht esou auszebilden, datt se eng besser Chance op eng Aarbechtsplaz hunn

Dës Formatiounen daueren am Allgemengen ee Joer a si virun allem geduecht fir jonk Leit, déi Schwieregkeeten hunn, um Aarbechtsmaart Fouss ze faassen. Si gi vun de Centres de formation professionnelle continue (CNFPC) ugebueden a bestinn aus berufflechen Orientéierungs- an Aféierungscoursen (cours d’orientation et d’initiation professionnelle – COIP). Déijéineg, déi sech hei ageschriwwen hunn, profitéieren och vun enger sozio-pedagogescher Betreiung a betribsinterne Stagen.

Formatioune fir Betriber oder e Wirtschaftssecteur am Hibléck op eng direkt Integratioun op den Aarbechtsmaart

Dës Formatioune ginn op Ufro vun de Betriber organiséiert. Hir Dauer variéiert am Allgemengen tëscht sechs Wochen an dräi Méint, ouni d’Dauer vum Stage. De Betrib, deen esou eng Formatioun ufreet, engagéiert sech, déi Persounen anzestellen, déi d’Formatioun mat Erfolleg ofgeschloss hunn.

Aktualiséiert