D’L4S-Atelieren erlaben et, direkt op professionell a perséinlech Erausfuerderungen anzegoen, duerch
- eng Ausbildungsoffer fir Erwuessener, op Mooss a flexibel;
- en Aféierungsgespréich, fir d’Besoine vum Kandidat ze bestëmmen;
- Sproochenatelieren (Franséisch, Däitsch, Englesch) an Atelieren an der Mathematik an de Wëssenschaften;
- d’Méiglechkeet, zu all Moment kënnen unzefänken;
- d’Méiglechkeet, de Stonneplang an d’Frequenz vun den Ateliere wärend dem Parcours ze adaptéieren.
Et kann ee sech wärend dem ganze Joer e Rendez-vous fir seng Aschreiwung huelen: l4s@men.lu / (+352) 621267554
D’Ateliere gi vum Service de la formation des adultes vu méindes bis donneschdes am SFA senge Raimlechkeeten ugebueden:
15, rue Léon Hengen
L-1745 Luxembourg-Kirchberg
Zanter der Rentrée 2018 u bitt de Service de la formation des adultes e LÉIERCAFÉ am Kader vu sengem e-Campus um Kierchbierg un.
Bicher, Exercicen an E-Learning-Programmer ginn zur Verfügung gestallt; d’Participantë gi vun Experten ënnerstëtzt a beroden.