Als Enseignant an der Grondschoul besteet Äert Zil doranner, de Schüler déi néideg Instrumenter an d’Loscht um selbstännege Léieren ze vermëttelen.
Schoul hale kënnt Dir an engem vun deene véier Léierzykle vun der Grondschoul, op der beruffsvirbereedender Stuf (voie de préparation) vum Enseignement secondaire général, an de Kompetenzzentren, genee ewéi an anere spezialiséierten Ariichtungen.
Fir Fonctionnaire ze ginn, musst Dir Titulaire vun engem Bachelor-Diplom sinn, de Concours maachen an e Stage, deen op d’Funktioun virbereet, absolvéieren.
Studien zu Lëtzebuerg
D’Universitéit Lëtzebuerg bitt zwee „Bachelor”-Studiegäng un, fir Iech op de Beruff vum Enseignant an der Grondschoul zu Lëtzebuerg virzebereeden:
Bachelor en sciences de l’éducation (BScE)
De Bachelor en sciences de l’éducation (BScE) vun der Universitéit Lëtzebuerg adresséiert sech u Studenten, déi an der Lëtzebuerger Grondschoul Schoul hale wëllen. Hei kritt Dir déi pedagogesch an didaktesch Kompetenze vermëttelt, déi néideg sinn, fir d’Erausfuerderunge vun engem méisproochegen a multikulturelle schouleschen Ëmfeld ze meeschteren.
- Dauer: 8 Semester (240 ECTS)
- Aschreiwung: Mäerz – Mee
- Fir méi Informatiounen: Bachelor en sciences de l’éducation (BSCE)
Bachelor en formation pédagogique (BFP)
Vun der Rentrée 2023/2024 u bitt d’Universitéit Lëtzebuerg de Bachelor en formation pédagogique (BFP) un, deen et méi enger grousser Zuel vu Studenten erlaabt, de Beruff vum Enseignant an der Grondschoul ze ergräifen.
De BFP bitt Titulairë vun engem Bachelor a Beräicher, déi mat der Educatioun ze dinn hunn, d’Méiglechkeet, eng zousätzlech Qualifikatioun ze kréien, déi op de Grondschoulunterrecht (Zyklen 2 – 4) an de Lëtzebuerger Schoule virbereet. Hei kritt Dir déi pedagogesch an didaktesch Kompetenze vermëttelt, déi néideg sinn, fir d’Erausfuerderunge vun engem méisproochegen a multikulturelle schouleschen Ëmfeld ze meeschteren.
- Dauer: 2 Semester (240 ECTS)
- Aschreiwung: Mäerz – Mëtt Mee
- Fir méi Informatiounen: Bachelor en formation pédagogique (BFP)
Studien am Ausland
Dir kënnt och am Ausland studéieren, fir en Héichschouldiplom ze kréien, deen op de Beruff vum Enseignant virbereet.
Um Portal www.mengstudien.lu fannt Dir no Länner gruppéiert Informatiounen iwwer d’Héichschoulstudien, besonnesch fir déi follgend Länner:
Méi Informatiounen iwwer d’Studien am Ausland fannt Dir op der Säit Nëtzlech Adressen a Linken.
Informatioun iwwer de Rekrutementswee „Quereinsteiger”
Opgepasst: De Rekrutementswee fir Titulairë vun engem Bachelor am Zesummenhang mat engem Theemeberäich aus der Grondschoul („Quereinsteiger”) gëtt eng leschte Kéier fir d’Rentrée 2023/2024 ugebueden.
Wann Dir en Ofschloss vun enger staatlech unerkannter Héichschoul hutt, aus deem ervirgeet, datt Dir mat Erfolleg e Bachelor am Zesummenhang mat engem Theemeberäich aus der Grondschoul absolvéiert hutt, kënnt Dir Är Kandidatur bis de 25. Juni 2023 areechen.
Fir méi Informatiounen: