Froen an Äntwerten: COVID-19-Mesuren an de Schoulen an an de Betreiungsstrukturen

Op dëser Säit fannt Dir déi heefegst Froen an Äntwerten zu de Mesuren am Bildungsberäich.

 

Allgemeng Froen

Mäi Kand huet Symptomer: Wat soll ech maachen?

Äert Kand muss doheembleiwen, wann et :

krank ass oder wann et déi heiten Symptomer huet: Entweeder eent vun deenen Haaptsymptomer: Féiwer, Houscht, Otemproblemer, Péng am Longeberäich, Verloscht vum Geschmaachs- a Gerochsënn ouni erkennbar Ursaach

ODER

minimum zwee vun deenen Niewesymptomer: Péng an de Muskelen; Middegkeet; Schnapp (Nues, déi verstoppt ass oder leeft); Halswéi; Kappwéi; keen Appetit; wässeregen Duerchfall.

Wann der en Zweiwel hutt, musst Dir Äert Kand doheem halen an Ären Dokter kontaktéieren.

Wou kann ech pedagogesch Rotschléi kréien an nëtzlech Informatioune fannen iwwer d’Krankheet COVID-19 am Beräich vun der Educatioun?

Dir kënnt Är Froe stellen iwwer de Formulaire vun der Helpline vum Educatiounsministère op www.schouldoheem.lu.

Op der Helpline 8002-9090 kritt een allgemeng Informatiounen iwwer d’Moossnamen am Bildungsberäich an souwéi pedagogesch Rotschléi. Se ass an der Woch ze erreeche vun 9 bis 12 Auer a vun 13 bis 16 Auer.

Dir kënnt och den Internetsite vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, www.men.lu,   consultéieren. 

Ausserdeem hutt Dir dʼMéiglechkeet, dʼAktualitéit op www.covid19.lu ze suivéieren. 

Wou kann ech online pedagogescht Material an Iddie fir Aktivitéite mat de Kanner fannen?

De Site www.schouldoheem.lu proposéiert de Schüler, den Elteren an den Enseignanten eng grouss Selektioun un didakteschem Material esou wéi och de gratissen Accès op Sitë mat qualitativem pedagogesche Contenu, fir esou d’Kontinuitéit vun den Apprentissagen ze garantéieren.  

De Beräich Kannerdoheem proposéiert e sëllegen Aktivitéiten an och spilleresch an ënnerhalsam Iddie fir Kanner tëscht 1 a 4 Joer an tëscht 4 an 12 Joer, déi een doheem oder mat Frënn ka realiséieren. Fir ze iwwerleeën, fir kreativ ze sinn, fir un anerer ze denken, fir a Beweegung ze bleiwen, ouni d’Frënn vum Bastelen ze vergiessen!

Op www.aktivdoheem.lu fannt Dir Rotschléi, fir fit ze ginn oder fir fit ze bleiwen. D’Aktivitéiten decke véier Kategorien of: Eltere mat Kanner, Jugendlecher, Senioren a kleng Kannergruppen.

De Site www.kannerzäit.lu sammelt Iddie fir Fräizäitaktivitéite mat der Famill, an der Natur, doheem, am Musée, am Theater etc. trotz den Anti-Covid-Restrictiounen.

U wie kann ech mech adresséieren, wann ech e psychologesche Rot oder eng psychologesch Betreiung brauch?

D’Helpline 8002-9393 bitt Kanner, Jugendlechen, Elteren a Famillen a Situatioune vu Stress, Konflikter oder Iwweraarbechtung psychologesch Hëllef un a lauschtert hinnen no. Si ass all Dag vun 8 bis 18 Auer ze erreechen. D’Helpline regruppéiert d’Servicer vum CePAS a vum ONE.

De Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires (CePAS) schenkt Schüler, Elteren an Enseignanten en oppent Ouer, gëtt hinne Rotschléi an offréiert eng Begleedung um Telefon. Consultatiounen op der Plaz si méiglech, awer just op Rendez-vous.

Den Office national de l’enfance (ONE) bitt Famillen Ënnerstëtzung, déi da vu privaten Träger, déi eng Konventioun mam ONE hunn, assuréiert gëtt.

Wéi gëtt déi sanitär Strategie am Bildungsberäich suivéiert a kontrolléiert?

En Dispositif „COVID-19 an Educatioun” këmmert sech ëm de Suivi vun der sanitärer Situatioun an ëm d´Decisiounen an deem Kontext. En organiséiert sech ronderëm d’Cellule de coordination vum Educatiounsministère, déi Donnéeën an den Etablissementer vun der Educatioun sammelt, an e Comité de pilotage, dee jee no Situatioun zousätzlech Moossname kann treffen. De Comité de pilotage besteet aus Experte vun der Inspection sanitaire, der Direction de la santé,  der Médecine scolaire, der Direction générale de l’enseignement fondamental, der Direction générale de l’enseignement secondaire an der Verantwortlecher vun der Cellule de coordination.

U wien kann ech mech riichten, wann ech Froen zum Thema Kanner a Jonker mat spezifeschen Besoinen oder mat enger Behënnerung hunn?

D’Sozialaarbechter vum „Service de la scolarisation des élèves à besoins spécifiques“ (S-EBS) stinn Iech mat Rot an Dot zur Säit.

Dir erreecht se iwwer d’Nummer 247-85180 oder per E-Mail: social.s-ebs@men.lu.

