Sproochlech Integratioun 1&2 (IL)
D‘Programmer IL1 an IL2, déi vum Service de la formation des adultes assuréiert ginn, adresséieren sech u Leit, déi nei sinn zu Lëtzebuerg an d’Landessproochen net beherrschen, an u Persounen, déi internationale Schutz ugefrot hu resp. zouerkannt kruten an déi beim Programm „Parcours d’intégration accompagné (PIA)“ matmaachen.
Modalitéiten fir sech anzeschreiwen - Sproochlech Integratioun (IL) 1 & 2
Déi Leit, déi interesséiert si, kënnen sech wärend de Permanence vum SFA aschreiwen (ënnen : Permanencen: Aschreiwungen fir d’sproochlech Integratiounscoursen)
Sproochlech Integratioun 1 (IL1)
Den Dispositif IL1 ass eng kuerz Formatioun iwwer d’sproochlech Situatioun zu Lëtzebuerg an iwwer de Schoul- an Ausbildungssystem, verbonne mat enger Aféierung an d’Lëtzebuerger Sprooch.
Wärend enger kollektiver an individueller Berodung gëtt e Portfolio mat engem Bilan vun de sproochleche Kompetenzen, dem schouleschen an dem beruffleche Parcours opgestallt.
Sproochlech Integratioun 2 (IL2)
No der Berodungssitzung ginn, jee no Besoin, 120 Stonne fir d’Aféierung an d’laténgescht Alphabet oder fir Franséisch als Friemsprooch an der Stad, zu Esch/Uelzecht, Ettelbréck / Warken, Zolwer, Bieles an Dikrech ugebueden.
D’Coursë sinn all Dag, daueren allkéiers 2 Stonnen a ginn un de Progrès vun de jeeweilegen Apprenantë adaptéiert.
E-Mail: sfa@men.lu oder orientations@men.lu / Tél. : 247-75216
Permanencen: Aschreiwungen fir d’sproochlech Integratiounscoursen
- Stad (Kierchbierg) : Donneschdes a Freides vun 9h00 bis 11h00 a vun 14h00 bis 16h00
Service de la formation des adultes
15, rue Léon Hengen
L-1745 Luxembourg