Aner Beruffer am Bildungssystem

Den Educatiounssecteur ass e passionanten, dynamesche Secteur, dee mat der Entwécklung vun der Gesellschaft Schrëtt hält. Wousst Dir, datt d’Hallschent vun de Mataarbechter an der Fonction publique hei schafft?

Iwwer de Beruff vum Enseignant eraus stäipt sech de Bildungssystem op eng grouss Zuel vu Professionellen, déi Kanner, Jugendlecher an Erwuessener begleeden an ënnerstëtzen an esou zu hirer Entwécklung an hirer Reussite bäidroen, sief et an der Grondschoul, am Lycée, an de Betreiungsstrukture fir kleng Kanner, de Maison-relaisen, dem Dispositif fir d’Betreiung vu Schüler mat spezifesche Besoinen oder de Servicer vun der Aide à l’enfance.

Entdeckt hei e puer Piste fir Är berufflech Zukunft, déi Äre Preferenzen an Ären Talenter entspriechen. Informéiert Iech iwwer déi verschidde Beruffer, d’Formatiounen, fir Zougang zu dëse Beruffer ze kréien, an d’Karriären am Lëtzebuerger Bildungssystem.

Formateur fir Erwuessener

Am Kader vum Enseignement secondaire classique a vum Enseignement secondaire général fir Erwuessener rekrutéiert de Ministère och Formateure fir Erwuessener (Karriär A1, A2 a B2). De Beruff besteet doranner, Schoul fir Erwuessener ze halen.

Assistant social

Den Assistant social hëlleft an ënnerstëtzt Persounen, Famillen oder Gruppen, déi sech an enger schwiereger Situatioun befannen, andeem en hinnen hëlleft, sech sozial oder berufflech ze integréieren. No enger Analys vun der Situatioun weist den Assistant social méiglech Léisungen op. Am Virfeld an och dono fält eng ëmfangräich administrativ Aarbecht un: Anhale vun der Reglementatioun, Gestioun vun den Dossieren, Berichter iwwer Enquêten, Statistiken ...

Educateur

Den Educateur ass am edukativen an am soziale Beräich täteg, säin Haaptatout ass seng Villsäitegkeet. D’Entwécklung vun de Studie vum Educateur ass enk mat der Entwécklung vum Bildungs- a Sozialwiesen zu Lëtzebuerg verbonnen. Sou huet sech säin Tätegkeetsberäich permanent erweidert an ëmfaasst haut ënner anerem: all Forme vu Kannerbetreiung a -fleeg, Foyere fir Kanner a Jugendlecher, Jugendhaiser, de Secteur vum Handicap an de Secteur vun den eelere Leit.

Educateur gradué

Den Educateur gradué ass e Sozialaarbechter, deem säin Zil et ass, e Projet ze entwéckelen, fir enger Persoun oder engem Grupp ze hëllefen. Jee no Zilgrupp a Plaz vun der Interventioun kann hien Aktivitéiten ubidden, déi kreativ, kulturell, sportlech, entspanend sinn oder déi op d’sozial Integratioun oder op d’Aarbechtsëmfeld ausgeriicht sinn. Den Educateur schafft un de Schnëttstellen tëschent verschiddene Welten: Medezin, Psychologie, Sozialberäich, Kultur, Droit, Pedagogie. Hie stellt Verbindungen tëschent dëse Secteuren hir.

Psychomotoriker

D’Psychomotorik, e Beruff aus dem paramedezinesche Beräich, befaasst sech mat alle kierperlechen a psycheschen Ausdrocksforme vun enger Persoun. Si berücksichtegt dobäi motoresch, kognitiv, affektiv an tëschemënschlech Aspekter. Si riicht sech un all Mënsch a senger Gesamtheet, vum Bëbee bis bei déi eeler Persoun. D’Zil vun enger psychomotorescher Betreiung ass et, d’Persoun dozou ze bréngen, sech hire Kierper nees unzëeegnen a sech besser un hir Ëmwelt upassen ze kënnen. De Psychomotoriker ass e Professionellen aus dem Gesondheetsberäich, e sougenannten auxiliaire de médecine, deen op Ordonnance vum Dokter schafft. A sengem psychomotoresche Bilan analyséiert hien déi verschidde psychomotoresch Funktioune vun der betraffener Persoun. Nodeem hien d’Fäegkeeten an d’Schwieregkeeten erfaasst huet, schafft hien en Therapieplang aus.