Wou kann ech Informatiounen iwwer d'Krankheet COVID-19 fannen?

Consultéiert dofir de Site www.covid19.lu. Dir kënnt och dʼHotline 247-65533 uruffen.

 

Droe vun der Mask (oder vun all anerem Schutz, deen d’Nues an de Mond bedeckt)

Muss mäi Kand e Mask an der Schoul droen?

D’Droe vun enger Mask (oder all anerem Schutz, deen d’Nues an de Mond bedeckt) ass fir Kanner ënner zwee Joer verbueden an net recommandéiert fir Kanner am Cycle 1 (resp. fir Kanner ënner 6 Joer am Allgemengen).

Vum Cycle 2 un (resp. am Allgemenge fir Kanner vu 6 Joer un) ass d’Droe vun enger Mask obligatoresch am Schoul- an am ëffentlechen Transport, bannent dem Schoulgebai a bei Deplacementer am Klassesall esouwéi am Schoulhaff. D’Droe vun enger Mask ass net néideg wärend dem Sportunterrecht.

Verschidde Schüler mat spezifesche Besoine si vun der Maskeflicht dispenséiert.

Kann een an de Bildungs- a Schoulstrukturen egal wéi eng Zort Mask (Buff, Foulard, asw.) unhunn?

Laut de Recommandatioune vun der Santé si Foularden, Buffen a Stoffmasken erlaabt. Se mussen d’Nues an de Mond bedecken.

De Ministère verdeelt reegelméisseg ënnerschiddlech Zorte vu Masken (Buffen, chirurgesch Masken an FFP2-Masken) un d’Schoulen.

Muss mäi Kand an den ëffentlechen Transporter e Mask droen?

D’Kanner, déi méi al si wéi 6 Joer an déi Jonk mussen an den ëffentlechen a schouleschen Transporter e Mask droen.

 

Testing

Wéi gëtt den Testing am Beräich vun der Educatioun organiséiert?

Eng Large-Scale-Testing-Campagne, déi sech u Kanner a Jonker am Alter vu 4 bis 19 Joer, un d’Léierpersonal an un déi aner Professionell aus dem Educatiounsberäich riicht, ass den Ament amgaang, fir d’Reprise vum Unterrecht no der Ouschtervakanz an aller Sécherheet ze garantéieren.

Déi concernéiert Persounen, déi keng Invitatioun kruten, kënnen de Ministère nach ëmmer kontaktéieren, andeem se eng E-Mail un testing@men.lu mat hirer Matricule schécken.

Vun der Woch vum 19. Abrëll u ginn d’Schnell-Selbsttester an de Schoulen agefouert. Kuckt wgl. de Site www.edutesting.lu.

Gëtt mäi Kand reegelméisseg getest?

Vun der Woch vum 19. Abrëll 2021 un a bis d’Summervakanz, de 15. Juli 2021, stinn de Schoule Schnell-Selbsttester zur Verfügung, fir datt all Schüler an all Member vum Personal sech eemol d’Woch teste kann. Kuckt wgl. de Site www.edutesting.lu.

Äert Kand kritt weiderhin Invitatiounen, fir sech am Kader vum Large-Scale-Testing (PCR-Test) testen ze loossen.

Et kann och getest ginn, wa seng Klass oder seng Schoul vun engem oder méi positive Fäll betraff ass (PCR-Test).

D’Selbsttester ersetzen net déi aner Tester, mee se ergänzen se.

 

Wéini intervenéieren déi mobil Testekippen an enger Schoul?

Wann nëmmen een eenzege positive Fall an enger Klass optrëtt, gëtt d’Klass ofgeschiermt an d’Schüler an d’Enseignantë sinn dozou agelueden, sech testen ze loossen. Kuckt uewendriwwer bei der Fro „Wat geschitt bei engem eenzege positive Fall an enger Klass no enger Ustiechung baussent der Schoul? (Zenario1)“.

Dëse Fall kann den Ulass dofir sinn, datt eng mobil Testekipp an d’Schoul kënnt an d’Schüler vun der concernéierter Klass, fréistens 6 Deeg nom leschte Kontakt mam positive Fall, test. Dës Interventioun an der Schoul geschitt net automatesch: Se hänkt vun den Disponibilitéite vun de mobillen Testekippen of. Doriwwer gitt Dir vum Titulaire/Regent vun der Klass informéiert.

Esouguer wann den Testing an der Schoul organiséiert gëtt, behaalt Dir weiderhin d’Méiglechkeet, fir Äert Kand an engem Laboratoire testen ze loossen: An dësem Fall gëtt den Titulaire/Regent Ärem Kand d’Ordonnance fir den Test mat.

Déi mobil Testekippe kënnen och an den Asaz kommen, fir all d’Schüler vun de Schoulen, déi am meeschte vum COVID-19 betraff sinn, ze testen.

Wann Dir domat averstane sidd, datt Äert Kand an der Schoul getest gëtt, gitt Dir opgefuerdert, eng allgemeng Averständniserklärung (attestation generale de consentement) ze ënnerschreiwen. An dësem Fall kritt Dir d’Ordonnance fir den Test net, mee se gëtt direkt un de Staatslaboratoire (LNS) weidergeleet, deen zesumme mam Ministère fir déi mobil Testekippen verantwortlech ass.

 

Sanitäre Stufeplang an den Accueilstrukturen

Wéi eng Schutzmoossname ginn an de Crèchen a Mini-Crèchë ëmgesat ?

D’Schutzmoossname fir d’Kanner

D’Hännwäsche bleift dee wichtegste Schutzgest. D’Personal sensibiliséiert d’Kanner jee no Alter a weist hinnen déi richteg Gesten.

D’Droe vun enger Mask, engem Bandana (Buff) oder engem Schal fir Kanner ënner zwee Joer ass streng verbueden (Erstéckungsgefor). Bei Kanner déi manner wéi 6 Joer hunn an déi esou e Mond-Nues-Schutz schlecht verdroen, gëtt dovun ofgeroden. E kann den Infektiounsrisiko erhéijen, well e Kand reegelméisseg seng Mask a säi Gesiicht mat sengen Hänn beréiert. Extra Consignë (wéi eng Spezialmask unhunn) kënne fir besonnesch ufälleg Kanner gëllen, jee no Uweisung vun hirem Dokter.

D’Aktivitéite fannen esouwäit ewéi méiglech dobausse statt.


Spillsaachen, déi net gebotzt kënne ginn, solle wa méiglech ewechgeluecht ginn.

D’Schutzmoossname fir d’Personal

D’Membere vum Personal sollen, esouwäit ewéi méiglech, eng Distanz vun op d’mannst zwee Meter ënnereneen anhalen. D’Droe vun der Mask ass staark recommandéiert. Dës sollt am beschte Fall transparent sinn: Et ass nämlech wichteg, datt d’Kanner d’Gesiichtsausdréck gesinn. D’Visièrë sinn allerdéngs net erlaabt.


Déi kierperlech Kontakter mat de Puppelcher gi selbstverständlech bäibehalen. Bei de méi ale Kanner, bleift de Kierperkontakt méiglech an och néideg (fir e Kand ze tréischten, fir him ze hëllefen, sech unzedoen, asw.). Den Erwuessene passt drop op, sech d’Hänn ze wäschen an eventuell och d’Gesiicht an dat vum Kand no esou engem physesche Kontakt.

D´Raimlechkeete gi grëndlech gebotzt a reegelméisseg gelëft.


Et gëtt drop opgepasst, datt esou wäit ewéi méiglech ëmmer déi selwecht Kanner an deem selwechte Grupp sinn.


Dës Moossname gëlle fir sämtlech Crèchen a Mini-Crèchen, privater wéi konventionéierter.

Mat wéi enge Moossname gëtt d’Gesondheet vun de Kanner a vum Personal an de Betreiungsstrukture fir scolariséiert Kanner geschützt?

D’Aktivitéite ginn a feste Gruppen organiséiert. D´Gréisst vun engem Grupp ass op 10 Kanner limitéiert.

D’Aktivitéite sollen esou vill ewéi méiglech dobausse sinn. Aktivitéite mat Kontakt ginn evitéiert.

Bei de Moolzechte kënne maximal 4 Leit beieneen um selwechten Dësch sëtzen.

Et gëtt dovun ofgeroden, de Kanner vum Cycle 1 eng Mask unzedoen.Se ass obligatoresch fir Kanner vum Cycle 2 un a fir Erwuessener.

D’Kanner an déi Jonk gi sensibiliséiert fir d’Hygièngesreegelen, déi gëllen (sech d’Hänn wäschen, sech begréissen, ouni sech ze beréieren, asw.).

D´Raimlechkeete gi grëndlech gebotzt a reegelméisseg gelëft.

Wa mengem Kand seng Klass ofgeschiermt ass, well ee vu senge Schoulkomerode positiv op de COVID-19 getest gouf, däerf et dann awer an d’Maison relais goen?

Wann eng Klass aus dem Schoulgebai ofgeschiermt ass, gëtt recommandéiert, datt dʼSchüler aus där Klass ausserhalb vun de Schoulzäiten net an dʼMaison relais ginn.

Hunn d’Elteren awer keng Méiglechkeet, d’Kand doheem ze halen, dann ass d’Betreiungsstruktur gehalen, d’Kand unzehuelen an et esou wäit ewéi méiglech ofzeschiermen.  

Kuckt och hei drënner dʼFro: „Wat geschitt  bei engem eenzege positive Fall an enger Klass no enger Ustiechung baussent der Schoul? (Zenario 1)“

Mäi Kand ass nach net scolariséiert a geet an eng Betreiungsstruktur. Do hat et Kontakt mat enger positiver Persoun. Wat geschitt elo?

Wann Äert Kand en enken an direkte Kontakt (wärend 15 Minutten a méi, mat manner wéi 2 Meter Ofstand an ouni Mask) mat enger Persoun hat, déi positiv op COVID-19 getest ginn ass, gëtt et a Quarantän gesat.

D‘Kand kann also net méi an d’Accueilstruktur goen, bis dat negatiivt Testresultat virläit. Den Test gëtt fréistens 6 Deeg nom leschte Kontakt mat der positiver Persoun duerchgefouert.

D’Ordonnance fir den Test gëtt kritt Dir vun der Santé geschéckt.

Sanitäre Stufeplang an der Grondschoul an am Secondaire

Wéi eng Schutzmoossname ginn an de Schoulen ëmgesat ?

