Agence nationale pour les programmes européens d’éducation, de formation et de jeunesse (Anefore)
Anefore ass eng national Agence, déi fir d’Ëmsetze vun de Programmer Erasmus+ an Europäische Solidaritéitskorps zoustänneg ass. Anefore ass och den nationale Europass- an Euroguidance-Zentrum, déi national eTwinning-Ënnerstëtzungsorganisatioun, déi national Eenheet vum Eurydice-Reseau an déi national Ulafstell vum Reseau Youth Wiki.
- Fir weider Informatiounen: www.anefore.lu
Centre de gestion informatique de l’Éducation (CGIE)
De Centre de gestion informatique de l’Éducation (CGIE) ass zoustänneg fir d’Entwécklung vun IT-Applikatiounen a bekëmmert sech ëm d’IT-Infrastruktur an den IT-Ekipement. En ass ënner anerem zoustänneg fir de Programm one2one, bei deem et drëms geet, all Lycéesschüler mat IT-Apparater ze ekipéieren.
- Fir weider Informatiounen: www.cgie.lu
Centre psychosocial et d’accompagnement scolaires (CePAS)
De Centre psychosocial et d’accompagnement scolaires (CePAS) bitt Jonken tëscht 12 an 30 Joer eng psychologesch, psychotherapeutesch an edukativ Betreiung un, Reeducatioun am Beräich vun der Psychomotorik a Berodung bei der schoulescher Orientéierung an der Studiewal. De CePAS geréiert och d’Subventioune fir Stéit mat geréngem Akommes an d’Subventioun fir de Maintien scolaire.
- Fir weider Informatiounen: www.cepas.lu
- Helpline: 8002 9393
Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch
De Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch ass zoustänneg fir en 20-Joresplang ronderëm d’Lëtzebuergescht. Hie gëtt dobäi vun engem interministerielle Comité begleet.
- Fir weider Informatiounen: Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch
Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN)
Den Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) ass zoustänneg fir Moossnamen fir déi berufflech Integratioun an d’Weiderbildung vun den Enseignanten, Educateuren an de psychosoziale Professionellen.
- Fir weider Informatiounen: www.ifen.lu
Maison de l’orientation
D’Maison de l’orientation ass een zentrale Zentrum fir all Bierger, déi Berodung am Beräich vun der schoulescher a berufflecher Orientéierung brauchen, an dat onofhängeg vun hirem Alter. Um Internetsite https://maison-orientation.public.lu fënnt ee vill Informatiounen an d’Kontaktdate vun Akteuren aus der Orientatioun.
Maison de l’orientation
29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg
Tel.: 8002 8181
Websäit: www.maison-orientation.lu
Observatoire national de l'enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire
Den Observatoire national de l'enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire (OEJQS) huet d’Aufgab, d’Qualitéit vum Enseignement, deen am Bildungssystem ugebuede gëtt, ze bewäerten an ze iwwerwaachen. Et ass eng onofhängeg Struktur, déi eng Experteroll huet an eng objektiv Siicht op den Zoustand vum Schoulsystem liwwert.
- Fir weider Informatiounen: www.oejqs.lu
Office national de l’enfance (ONE)
Den Office national de l'enfance (ONE) riicht sech un all Kanner a jonk Leit bis 27 Joer, déi an hirem Alldag an enger psychosozialer Noutsituatioun sinn. Nom Aschätze vun de Ressourcen an de Schwieregkeete vum Kand a senger Famill kann den ONE individuell Hëllefsmoossnamen an d’Weeër leeden, déi entweder ambulant, institutionell oder an enger Fleegefamill ëmgesat ginn.
- Fir weider Informatiounen: www.officenationalenfance.lu
Restopolis
De Restaurationsservice fir Schoulen an Universitéite Restopolis geréiert déi meescht Restauranten a Cafeteriae vun de Lycéeën, d’Restaurante vun der Uni Lëtzebuerg, der Policeschoul an der staatlecher Primärschoul „Eis Schoul“ an d’Restauratioun vu verschiddene Bildungs- a Betreiungsstrukturen an Internater.
- Fir weider Informatiounen: www.restopolis.lu
Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT)
De Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) ass dofir zoustänneg, d’Prioritéite vun der Bildungspolitik ëmzesetzen an esou zur Entwécklung vun der Schoulqualitéit bäizedroen. Hie bedeelegt sech um Ausschaffe vu schouleschen an ausserschoulesche Projeten, un der Verbreedung vu Beispiller vu gudde Pratiken am Bildungsberäich, un der Vernetzung vu Schoulen, um Opstelle vun engem Léierplang am um Ausschaffen, der Editioun an der Verdeelung vu Léiermaterialen. Ausserdeem suergt de SCRIPT dofir, datt Donnéeën a Statistiken opgestallt an interpretéiert ginn an de Plan de développement de l’établissement scolaire (PDS) ausgeschafft an ëmgesat gëtt. De SCRIPT ass och spezialiséiert an der Produktioun an an der audiovisueller Dokumentatioun vu Projeten an Aktivitéiten am Zesummenhang mat der Educatioun an der Innovatioun am Beräich vun der Pedagogik.
- Fir weider Informatiounen: www.script.lu
Service de médiation scolaire
De Schoulmediateur befaasst sech mat Reklamatiounen, déi de Maintien scolaire vu Schüler, déi riskéieren, de Lycée ofzebriechen, d’Inklusioun vu Schüler mat spezifeschem Fërderbedarf an d’Integratioun vu Kanner mat Migratiounshannergrond betreffen.
- Fir weider Informatiounen: www.mediationscolaire.lu
- Rapport d’activités du service de médiation scolaire
Service national de la jeunesse (SNJ)
De Service national de la jeunesse (SNJ) huet d'Aufgaben, zur Ëmsetzung vun der Jugendpolitik bäidroen, e breet Spektrum vu Bildungsprogammer an -aktivitéiten am Beräich vun der non-formaler Bildung konzipéieren an organiséieren, déi Jonk beim Iwwergang an d’Beruffsliewen ënnerstëtzen, Uspriechpartner a Beroder fir d’Acteure vun der non-formaler Bildung sinn an d’pedagogesch Qualitéit bei der Aarbecht mat Kanner a Jonker sécherstellen.
- Fir weider Informatiounen: www.snj.lu
Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)
Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) këmmert sech ëm d’Lëtzebuerger Sprooch an d’Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg an ëm d’Promotioun vum Lëtzbuergeschen national an international. Den Zenter dokumentéiert d’Lëtzebuerger Sprooch, hir Geschicht, d’Dialekter, mee och de villsproochege Kontext.
- Fir weider Informatiounen: Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch