D’Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ op Tour

D’Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) versteet sech als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen.

D'Ausstellung geet 2023 an 2024 op Tour duerch d'Land. Dee leschten Termin fir 2023 ass dësen:

  • 27. November bis 3. Dezember 2023: Wuermer (Centre culturel)

Fir d’Joer 2024 stinn des Terminer um Programm:

  • 12. bis 27. Januar 2024: Déifferdeng (Aalt Stadhaus; 38, avenue Charlotte; L-4530 Differdange)
  • 15. bis 25. Mäerz 2024: Marnech (Nordstrooss Shopping Mile Marnach)
  • 6. bis 10. Mee 2024: ECG (École de commerce et de gestion ; 21, rue Marguerite de Brabant ; L-1254 Luxembourg-Hollerich)

Weider Datume kommen nach bäi. Interesséiert, fir d’Ausstellung och bei Iech ze weisen? Gemengen, Schoulen, Veräiner… kënne sech beim ZLS mellen (E-Mail: expo@lod.lu).

D’Visitt vun der Expo ass gratis.

Den Titel vun der Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen. D’Ausstellung befaasst sech ë. a. mat den Theemen: Méisproochegkeet, sproochlech Varietéiten, Geschicht, Sproochwandel, Lëtzebuergesch an der Literatur an an de Medien. Méi konkreet ginn an dräi Statioune follgend Aspekter ënner d’Lupp geholl:

  • Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg
  • Wat ass Lëtzebuergesch a wéi funktionéiert d’Sprooch hautdesdaags?
  • Wéi gëtt eng Sprooch gemaach?

D’Wanderausstellung besteet aus véier Modüllen, déi ee kann opklappen an déi eng Fläch vu ronn 120 m² an Usproch huelen. D’Texter si véiersproocheg – op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch –, esou datt Kenntnisser am Lëtzebuergesche keng Viraussetzung sinn, fir d’Ausstellung kënnen ze suivéieren.

D’Ausstellung war bis elo op folgende Plazen ze gesinn:

  • 12. bis 22. Juli 2023: Belle Étoile (Bertrange)
  • 5. bis 9. August 2023: Ëlwen (Troisvierges / Ulflingen)
  • 3. bis 9. September 2023: Miedernach
  • 29. September bis 4. Oktober 2023: Forum Geesseknäppchen (Lëtzebuerg-Stad)
  • 14. Oktober 2023: Naturmusée Lëtzebuerg
  • 19. bis 22. Oktober 2023: Arel (Belsch) am Palais
  • 10. bis 24. November 2023: Esch-Uelzecht (Centre hospitalier Emile Mayrisch)

 

Nieft audiovisuellen Exponater bitt d’Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ och partizipativ Elementer, bei deenen een zum Deel iwwer säi Smartphone ka matmaachen
©Patrick Flammang

 

 

Dernière mise à jour