Fir d’Ustiechungsgefor an de Schoulen esou niddereg ewéi méiglech ze halen, ginn déi néideg sanitär Mesuren applizéiert:

Am Klassesall:

  • Maskeflicht fir all Erwuessener a fir d’Kanner vum Cycle 2 un,
  • d’Beweegungsfräiheet vun de Schüler ass ageschränkt;
  • all Schüler huet eng fix Plaz;
  • reegelméissegt Lëften am Respekt vun der Sécherheet vun de Schüler,
  • Kuelestoffdioxid-Detekteren (CO2-Detekteren) gi bereetgestallt, fir d’Loftqualitéit ze miessen;
  • d’Uewerfläche gi reegelméisseg gebotzt;
  • d’Hännwäsche gëtt intensivéiert (d'Hänn gi virun de Schoulstonnen gewäsch, no all Paus, nodeems een op d´Toilette war, vir an no de Moolzechten);
  • d’Hygiènesreegele gëllen (an den Ielebou houschten an néitsen, sech net beréieren (sech begréissen, ouni sech ze beréieren, asw.).

 

Um Schoulcampus:

  • Maskeflicht fir all Erwuessener a fir d’Kanner vum Cycle 2 un,
  • d’Pause sinn decaléiert;
  • déi sanitär Espacë gi reegelméisseg gebotzt;
  • baussent der Klass ginn d’Kontakter reduzéiert,
  • berufflech Reunioune mat méi wéi véier Leit gi per Videokonferenz gehalen,
  • fir Gespréicher mat Eltere vu Schüler ginn individuell Rendez-vouse gemaach,
  • d’Zirkuléieren um Campus gëtt gereegelt.

 

Zeréck an d’Schoul no enger Quarantän:


Fir no enger Quarantän zeréck an d’Klass kënnen ze goen, muss de Schüler oder den Enseignant en negativen Test virleeën, dee fréistens um 6. Dag nom leschte Kontakt mat der infizéierter Persoun gemaach gouf. Wann déi betraffe Persoun refuséiert, sech testen ze loossen, da gëtt d’Quarantän ëm 7 Deeg verlängert.

Fannen d’Turn- a Schwammstonne statt?

D’ Turnstonnen ginn, ënner Schutzmoossnamen, ugebueden:

  • d’Aktivitéiten am Fräie gi privilegéiert,
  • Individualsportaarte si virzezéien,
  • bei Gruppesportaarten: Ekippe vu maximal 4 Schüler,
  • um Wee, an de Vestiären a bis datt d’Aktivitéit ugeet mussen all déi ab dem Cycle 2 e Mask droen,
  • d’Hänn musse virun an no de Coursë gewäsch ginn.

Wärend der sportlecher Aktivitéit ass et net néideg Masken ze droen.

Wéinst de Reegelen, déi vun elo un an de Schwämme gëllen, kënne verschidde Schwammcoursen net stattfannen. Se ginn an deem Fall duerch Sportunterrecht (éducation physique) oder aner Aktivitéiten am Fräien ersat.

Sinn d´Schoulkantinnen op?

An de Schoulkantinne gëlle follgend Schutzmoossnamen :

  • D´Maske ginn um Wee ugedoen, bis een op senger Plaz sëtzt,
  • maximal 4 Leit pro Dësch,
  • d’Hänn gi virun an no der Moolzecht gewäsch,
  • Buffeten am Selfservice si verbueden.

Am Enseignement secondaire gi weiderhi „Frupstuten“ (Lunchbox mat waarmer Moolzecht) ugebueden: D’Schüler kënnen hir „Frupstut“ oder en anere Snack a Klassesäll iessen, déi extra dofir virgesi sinn, wa se net zu méi ewéi 10 Persounen am Sall sinn.

Sinn ausserschoulesch Aktivitéiten a Stagen erlaabt?

D’pedagogesch Dagesausflich sinn erlaabt op Klassenniveau am Land. D’Droe vun enger Mask ass weiderhin obligatoresch. Et gëllt d’Sanitärkonzept vum Prestataire.

D’Stagë vun de Schüler am Enseignement secondaire classique a général kënnen nëmme mam Accord vum betraffene Betrib stattfannen.

Ginn d’Epreuves communes am Cycle 4.2 vun der Grondschoul ofgehalen?

D’Epreuves communes ginn, wéi virgesinn, tëschent dem 11. an dem 25. Mäerz 2021 ofgehalen. Wann den Unterrecht Mëtt Mäerz erëm op Distanz sollt stattfannen, da gëtt d’Decisioun iwwer d’Orientéierung vun de Schüler no der Grondschoul ouni d’Epreuves communes geholl, esou wéi et och 2020 de Fall war. Kuckt Iech hei d’Orientéierungsprozedur un.

 

 

Wéi fonctionéiert den Unterrecht am Wiesselrhythmus, dee fir d’Klasse vun der Beruffsausbildung décidéiert gouf?

D’Klasse vun der Formation du technicien (mat Ausnam vun den Ofschlossklassen) an d’Klassen am éischten an zweete Joer vum DAP am Vollzäitsystem funktionéieren am Wiesselrhythmus (esou ewéi uewe beschriwwe bei der Fro „Wéi gëtt de Wiesselrhythmus vum Unterrecht organiséiert, dee fir déi iewescht Klassen am Enseignement secondaire decidéiert gouf?“).

D’Coursë ginn esou logesch ewéi méiglech opgedeelt op Presenzunterrecht an Unterrecht op Distanz: d’Coursen am Atelier, am Laboratoire an d’Ausbildungscoursen am duale System (régime concomitant) gi prioritär am Presentiel gehalen; déi theoreetesch Coursen an d’Ausbildungscoursen am Vollzäitsystem gi prioritär op Distanz gehalen.

D’Léierbouwen a Léiermeedercher aus engem net-confinéierte Secteur ginn an hiren Ausbildungsbetrib.

Wat d’Stagen am Kader vu verschiddene Beruffsausbildungen am Vollzäitsystem ubelaangt, evaluéiert de Service de la formation professionnelle vum Ministère zesumme mam Office des stages vun all Lycée a mat de Chambre-professionnellen, ob se realisabel sinn oder net.  

Dir gitt vun der Lycéesdirektioun informéiert, ob Äre Stage bäibehalen oder verluecht gëtt.

Wat geschitt mat Enseignanten a mat Schüler, déi vulnerabel sinn?

Ären Dokter muss e Certificat ausstellen, op deem vermierkt ass, datt Äert Kand vulnerabel ass.
D’Léierpersonal stellt dat néidegt Material fir den Unterrecht op Distanz zur Verfügung; donieft fënnt een och didaktescht Material op www.schouldoheem.lu

D’Enseignantë kréie vun hirem Dokter e Certificat de vulnérabilité ausgestallt, dee vum Aarbechtsdokter validéiert gëtt. Si halen hir Coursen ënner de Modalitéiten, déi mat hirem Direkter oder mam Direkter vun der Regioun zeréckbehale goufen.

Wéi gëtt de Wiesselrhythmus vum Unterrecht organiséiert, dee fir déi iewescht Klasse am Enseignement secondaire decidéiert gouf?

Fir d'Zuel vun de Schüler, déi zur selwechter Zäit am Lycée sinn, ze reduzéieren, funktionéieren déi iewescht Klassen am Wiesselrhythmus, bei deem de Presenzunterrecht mam Unterrecht op Distanz ofwiesselt.

D´Klassen, déi betraff sinn

  • 4e, 3e an 2e vum Enseignement secondaire classique,
  • 4e, 3e an 2e vum Enseignement secondaire général,
  • Déi follgend Klassen an der Formation professionnelle: 4TP, 3TP, 2TP, DP1 an DP2

Wiesselrhythmus

D'Lycéeë wielen hire Modell fir de Wiesselrhythmus:

  • Opdeelung tëschent A-Gruppen a B-Gruppen;
  • oder e Wiesselrhythmus fir déi ganz Klass tëschent Presenzunterrecht an Unterrecht op Distanz.

De Wiesselrhythmus kann op wéchentlecher oder op deeglecher Basis gemaach ginn.

Bäibehale vum aktuelle Wochen-Horaire

De Stonneplang vun de Coursë gëtt bäibehalen, et gëtt näischt vum Programm gestrach, d’Progressioun vum Apprentissage leeft normal virun. D’Schüler si verflicht, souwuel um Presenzunterrecht wéi och um Unterrecht op Distanz deelzehuelen.

Enseignement à distance

D’Enseignantë kënnen entscheeden, hire Cours live via d’Plattform MS Teams ze halen (Streaming). Si kënnen op all aner Moyen zeréckgräifen, dee fir si am adequaatsten ass (gefilmte Coursen, PowerPoint-Presentatiounen, asw.). Duerch d’Funktioune vun MS Teams hunn d’Schüler, déi de Cours vun doheem aus suivéieren, zu all Moment d’Méiglechkeet, mam Enseignant a mat hire Matschüler ze interagéieren.

E Guide pédagogique iwwert den Enseignement à distance, Roadmap #digital_léieren, dee fir d’Schüler an Enseignantë geduecht ass, gëtt Rotschléi fir en effikassen Unterrecht op Distanz.

Evaluatioun a Semesteren

Fir d’Organisatioun vun de Prüfungen an de beschtméigleche Konditiounen ze erméiglechen, gëtt d’Schouljoer an deenen ieweschte Klassen (mat Ausnam vun den Ofschlossklassen) geneesou ewéi an alle Klassen am Enseignement secondaire vun elo un an zwee Semesteren agedeelt. Kuckt dozou d’Fro hei ënnendrënner.

Firwat gëtt d’Schouljoer am Enseignement secondaire a Semesteren agedeelt?

Fir d’Organisatioun vun den Epreuve-certificativen an de beschtméigleche Konditiounen ze erméiglechen, gëtt d’Schouljoer fir all d’Klassen am Enseignement secondaire (mat Ausnam vun den Ofschlossklassen) vun elo un an zwee Semesteren opgedeelt:     

  • vum 15. September 2020 bis den 12. Februar 2021,    
  • vum 22. Februar 2021 bis de 15. Juli 2021. 

All Semester ginn op d’mannst esou vill Prüfunge gemaach wéi der ursprünglech fir een Trimester virgesi waren.  Fir et de Schüler vun den Ofschlossklassen ze erlaben, sech beschtméiglech op d’Ofschlossexame virzebereeden, bleiwen d’Ofschlossklassen am Modus vum Presenzunterrecht.

Wat geschitt bei engem eenzege positive Fall an enger Klass no enger Ustiechung baussent der Schoul? (Zenario 1)

Déi positiv Persoun gëtt doheem isoléiert.

Déi concernéiert Klass gëtt vun den anere Klassen ofgeschiermt. Si gëtt net a Quarantän gesat.

