Spezialiséiert Enseignanten

De Beruff vum Enseignant an der Grondschoul bitt e puer Spezialiséierungsweeër:

Enseignant fir Schüler mat spezifesche Besoinen (Instituteur pour élèves à besoins spécifiques, I-EBS)

D’Enseignantë fir Schüler mat spezifesche Besoinen (I-EBS) ginn direkt de d’Grondschoulen zougewisen.

Als éischten Uspriechpartner fir d’Schüler mat spezifesche Besoinen, hir Elteren, d’Titulairë vun de Klassen an d’pedagogesch Ekippe sti si de Schüler an der Klass zur Säit a schaffen enk mat de Membere vun den Ekippe fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (équipes de soutien des élèves à besoins spécifiques) a vun den Inklusiounskommissiounen zesummen.

Fir eng Karriär an dësem Beräich musst Dir:

  • e Master am Zesummenhang mat der Begleedung vu Schüler mat besonneschen oder spezifesche Bildungsbesoinen am Grondschoulunterrecht hunn; ODER
  • en Ofschloss hunn, dee vum Minister, dee fir d'Héichschoulen zoustänneg ass, als gläichwäerteg unerkannt ass.

Ausserdeem musst Dir eng Beruffserfarung vu mindestens zwee Déngschtjoer zanter Ärer Nominatioun als Enseignant an der Grondschoul opweisen.

Enseignant am Beräich vun der Schoulentwécklung (Instituteur spécialisé en développement scolaire, I-DS)

D’Enseignanten am Beräich vun der Schoulentwécklung (I-DS) sinn an de Schoule vun enger oder méi Regionaldirektioune vum Enseignement fondamental täteg. Si begleeden an ënnerstëtzen d’pedagogesch Ekippen an d’Schoulkommiteeë bei der Konzeptioun an Ëmsetzung vun hiren Demarchen am Beräich vun der Schoulentwécklung. Si schaffen enk mat deem oder de betraffene Regionaldirekter(en) zesummen.

Den I-DSen hir Aufgabe bestinn haaptsächlech doranner, d’Schoulen ze encouragéieren, innovativ an nëtzlech pedagogesch Praktike fir d’Verbesserung vun de Léierprozesser ëmzesetzen an déi Enseignanten ze ënnerstëtzen, déi personaliséiert Hëllef bei hirer pedagogescher Aarbecht ufroen.

Enseignant am Beräich digital Kompetenzen (Instituteur spécialisé en compétences numériques, I-CN)

Enseignanten am Beräich digital Kompetenzen (I-CN) begleeden d’Grondschoule bei der progressiver Aféierung vu Léierprozesser, déi sech op den Asaz vun digitalen Technologië baséieren an d’Entwécklung vu Schlësselkompetenzen am Zesummenhang mat de Medien a mat dësen Technologië fërderen.

Hir Aufgabe bestinn ënner anerem doranner, d’Léier- an Erzéierpersonal an déi aner Acteuren, déi zu der schoulescher Gemeinschaft gehéieren, am Beräich vun der Medienerzéiung, zu där och d’Implementatioun vum Coding a vu computerbaséiertem Denke bei de Schüler gehéiert, ze ënnerstëtzen, ze beroden an ze begleeden.

Aktualiséiert