CAI – Opnam- an Integratiounskontrakt

Den Opnam- an Integratiounskontrakt (Contrat d'accueil et d'intégration – CAI) ass en Dispositif vum  OLAI - Office luxembourgeois de l'accueil et de l'intégration, deen d’Integratioun zu Lëtzebuerg soll méi einfach maachen. Den CAI gëtt all Auslänner proposéiert, deen op d’mannst 16 Joer huet, sech legal zu Lëtzebuerg ophält a gär op Dauer hei wëll bleiwen. En ass fakultativ an adresséiert sech esouwuel un aner EU-Bierger wéi u Bierger aus drëtte Länner, un déi, déi nei sinn zu Lëtzebuerg, an déi, déi schonn zënter Joren am Land liewen.

Den CAI bitt dës Leeschtungen:

1. Mat de Sproochecoursë soll op d’mannst den Niveau A.1.1 vum europäesche Referenzkader fir d’Sproochen an op d’mannst enger vun den dräi Sprooche vum Land erreecht ginn, also Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch. Wien de CAI ënnerschreift, ka sech zum reduzéierten Tarif an d’Sproochecoursen aschreiwen.

2. De staatsbiergerlechen Unterrecht thematiséiert d’Integratioun an d’Konditioune vum Zesummeliewen an engem pluralistesche Lëtzebuerg souwéi och d’Geschicht vu Lëtzebuerg, seng politesch Organisatioun, d’Sitten an d’Gebräicher. D’Coursë ginn zesumme vum OLAI an dem Service de la formation des adultes organiséiert.

Offre de cours

3. Den Orientéierungsdag gëtt zweemol d’Joer organiséiert, an Zesummenaarbecht mat ville verschiddene Partner. De Kandidat, deen den CAI ënnerschriwwen huet, soll sech mat den offiziellen Instanzen an den Organisatiounen zu Lëtzebuerg kënne familiariséieren, an dat an enger entspaanter Atmosphär.

Fir zousätzlech Renseignementer :

Département de l’intégration

Infoline 8002-6006
Email : cai@integration.etat.lu

Aktualiséiert