Fir dʼSchüler, déi méi al si wéi 6 Joer, a fir dʼEnseignanten ass et obligatoresch, eng Mask ze droen an zwar wärend de sechs Deeg nom leschte Kontakt mat der positiv getester Persoun an och an der Phas, an där se getest ginn.

D’Schüler si vum Sports- oder Schwammcours fräigestallt. D‘Klass geet net an de Schoulhaff, esoulaang ewéi aner Klassen do sinn.

Et gëtt recommandéiert, datt d’Schüler aus der Grondschoul doheem zu Mëtteg iessen. Am Lycée iessen déi betraffe Schüler an hirem Klassesall (et besteet d’Méiglechkeet, Frupstuten ze bestellen).

DʼSchüler, déi keng aner Méiglechkeet hunn, fir an d’Schoul ze kommen, kënne weider de Schülertransport benotzen, musse sech awer un dʼMaskeflicht halen.

Et gëtt de concernéierte Schüler an Enseignanten och geroden, hir sozial Kontakter baussent der Schoul ze reduzéieren, esou laang d’Klass ofgeschiermt gëtt.

D’Ofschiermen ass automatesch den aachten Dag nom leschte Kontakt mat der positiv getester Persoun eriwwer.

Dir hutt Urecht op en aussergewéinleche Congé pour raisons familiales am Kontext vum COVID-19, fir op Äert Kand baussent de Schoulstonnen opzepassen.

 

Testing

D’Persounen, déi an der Schoul mat där Persoun, déi positiv getest gouf, a Kontakt waren, ginn identifizéiert (Contacttracing) an invitéiert, sech fréistens 6 Deeg nom leschte Kontakt mam positive Fall testen ze loossen.

Den Test kann an engem Laboratoire oder duerch eng mobil Testekipp an der Schoul gemaach ginn. Dir gitt vum Titulaire/Regent informéiert, wann d‘Klass vun Ärem Kand an der Schoul getest gëtt.

Och wann den Testing an der Schoul organiséiert gëtt, behaalt Dir de Choix, Äert Kand an engem Laboratoire testen ze loossen: Den Titulaire/Regent gëtt Ärem Kand an deem Fall eng Ordonnance fir den Test. Wann Dir domat averstane sidd, datt Äert Kand an der Schoul getest gëtt, da gitt Der gebieden eng Averständniserklärung (attestation de consentement) ze ënnerschreiwen. An deem Fall kritt Dir d‘Ordonnance fir den Text net zougestallt, mee se gëtt dann direkt un de Staatslaboratoire (LNS) geschéckt, deen zesumme mam Ministère fir déi mobil Testekippen zoustänneg ass.

 

Wat geschitt, wann e puer positiv Fäll an enger Klass vun enger Schoul sinn?

Déi positiv Persoune ginn doheem isoléiert.
D’Persounen, déi an der Schoul mat deene Persounen, déi positiv getest gouf, a Kontakt waren, ginn identifizéiert (contact tracing).
D’Klass gëtt a Quarantän gesat, bis en negatiivt Testresultat virläit.
D’Enseignanten, déi d’Geste-barrièrë respektéiert hunn, ginn net a Quarantän gesat.
 

Wat geschitt, wann eng Infektiounschaîne an der Schoul vu mengem Kand ass?

Wann e puer Persounen aus enger Schoul ugestach goufen, kënnen op Propositioun vum Comité de pilotage “COVID-19 an Educatioun” (Experte vum Ministère de la Santé a vum Educatiounsministère) zousätzlech Moossnamen ergraff ginn. Dës Mesurë kënne verschiddenaarteg sinn a gi jee no Situatioun vum Ministère de la Santé oder dem Educatiounsministère geholl.

Et handelt sech ëm:
- den Testing vun engem groussen Deel oder der ganzer Schoulgemeinschaft;
- dat obligatorescht Droe vun engem Mask am Klassesall;
- d´Quarantän fir méi Klassen oder och déi ganz Schoulgemeinschaft;
- d’Ofsoe vu verschiddenen Aktivitéiten (Ausflich, asw.);
- en temporären Enseignement à distance fir verschidde Klassen oder fir all d’Klassen;
- d’Späre vu Raim, an deenen ee sech treffe kann (Kantinnen, Bibliothéiken, asw.)

Sanitäre Stufeplang am Museksunterrecht vun de Gemengen

Ginn d’Musekscoursen an de Gemenge gehalen?

D’Coursen an Aktivitéiten ewéi instrumental/vokal Ensembelen, Orchester, Chouer, Chorale, asw. falen aus.

Déi aner Coursen, Eenzelunterrecht an Unterrecht an der Klass, – dorënnner och d‘Danzcoursen –  fannen en Presentiel statt. Dobäi sinn déi strikt sanitär Moossnamen anzehalen.

Dës sinn am Detail nozeliesen an der Matdeelung un d’Museksschoule vun de Gemengen.

Sanitäre Stufeplang fir ausserschoulesch Aktivitéiten

Kënnen Aktivitéite fir Jonker gemaach ginn (Jugendhaiser, Jugendorganisatiounen asw.)?

Et ass staark recommandéiert, datt ausserschoulesch Aktivitéiten nëmmen dobaussen ofgehale ginn.

