Konscht an Handwierk
(Holzveraarbechtung, Broderie/Stécken, Keramikaarbechten, Couture/Bitzen, Kachen, Zeechnen/Molen, Geschicht vun der Musek, Konschtgeschicht, Steemetzaarbechten, Mecanique, Metallveraarbechtung, Önologie a Bar, Pâtisserie, Molerei, Fotografie, Bildhauerei, Schweessaarbechten, Tiffany)
Sproochen
(Arabesch, Bosnesch, Kroatesch, Serbesch,Chineesesch, Däitsch, ,Englesch, Franséisch, Griichesch, Hollännesch, Italieenesch, Japanesch, Latäin, Lëtzebuergesch, Polnesch, Portugisesch, Russesch, Schweedesch, Spuenesch)
Lëtzebuergesch online léieren
Den Europarot huet 2001 e Referenzkader agefouert an en 2017 adaptéiert, fir den Niveau vun de Sproochecoursë kënne festzestellen, d’Schulungsprogrammer kënnen ze definéieren an d’Sproochekenntnisser vun den Apprenantë kënnen ze evaluéieren.
Cadre européen commun de référence pour les langues – CECR (Gemeinsamen europäesche Referenzkader fir d’Sproochen - GER)
CECR – Langues (GER – Sproochen)
Zënter enger Rei vu Jore benotzen de Service de la formation des adultes a seng Prestatairen de GER fir hir Sproochecoursen.
www.coe.int/fr/web/common-european-framework-reference-languages
Wëssenschaften, Economie an Ëmwelt
(Comptabilitéit, Droit, Economie, Steierwiesen, Geschicht)
Sozialpädagogik a Wuelbefannen
(Danz, Kierpersprooch, Educatioun, Family Learning, Meditatioun, Gesondheet, T’ai chch’uan, Yoga)
Technologies d'information et de communication (TIC)
(Datebanken, Bureautique, Online-Zesummenaarbecht, Technescht Zeechnen, Internetführerschäin, Multimedia, Präsentatiounen, Programméieren, Webpublishing, Tabellekalkulatioun, Textveraarbechtung, Bildveraarbechtung, Windows)
Am digitalen Zäitalter ass et wichteg, datt d’Bierger alleguer digital Grondkenntnisser hunn. D’Formatioun INTERNETFÜHRERSCHÄIN vermëttelt déi néideg Kenntnisser a Kompetenzen, fir d’Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien op eng verantwortungsvoll Aart a Weis ze benotzen.
D’Formatioun ëmfaasst véier Kompetenzberäicher:
1. Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologië kenneléieren,
2. sech informéieren,
3. kommunizéieren,
4. schafen.
Déi fortgeschratte Coursen orientéieren sech um ECDL (European Computer Driving Licence)
Internet: www.lllc.lu
E-Mail: formation@lllc.lu