Zu Lëtzebuerg etabléiert Privatbetriber kënnen eng Bäihëllef fir d’Ausbildung am Betrib ufroen, déi sech op besteierbar 15 % vum investéierte Joresbetrag beleeft. Déi staatlech Bäihëllef klëmmt op besteierbar 20 % fir d’Lounkäschte vun deene Participanten, op déi um Ufank vun hirem Ausbildungsprogramm dës Kriterien zoutreffen:
· keen unerkannten Diplom a manner wéi 10 Joer Beruffserfarung hunn;
· en unerkannten Diplom oder méi wéi zéng Joer Beruffserfarung hunn a méi wéi 45 Joer al sinn.
Den INFPC – Institut national pour le développement de la formation professionnelle continue, ënnerstëtzt als ëffentlech Institutioun, déi dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ënnersteet, déi Betriber, déi eng Kofinanzéierung wëllen ufroen.