Aktivitéiten dobanne mat Mask a vu 6 Joer u bleiwen allerdéngs méiglech, wann se en Encadrement an eng Ënnerstëtzung fir Jonker duerstellen, déi Schwieregkeeten hunn, mat der aktueller Kris ze liewen. D’Zuel vu Jonken dobannen ass op e strikte Minimum ze limitéieren. Kuckt Iech hei d’Consignë fir de Jugendsecteur un.

Aktivitéite mat Iwwernuechtunge si bis op Weideres net erlaabt.

 

 

Sanitäre Stufeplang an der Erwuessenebildung

Kann ech weider a meng Coursen an der Erwuessenebildung goen?

D’Coursë vun der Erwuessenebildung fanne weiderhi statt, entweeder am Presentiel, op Distanz oder am Hybridmodus (blended learning). Dobäi ginn déi sanitär Schutzmoossname strikt agehalen. (Situatioun vum 12.02.2021)

D’Participantë ginn am Fall vun eventuellen Upassunge bei der Organisatioun vum Cours vum Prestataire vum Cours informéiert.

Wéi eng sanitär Mesurë mussen am Kader vun der Erwuessenebildung respektéiert ginn?

D’Dokument « nous protéger - vous protéger - me protéger » beschreift déi sanitär Mesuren, déi an der Erwuessenebildung applizéiert ginn.

Wéi kritt een Informatiounen a Rotschléi iwwer dʼErwuessenebildung?

Dir kënnt Kontakt ophuele mam „Service de la formation des adultes“ entweeder iwwer Telefon um 8002-4488 oder per E-Mail op sfa@men.lu.

Wann et néideg ass, kann och e Rendez-vous mat engem Conseiller an der Erwuessenebildung um Site Kierchbierg ausgemaach ginn

Vu Visitten ouni Rendez-vous gëtt ofgeroden.

 

 

Sanitäre Stufeplang am Fall vu positive Fäll an de Bildungs- a Schoulstrukturen

Wat geschitt bei engem positive Fall an enger Crèche oder enger Mini-Crèche?

D’Kand oder den Erwuessenen, dee positiv getest gouf, gëtt doheem isoléiert. D’Grupp vum positiv geteste Kand gëtt a Quarantän gesat.

Ginn d’Accueilstrukture fir scolariséiert Kanner am Fall vun enger Infektioun zougemaach?

Et kann decidéiert ginn, fir eng Accueilstruktur fir scolariséiert Kanner (Maison relais, Foyer scolaire) zouzemaachen am Fall vun:

·         enger Infektiounsketten an der Struktur selwer,

·         enger Infektiounsketten an der Schoul,

·         däitlech Hausse vu positive Fäll an der Schoulpopulatioun op nationalem Niveau.

Wat geschitt bei engem eenzege positive Fall an enger Klass no enger Ustiechung baussent der Schoul? (Zenario 1)

Déi positiv Persoun gëtt bei sech doheem isoléiert.

Déi betraffe Klass gëtt vun deenen anere Klassen ofgeschiermt. Am Prinzip gëtt se net a Quarantän gesat.

D‘Schüler si vum Sport- a Schwammunterrecht fräigestallt. D‘Klass geet net an de Schoulhaff, esoulaang ewéi aner Klassen do sinn.

Den Direkter vun der Santé recommandéiert, datt d‘Schüler aus dem Enseignement fondamental net an d‘Maison relais ginn an doheem zu Mëtteg iessen. Am Lycée iessen d‘Schüler an hirem Klassesall (et besteet d’Méiglechkeet, fir Frupstuten ze bestellen).

Déi Schüler, déi keng aner Méiglechkeet hunn, fir an d‘Schoul ze kommen, kënne weider de Schülertransport benotzen, musse sech awer un d’Maskeflicht halen.

Den Direkter vun der Santé recommandéiert, datt déi concernéiert Schüler an Enseignanten an där Zäit, an där se ofgeschiermt sinn, hir sozial Kontakter ausserhalb vun der Schoul aschränken.

Déi Leit, déi an der Schoul mat där positiver Persoun a Kontakt waren, ginn identifizéiert (Contacttracing) a loosse sech fréistens 6 Deeg nom leschte Kontakt mam positive Fall an der Schoul vun enger mobiller Testekipp testen.

D‘Ofschiermen ass automatesch den aachten Dag nom leschte Kontakt mat der positiver Persoun eriwwer.


Dir hutt Urecht op de Congé pour raisons familiales exceptionnel am Zesummenhang mam
COVID-19, fir Äert Kand kënnen ausserhalb vun der Schoulzäit ze betreien.

Däerf e Léierjong oder e Léiermeedchen, deem seng Klass wéinst engem isoléierte positive Fall ofgeschiermt gëtt, a säin Ausbildungsbetrib (Entreprise formatrice) goen?

Wann et zu engem isoléierte positive Fall an enger Klass kënnt, informéiert de Lycée den Ausbildungsbetrib.

Wann dʼEntreprise net ka garantéieren, datt de Léierjong oder dʼLéiermeedche stänneg eng Mask unhuet an och déi sozial Kontakter limitéiert ginn, da kritt dʼEntreprise geroden, de Schüler oder dʼSchülerin ze dispenséieren, esou laang wéi dʼKlass ofgeschiermt gëtt.

Wat geschitt, wann e puer positiv Fäll an enger Klass sinn? (Zenarioen 2 an 3)

Déi positiv Persoune gi bei sech doheem isoléiert.

D‘Klass gëtt a Quarantän gesat, bis en negatiivt Testresultat virläit.

