Nieft den ëffentleche Grondschoule ginn et privat Grondschoulen, déi deen nämmlechte Schoulprogramm hunn ewéi déi ëffentlech Schoulen, vum Staat subventionéiert privat Grondschoulen, déi en anere Schoulprogramm hunn, a Privatschoulen, déi op enger privater Initiativ baséieren a keng Subventioune kréien.
Ëffentlech Grondschoulen
Lëtzebuerg huet 157 ëffentlech Grondschoulen, déi iwwer déi 102 Gemenge vum Land verdeelt sinn.
Vun deenen ëffentleche Grondschoule bidde vereenzelter alternativ pedagogesch Konzepter un.
Dat sinn:
- Eis Schoul, inklusiv Schoul, um Stater Kierchbierg,
- Ganzdaagsschoul Jean-Jaurès, zu Esch-Uelzecht
- Villa Mirabella, Ganzdagsschoul, zu Woltz.
4 international ëffentlech Schoulen funktionéieren nom System vun den Europaschoulen, wat de Programm, d’Promotiounskriterien an de Stonneplang betrëfft. Si stinn jiddwer Schüler op, d’Aschreiwung kascht näischt. Ugebuede gëtt eng europäesch Grondschoulausbildung vu fënnef Joer an enger franséischsproocheger, engleschsproocheger an däitschssproocheger Sektioun. Eng Partie vun dëse Schoulen bitt och Spillschoulsklassen un. Duerno kënnen d’Schüler op e Lycée goen, deen zum europäesche BAC féiert (weider ënnen).
Dës Schoule sinn:
- d’École internationale Differdange et Esch-sur-Alzette (EIDE):
- d’École internationale de Junglinster (LLJ): franséisch, englesch an däitsch Sektiounen ab der Grondschoul, Accueil Klassen;
- d’École internationale Edward Steichen Clervaux (LESC): franséisch, englesch an däitsch Sektiounen ab der Spillschoul, Accueil Klassen;
- d’École internationale de Mondorf-les-Bains (EIMLB) franséisch an englesch Sektiounen ab der Grondschoul an däitschssproocheg Sektioun ab dem Secondaire;
De Lycée Michel Lucius bitt engleschsproocheg Klasse fir d’Grondschoul un.
Privat an international Schoulen
Déi privat Schoul Notre-Dame (Sainte-Sophie) bitt Klassen u mam selwechte Programm wéi déi ëffentlech Schoulen zu Lëtzebuerg, awer och Klassen – vun 2–4 Joer bis CM2–, déi den offizielle franséische Programm enseignéieren.
Déi privat Grondschoulen hei ënnendrënner fueren net nom offizielle Lëtzebuerger Programm, ginn awer staatlech subventionéiert:
- École Charlemagne
- Vauban, École et Lycée français de Luxembourg
- École Maria Montessori
- Fräi-ëffentlech Waldorfschoul Lëtzebuerg
- International School of Luxembourg (ISL)
- Over The Rainbow
- St. George’s International School Luxembourg
- École Montessori Schule, Habscht
- Scuola Materna Cattolica Internazionale (Italieenesch, Englesch, Franséisch)
Des Weidere ginn et nach d’Spill- a Primärschoule vun den zwou Europaschoulen zu Lëtzebuerg: d’École européenne de Luxembourg I um Kierchbierg an d’École européenne de Luxembourg II zu Mamer.