Logoped

De Logoped, e Kommunikatiouns- a Sproochtherapeut, befaasst sech mat alle Pathologien, déi mam Schwätzen, der Stëmm, der geschwater a geschriwwener Sprooch ze dinn hunn, onofhängeg vun hirer Ursaach, a déi bei Kanner, Jugendlechen, Erwuessenen an eelere Leit optriede kënnen. Hien ass den Therapeut, dee fir d’Preventioun, d’Evaluatioun, d’Behandlung an d’wëssenschaftlech Untersuchung vu Stéierungen um Niveau vun der mënschlecher Kommunikatioun an den domat verbonnene Stéierungen zoustänneg ass. An dësem Kontext ëmfaasst de Begrëff Kommunikatioun all d’Funktiounen, déi mam Verstoen a mam Ausdrocksverméige vun der geschwater an der geschriwwener Sprooch verbonne sinn, genee ewéi all gëeegent Forme vun der non-verbaler Kommunikatioun.

Psycholog

Ob et drëm geet, Kranker ze begleeden, Verhalensstéierungen ze erkennen, Persounen ze beroden oder Personal ze rekrutéieren ... de Psycholog lauschtert no, beobacht, evaluéiert a beréit. A senger Praxis oder an enger Ariichtung lauschtert hie senge Clienten no a beréit si: Kanner, Jugendlecher, Erwuessener, Leit mat Behënnerungen, Prisonéier ... Seng Interventioun geet vun engem einfache Berodungsgespréich bis hin zu méi komplexen a laangfristege Begleedungen. Op der Basis vu sengem theoreetesche Wëssen a sengen diagnostesche Kompetenzen intervenéiert de Psycholog an alle Beräicher vun der Gesellschaft (Gesondheet, Educatioun, Sozialberäich, Aarbecht, Justiz, Sport asw.), fir d’Wuelbefannen an/oder déi mental Gesondheet vun deem Eenzelen ze schützen, ze erhalen oder ze verbesseren, fir seng Fäegkeete weiderzeentwéckelen an/oder seng sozial Integratioun ze fërderen.

Pedagog a Sonderpedagog

De Pedagog ass e Spezialist fir d’Entwécklung a fir d’Léiere vu Kanner, Jugendlechen an Erwuessenen. E begleet Eenzelpersounen oder Gruppen an hirem Léier- an Entwécklungsprozess a suergt dofir, datt d’Léierëmfeld methodesch an inhaltlech op déi differenzéiert Besoine vum Zilgrupp ofgestëmmt ass.

Heilpedagog

D’Heilpedagogie riicht sech theoreetesch a praktesch un all Persoun, déi an hirer Entwécklung beanträchtegt ass. Et ka sech dobäi besonnesch ëm Leit mat engem Defizit, engem Handicap, mat Entwécklungsretarden oder Schwieregkeete bei der sozialer Upassung handelen.

Dolmetscher an der Gebäerdesprooch

Dolmetscher an der Gebäerdesprooch iwwersetze fir héiergeschiedegt Persoune geschwate Sprooch a Gebäerdesprooch a fir Leit, déi héieren, d’Gebäerdesprooch a geschwate Sprooch. Zu Lëtzebuerg iwwersetzen d’Dolmetscher an der Gebäerdesprooch aus dem Lëtzebuergeschen, Däitschen oder Franséischen an déi däitsch Gebäerdesprooch (Deutsche Gebärdensprache – DGS) an ëmgedréint.

Aktualiséiert