Dir kritt eng Ordonnance mam recommandéierten Datum drop, op deem Dir Äert Kand sollt an engem Laboratoire teste loossen.

D‘Enseignanten, déi d‘Geste-barrièren agehalen hunn, ginn net a Quarantän gesat.

Wat geschitt, wann eng Infektiounsketten an der Schoul vu mengem Kand ass? (Zenario 4)

Wann sech méi Leit bannent enger Schoul ugestach hunn, kënnen zousätzlech Schutzmoossnamen ageféiert ginn, dëst op Propositioun vum Comité de pilotage „COVID-19 and Education“(Experte vum Gesondheetsministère an dem Educatiounsministère).

Zu dëse Schutzmoossname kënne gehéieren:

  • eng direkt Quarantän vun de Klasse scho beim éischte positive Fall,
  • eng präventiv Quarantän vun engem ganze Cycle oder engem ganze Schouljoergang,
  • d’Zoumaache vun der Schoul,
  • d’Net-Deelhuelen un ausserschouleschen Aktivitéiten
  • preventiivt Teste vun der ganzer Schoulgemeinschaft,
  • am Enseignement secondaire: Wiesselrythmus tëschent Presenzunterrecht an Unterrecht op Distanz fir all d‘Klassen ausser de Septièmen an de Premièren.
  • an de Maison-relaisen: fix Klassegruppen (d‘Schüler aus där selwechter Klass vermësche sech net mat de Schüler aus deenen anere Klassen an der Maison relais).
Wat geschitt, wann et op nationalem Niveau zu enger däitlecher Steigerung vu positive Fäll ënner de Schüler kënnt?

D’Regierung ka follgend Mesuren decidéieren:

1) Fir den Enseignement fondamental:

  • Presenzunterrecht nëmme moies an Unterrecht op Distanz (Homeschooling) mëttes
  • Organisatioun vun engem Accueil virun an nom Unterrecht bis 13:00 (ouni Mëttegiessen). D’Schoule bleiwe mëttes op fir Aktivitéiten zur Ënnerstëtzung vu Schüler, bei deenen de Risiko besteet, datt se d’Schoul kéinten ofbriechen.
  • Opmaache vun Depannagestrukture fir d’Frontliners
  • Zoumaache vun de Maison-relaisen a Foyer-scolairen.

2) Fir den Enseignement secondaire:

  • Unterrecht am Wiesselrhythmus mat A-Wochen a B-Woche fir all d’Klasse mat Ausnam vun de Septièmen an de Premièren
  • Presenzunterrecht nëmme moies an Unterrecht op Distanz (Homeschooling) mëttes (Septièmen a Premièren abegraff). D’Lycéeë bleiwe mëttes op fir Aktivitéiten zur Ënnerstëtzung vu Schüler, bei deenen de Risiko besteet, dass se d’Schoul kéinten ofbriechen.
  • Zoumaache vun de Schoulkantinnen

3) Ausfall vun den ausserschouleschen Aktivitéiten am Presentiel

4) Annulatioun vun den ausserschoulesche sportlechen Aktivitéiten

5) Unterrecht op Distanz op nationalem Niveau wärend de Woche virun oder no de Schoulvakanzen, wann d’Situatioun et verlaangt.

Wat geschitt, wann et e positive Fall an engem Cours vun der Erwuessenebildung gëtt?

Wann Dir e Cours an der Erwuessenebildung maacht an Dir positiv getest gi sidd, da musst Dir de Prestataire, deen de Cours ubitt, doriwwer informéieren.

Message un d’Prestatairë vun der Erwuessenebildung:

Wann een Apprenant oder een Enseignant aus Äre Coursen am Presentiel Iech informéiert, datt e positiv op de COVID-19 getest ginn ass, da musst Dir eng E-Mail u covid19@men.lu schécken. An dëser E-Mail gitt Dir den Numm, de betraffene Cours an deen Dag un, un deem déi positiv geteste Persoun fir d’lescht a Kontakt mat anere Persounen aus dem Cours war. D’Apprenanten am Cours gi vun der Santé informéiert, wann se sollen a Quarantän goen a kréien dann eng Ordonnance, fir den Test ze maachen.

Kann ee Premièresschüler aus dem Secondaire un den Ofschlossexamen deelhuelen, wann en an Isolatioun ass, nodeems e positif getest gouf?

Wann de Schüler maximal een Dag feelt, mécht en déi concernéiert Epreuven op der Journée de repêchage. D’Journée de repêchage fënnt Ufank Juni statt.

Wann de Schüler méi ewéi een Dag feelt, mécht en d’Epreuvë Mëtt September, wärend der Sessioun am Hierscht.

Kann ee Premièresschüler aus dem Secondaire un den Ofschlossexamen deelhuelen, wann en opgrond vun engem Kontakt mat enger positiv getester Persoun a Quarantän ass?

De Schüler, deen a Quarantän ass, ka bei der Inspection sanitaire eng Ufro maachen, fir datt seng Quarantän opgehuewe gëtt, fir kënnen u sengen Examen deelzehuelen.

Déi concernéiert Schüler schreiwen hir Examen an engem separate Raum, getrennt vun deenen anere Kandidaten.

D’Schüler an d’Surveillantë kréien eng FFP2-Mask.

D’Schüler däerfe weeder den ëffentlechen Transport huelen nach däerfe se Kontakt mat deenen anere Kandidaten hunn.

Aktualiséiert